Search

You may also like

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten
International Kultur Neiegkeeten Stories

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten

Honnerten Ukrainer hunn an der Nuecht vum Mëttwoch op en

#luxembourgyourworldheritage: Hei sinn déi 6 Gewënner!
International Kultur Neiegkeeten Stories

#luxembourgyourworldheritage: Hei sinn déi 6 Gewënner!

Am Kader vum éischten Dag vum Weltkulturierwen zu Lëtzebuerg, deen

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 5)
International Kultur Neiegkeeten Stories

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 5)

Ofschléissend Gedanken: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit

E puer Andréck weider vun der Manifestatioun

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit

E Freideg hu sech dausende Schüler a Studenten um Glacis versammelt, fir zesummen am Cortège bis op de Knuedler ze goen, ze jäizen, ze protestéieren. Gutt 10.000 jonk Erwuessener goufen erwaard, um Enn konnt een der souguer 6.000 méi untreffen, déi sech sech gemeinsam fir de Klima asetze wëllen. Nom Beispill vum Greta Thunberg hu si hir Coursen vum Freideg Nomëtteg fale gelooss, fir un der Demonstratioun deelzehuelen.

An der ganzer Stad ware si ze héieren. Mat Ausriff wéi „On est plus chaud que le clima“ sinn si vum Glacis duerch d’Stroossen bis op de Knuedler gezunn, hunn dobäi och d’Opsinn vu Passanten op sech gezunn an de Verkéier lahm geluecht. An awer hate si dofir ee gudde Grond: d’Politiker solle sech begannen fir konkret Léisungen an der Klimaproblematik ze fannen. Schliisslech steet d’Zukunft vun der jonker Generatioun um Spill.

Esou huet eng Mamm, déi mat hiren zwee klenge Kanner bei der Youth for Climate Demo dobäi war erkläert, datt si un dësem Dag deelhuele muss, well déi Erwuessen de Jonken an der Schold stinn. Schonn an hirer eegener Jugend huet si un esou Protester deelgeholl. A soumat muss sech och hautdesdaags all Individuum asetzen, datt eng Ännerung erziilt ka ginn.

Eng luewenswäert Aktioun

Eng däitsch Passantin, déi momentan hir Vakanz am Grand-Duché verbréngt huet missen zouginn, datt dës Manifestatioun immens bewonnerenswäert ass. Am Virfeld huet si Demonstratioune fir de Klima an dëser Aart just aus Däitschland kannt, ëmsou méi faszinéiert weist si sech, datt effektiv Schüler op der ganzer Welt sech mat der Problematik ausenaner setzen. Si ass och der Meenung, datt d’Schüler a Studenten hei ee wichtegen éischte Schrëtt maachen a veruerteelt d’Schoulschwänzerten op kee Fall. Just duerch esou luewenswäert Aktiounen kann eppes fir déi global Zukunft bewierkt ginn.

Et waren eng sëllechen Organisatiounen, déi sech de Schüler ugeschloss hunn. Mat dobäi waren ënnert anerem d’Jugendparteien oder och Greenpeace. Fir déi lescht genannten Organisatioun, déi sech weltwäit fir eng besser Ëmwelt asetzt, ass de Protest vun de Jonken mat wichtegem Symbolcharakter verbonnen. Dobäi ass et virun allem am Grand-Duché schwéier kloer Moossname festzesetzen, wëll fir d’Politiker just dat Grousst Ganzt gesinn. Wichteg wier et, datt all Gemeng bei wichtegen Decisioune matzitt, datt och d’Landesplaner gefërdert ginn, fir eng nohalteg Entwécklung ze garantéieren an datt de kreativen an innovative Käpp nogelauschtert gëtt.

Ob a wat de Streik bréngt kann ee just an der noer Zukunft gesinn. Op alle Fall sinn déi jonk Schüler a Studente bereet, och u weidere Freideger net an d’Schoul ze goen, fir dann bei der Stater Gemeng um Knuedler zesummen eppes fir de Klima ze maachen.

Related topics #FridaysForFuture, Klimawandel, Knuedler, Manifestatioun, Politik, Schülerstreik, Youth for Climate
Next post Previous post