Search

You may also like

ARE YOU READING LUXEMBOURG?
Neiegkeeten

ARE YOU READING LUXEMBOURG?

Fir zu der Visibilitéit vu Lëtzebuerger Bicher a Literatur bäizedroen –

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
Neiegkeeten

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren.

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen

Leschte Samschdeg huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht d’Blécker op sech gezunn. Nodeems d’Evenement 2019 nees zum Liewe konnt erwächt ginn, hunn dës Kéier 13 Verbänn an Organisatiounen sech ënnert der Leedung vum OGBL zesummegedoen fir Demokratie, d’Anhale vun de Mënscherechter a Fridden anzefuerderen.

Bei dëser Geleeënheet huet och Youth for Climate Lëtzebuerg d’Wuert ergraff, fir op den Zesummenhang tëscht Fridden a Klimaschutz opmierksam ze maachen. Duerch Kricher an Ëmweltkatastrophen, sou wéi de Klimawandel entsti vill eenzel Schicksaler, wou awer generell d’Kanner déi éischt Generatioun duerstellen, déi ënnert den uerge Konsequenzen vum Versoe vun de räiche Generatiounen aus Westeuropa an Amerika leiden.

D’Ried vum Olga Roster an dem Jerry Simon gräift beispillsweis d’Liewe vum Atsuko, 17 Joer, aus Japan op. Duerch Iwwerschwemmungen ass d’Existenz vun der Famill zerstéiert ginn, sou datt d’Meedchen elo keng Chance méi op eng anstänneg Ausbildung huet. Klëmmt d’Temperatur, da klëmmt och de Mieresspiggel, wouduerch Milliounestied wéi Osaka, Rio de Janeiro oder Shanghai komplett iwwerschwemmt ginn.

Klimaschutz

© Martine de Lagardère/moien.lu

Bis 2050 sollen et ëm 200 Millioune Klimaflüchtlinge ginn. YFCL ënnersträicht, datt esou d’Liewenskonditioune global méi schwiereg ginn, an dat besonnesch a Géigenden wou elo scho Konflikter herrschen. An esou leet een eriwwer zum Thema Oprëschtung a Militariséierung.

D’Memberstaate vun der UNO gi praktesch gezwongen e bestëmmte Betrag vum PIB all Joer an d’Militär ze investéieren. „Militär a Kricher allgemeng sinn eng vun deene gréisste CO2-Verursaacher, déi et ginn. D’amerikanesch Militär huet zum Beispill all Joers CO2-Emissioune vun 59 Milliounen Tonnen. Dat ass genau sou vill wéi all d’Emissioune vu Portugal zesumme gerechent.“

Dobäi kënnt och d’Zerstéierung vun der Natur: Massiv Ofholzung, immens Loft- a Buedemverschmotzungen zéien d’Kämpf mat sech. Esou sinn d’Membere vu YFCL fest iwwerzeegt: „Mir mussen aus dem Däiwelskrees eraus. A mat eis selwer unzefänke wär dach gutt. Lëtzebuerg muss ophale weider opzerëschten a muss aus der NATO eraus. D’Suen déi mir elo an d’Oprëschtung investéieren, sollte mer an d’Preventioun vun der Klimakris stiechen.“

Ganzer 420 Milliounen Euro hätt Lëtzebuerg an nohalteg Verännerungen a Richtung Emissiouneneutralitéit stieche sollen, amplaz an e Militärfliger. Déi 350 Milliounen Euro vum Satellit, hätt eist Land kënnen a sozial Projeten investéieren. Nodeems ee sech bei dëser neier Spillsach ëm 180 Millioune verrechent huet, géif YFCL sech freeën, dës Zomm – wann och duerch ee Rechefeeler – beim Klimabudget dobäi ze kréien.

Mir stinn um Kipppunkt, wou mir eist Verhalen esou ännere kënnen, datt duerch Fridden an Nohaltegkeet kee Mënsch méi flüchte, verhongeren oder stierwe muss.

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CO²-Emissiounen, Esch-Uelzecht, Fridden, Friddensmarsch, Jerry Simon, Klimaneutralitéit, Klimaschutz, Krich, Olga Roster, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post