Search

You may also like

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus
Neiegkeeten

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus

Den Andy Serkis, deen ënnert anerem dem Gollum aus „Herr

Homosexuell a Schwulefeindlech?
Neiegkeeten

Homosexuell a Schwulefeindlech?

Op der ganzer Welt – ausser natierlech an Ungarn, Polen,

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)
Neiegkeeten

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn

Passend zum Autofestival hat Youth for Climate Luxembourg eng Aktioun virun der Garage M. Losch zu Bouneweg ugekënnegt. Wien elo un eng grouss Demo denkt, dee läit falsch a ka souguer positiv iwwerrascht ginn: Véier Schüler vun der Beweegung, déi effizient a schnell Klimaschutz-Moossname fuerdert, hunn d’Visiteuren mat enger Sensibiliséierungscampagne dozou animéiert, d’Autoindustrie ze hannerfroen.

Wéi d’Sarah vu YFCL erkläert huet, goung et net dorëm potentiell Clienten dovunner ofzehalen ee Gefier ze kafen, respektiv si ze kritiséieren. Vill méi sollt ee sech bewosst ginn, dass d’Autoindustrie eng konkret Ëmstellung braucht, fir dass an Zukunft manner Emissiounen ausgestouss ginn an esou déi ambitionéiert Klimaziler erreecht kënne ginn.

Mat 7 Autoen pro 10 Awunner weist Lëtzebuerg nämlech eng vun den héchsten Autodichte weltwäit op. An och dëst Joer läit eist kleng Land beim Earth Overshoot Day op zweeter Plaz: Schonn um 15. Februar 2021 wäerte mir all eis Ressource vum ganze Joer opgebraucht hunn. Bedenklech wier et dann och, dass wärend der Pandemie zuelräich Evenementer mussen ofgesot ginn, den Autofestival awer landeswäit Clienten an d’Garage lackelt.

YFCL um Autofestival© Shari Pleimelding/moien.lu

Op Nofro, wisou ee sech grad dës Plaz erausgesicht hätt, sot d’Sarah: „Et war näischt Spezifesches géint Losch. Déi aner Garage si genau esou mat agebonnen.“ D’Schüler hunn ganz einfach no enger Garage gesicht, déi fir si einfach mam ëffentlechen Transport z’erreechen ass. Schliisslech soll ee jo och mat guddem Beispill vir goen.

Ma, konkret Léisunge konnten déi Véier net nennen. Generell misst d’Autoindustrie zum Ëmdenke bruecht ginn an och d’Politik sech dofir asetzen, dass d’Gefierer méi ëmweltfrëndlech produzéiert ginn. Fir si sinn E-Autoen e Schrëtt an eng gutt Richtung, awer nach laang net déi eenzeg richteg Äntwert, déi d’Welt op d’Klimkris braucht.

YFCL um Autofestival© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat der Garage M. Losch war dës Aktioun iwwregens net ofgemaach. Déi véier Schüler goufe gewäerde gelooss, sollte sech awer un déi sanitär Moossnamen halen. Fir de Manuel Kiefer, Direkter vu Losch48, wier dësen Optrëtt souguer immens respektabel. Sech op engem Weekend, Moies am Reen esou ze engagéieren, géif wuel net jiddwereen maachen an et wier gutt, dass jonk Schüler op d’Problematik hiweisen.

Natierlech war op dësem Punkt d’Fro berechtegt, ob a wéi Losch sech fir méi ëmweltfrëndlech Transportmëttelen asetze wëll. An dësem Kader huet de Manuel Kiefer op déi steigend Offer un Elektro-Gefierer higewisen. Fir hien ass besonnesch VW en ambitionéierten an innovativen Autoproduzent: Net nëmmen setzt sech déi däitsch Firma dofir an, dass hir Modeller ëmmer manner Emissiounen ausstoussen, och hir Produktioun gëtt esou ugepasst, dass se CO2-aarm gëtt.

Bis ewell si säitens YFCL keng weider Aktioune fir den Autofestival geplangt.

Related topics Äerderwiermung, Autofestival, CO²-Emissiounen, Direkter, Earth Overshoot Day, Klimaziler, Manuel Kiefer, Paräisser Klimaofkommes, Sensibiliséierungscampagne, VW, YFCL, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post