Search

You may also like

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!
Auto Neiegkeeten

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!

No engem Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech

Belsch: Coronavirus an Dateschutz
Auto Neiegkeeten

Belsch: Coronavirus an Dateschutz

Nodeems ee Sonndeg déi belsch Inneministesch Annelies Verlinden een neit

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?
Auto Neiegkeeten

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?

[onionbuzz quiz-id=97][/onionbuzz] Et ginn esou vill Serien, datt et oft

Young & Oldtimer Day zu Steesel

Nostalgiker kënnen och nach matmaachen!

Young & Oldtimer Day zu Steesel

Autofrënn opgepasst! E Sonndeg, de 16. Juni 2019 huet d’Steeseler Gemeng eppes fir Nostalgiker op hirem Young & Oldtimer Day. Nieft enger Rei Stänn ronn ëm Young- an Oldtimer gëtt et eng Autosausstellung, bei där et och Präisser ze gewanne gëtt.

Wie selwer gären en Oldtimer fir de Concours umelle wëll, kann dëst iwwert de Site vun der Steeseler Gemeng maachen. Selbstverständlech kann een och säi Youngtimer – dat sinn déi Autoen, déi tëscht 15 an 30 Joer hunn – umellen. Nieft dësen zwou Kategorie ginn et der och nach fir Trakteren, Motorrieder, oder och nach “Custom Cars”. D’Ausstellung wäert sech duerch d’Uelzechter Strooss erstrecken, déi dësen Dag just fir dës Prachtexemplaren zougänglech ass.

Ausserdeem kann ee sech och e Stand ufroen, wou ee säin technesche Schnickschnack zum Thema Young- an Oldtimer verkafe kann, dorënner och al Autosstécker. Och heifir muss ee sech eng Plaz bei der Gemeng um Site ufroen.

Organiséiert gëtt de Young & Oldtimer Day vun der Steeseler Kommissioun “Jeunesse-Sports-Loisirs”. Treffpunkt ass am Centre de Loisirs “Norbert Melcher” an der Uelzechter Strooss. Lokal Veräiner wäerten dann nach dofir suergen, datt een eppes tëscht d’Zänn kritt.

Vu 15:00 bis 17:00 Auer ginn dann nach “The Mighty Vibrators” e Concert zum Beschten.

Iwwerbléck

Wéini? Sonndeg, de 16. Juni 2019
Auerzäit? Vun 10:00 bis 19:00 Auer
Wou? Zu Steesel am Centre de loisirs Norbert Melcher
Adress: 62, rue de l’Alzette, L-7305 Steesel
Entrée: fräi

Opmaacherfoto: Pixabay

Related topics Auto, Gemeng Steesel, Oldtimer, Young & Oldtimer Day, Youngtimer
Next post Previous post