Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!
Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat
Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat
Eigentlech gëtt et dat Land guer net. Nordzypern gëtt nëmme
D’Organisatioun begréisst d’Moossnamen, déi d’Regierung geholl huet fir den Gesondheetssecteur z’organiséieren an vulnerabel Persounen ze schützen, si insistéieren awer datt d’Klimakris ënner kengen Ëmstänn vergiess dierf ginn.
D’Selma Vincent vu Youth for Climate Lëtzebuerg huet eng Ried gehalen déi den Zesummenhang tëscht den Genderongläichheeten an der Klimakris ënnerstrach huet. Vertrieder vum OGBL an der Organisatioun Perspektiv hunn och Riede gehalen, déi den Ursprong an d’Wichtegkeet vum 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, a Verbindung mat der Klimakris bruecht hunn.
D’Spriecher vu Perspektiv, d’Milena Steinmetzer an d’Jessica Lopez sinn allen zwee politesch aktiv op globalem a lokalem Niveau a verschiddenen humanitären an ekologesche Beweegungen. De Stefano Araújo, Vertrieder vum OGBL, huet Parallellen zur Finanzkris vun 2008 gezunn an huet d’Regierung opgefuerdert d’Klimakris, wéinst engem ze grousse Fokus op wirtschaftlechem Wuesstem, net a Vergiessenheet geroden ze loossen.
D’Musekerinnen Hannah Ida, C’est Karma a Francis of Delirium hu Musek gespillt, dëst solidaresch mat de Fuerderunge vu Youth for Climate Lëtzebuerg. D’Kënschtlerin Brina Gulič huet ee Workshop gehalen, bei deem d’AktivistInnen eng brennend Äerd zeechne sollte fir des mat engem gezeechente Reebou an hir Fënsteren ze hänken, dat ganzt an Ënnerstëtzung mat den AarbechterInnen un der Front vun der Corona- wéi och der Klimakris.
Besonnesch wann si d’Schwieregkeeten vun digitalen Aktiounen a betruecht zéien, geséit Youth for Climate dësen éischten online Protest als Succès: Duerch Solidaritéit an Optimismus huet Youth for Climate Lëtzebuerg Organisatiounen an Individuen am Kampf géint de Klimawandel zesummebruecht.
Wëll Youth for Climate Lëtzebuerg wahrscheinlech virum September keng Stroosseprotester méi organiséiere kann an dierf, mussen si weiderhin op ähnlech online Aktioune zeréckgräifen fir der Stëmm vun der Jugend Gehéier ze verschafen.
Opmaacherbild: © Harrison Moore / Unsplash