Search

You may also like

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet
Neiegkeeten

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong
Neiegkeeten

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Et war kee gudden Dag fir dem Donald Trump säi

money
Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Gutt Nouvelle soll een net zréckhalen, an esou eng huet

Bouneweg: YFCL-Aktioun géint d’Autoindustrie a seng Reklammen

Bouneweg: YFCL-Aktioun géint d’Autoindustrie a seng Reklammen

Laang Zäit huet een näischt méi vu Youth For Climate Lëtzebuerg (YFCL) héieren. Pünktlech zum Autofestival sinn déi Jugendlech nees zeréck mat enger Aktioun, déi sech géint déi onverständlech Kombinatioun vun „Mir musse klimaneutral ginn!“ an „Oh, een neien Auto wier net schlecht!“ riicht.

Fir dëse Samschdeg hunn déi jonk Aktiviste geplangt, sech virun der Garage M. Losch zu Bouneweg ze treffen, fir op dat grousst Onverständnis opmierksam ze maachen. Schliisslech huet Lëtzebuerg sech ambitionéiert Klimaziler gesat, déi mam traditionellen Autofestival net ze vereene sinn.

Fir sech un d’Paräisser Ofkommes ze halen an déi global Äerderwiermung ënnert 1,5°C ze bréngen, mussen endlech glafwierdeg a konsequent Moossnamen ergraff ginn. An dësem Kader weist YFCL op d’Problemer vun der Autoindustrie a seng Reklamme fir een esou klimaschiedleche Produit hin.

Tëscht 2017 an 2019 sinn d’Emissiounen op 112,4 Gramm CO2 pro Kilometer geklommen, woubäi d’EU-Ziler vun 2020, déi op 95 g/km fixéiert gi sinn, däitlech iwwerschratt goufen. Dës Weideren sinn op eise Stroossen och ëmmer méi SUV’en ze gesinn, déi e besonnesch uergen Impakt op de Klima hunn.

Wärend d’Produzenten sech dorop konzentréiert hunn d’Emissioune bei aneren Autotypen ze reduzéieren, ass den CO2-Ausstouss bei de Sport Utility Vehicles eropgaangen. Gläichzäiteg bleift d’Notzung vun elektresche Gefierer weiderhi geréng.

Ma, bedenklech ass et och, dass zu Covid-Zäiten,, wou zuelräich Evenementer ofgesot musse ginn, esou en Festival stattfënnt. „Et schéngt wéi wann e vun de gréisste Gefore fir eis Zukunft eng Sonnerbehandlung kritt“, schreift YFCL.

Rendez-vous ass e Samschdeg, den 30. Januar 2021 vun 10:00 bis 12:00 Auer virun der Garage M. Losch (78, 90 Route de Thionville, 2610 Lëtzebuerg/Bouneweg).

Related topics Äerderwiermung, Aktioun, Autofestival, Bewosstsinn, Klimaziler, Paräisser Klimaofkommes, Sensibiliséierung, YFCL, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post