Search

You may also like

No der Kris ass virun der Kris
International Neiegkeeten

No der Kris ass virun der Kris

An der Chamber hat et ee Mëttwoch eng Rei „Aktualitéitsstonne“

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger
International Neiegkeeten

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

Um Méindegowend huet sech den Emmanuel Macron zu enger Campagne

Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
International Neiegkeeten

Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër

Fir nach eenegermoosse schnell duerch d’Lëtzebuerger Stad ze kommen, entscheeden

Youth For Climate – ee Statement zum zivillen Ongehuersam!

Youth For Climate – ee Statement zum zivillen Ongehuersam!

“Um 24. Mee huet Youth For Climate déi Rout Bréck besat an eng Blockad um Kierchbierg erriicht. Gruppe vun Alter hu sech getraff, fir sech ze setzen, ze sangen, Ärem ze verbannen – awer virun allem hu si de finanziellen an europäeschen Zentrum zum Stëllstand bruecht.

Eis Besetzung vun der Rouder Bréck hat ënnerschiddlech Ziler. Éischtens hu mir all déi europäesch BiergerInnen dozou opgeruff, um Sonndeg fir d’Klimagerechtegkeet ze stëmmen. Eise Stëmmziedel ass eng vun de politesche Méiglechkeeten, déi eis zur Verfügung sti fir de politesche Wandel ze bréngen, dee mir brauchen.

Zweetens fuerdere mir d’EIB, déi all Joer Milliarden Euro a fossil Energien an ähnlech Projeten, déi de Klimawandel virundreiwe stécht, hir Leihpolitik ze iwwerdenken. Stoppt fossil Energien ze ënnerstëtzen an ënnerstëtzt amplaz nohalteg Projeten.

Als lescht war d’Aktioun eng Äntwert op de Vott géint d’Erklärung vun der Klimakriis am lëtzebuergesche Parlament lescht Woch. Mir fuerderen, datt dës endlech op nationalem, europäeschem an internationalen Niveau ausgeruff gëtt.

D’Blockad huet Roserei ausgedréckt, déi mir verspieren, wa mir dorun denken, datt eis Zukunft dovun ofhänkt, datt dës Kris net ignoréiert gëtt. Déi Rout Bréck ass net just wéinst der Zentralitéit, mee och wéinst senger symbolescher Kraaft als Zil ausgesicht ginn. Eng Hand voll europäesch a lëtzebuergesch Institutioune befannen sech un dësem Enn vum Kierchbierg.

D’Aktioun vum zivillen Ongehuersam ass komplett firddlech verlaf, et gouf keng Arrestatiounen, wëll d’Police mat eis kooperéiert huet, fir d’Sécherheet vun den AktivistInnen ze garantéieren. Mir gesinn dës Kooperatioun als wichteg fir d’Gelénge vun eiser Aktioun un, an awer fanne mir et schued, datt d’Police dausenden AktivitInnen op enger eenzeger Spur gehalen huet an domat ee Sécherheetsrisiko agaange ginn ass.

Mir wollten eise Message haart a kloer ausdrécken: Esou laang et Klimaongerechtegkeet gëtt, wäerte mir weider op d’Stroosse goen an de Status-Quo agräifen. D’Zuele loossen sech blécken: mir waren 2000 op der Rouder Bréck an 1.6 Millioune weltwäit!

Fir d’Zukunft gëllt weiderhin: Wann dir iech net beweegt, beweege mir eis och net!”

Hei nach eppes fir sech unzekucken: 12.000 däitsch-sproocheg Wëssenschaftler hunn ee Manifest ënnerschriwwen, fir d’Jugend ze ënnerstëtzen, hinne Recht ginn an d’Problematik ugesinn. D’Politker mengen éischter, datt een de Klima den Experten iwwerloosse soll…

Matgedeelt vu Youth For Climate Luxembourg – Iwwersat vum Shari Pleimelding

Related topics #FridaysForFuture, Klimastreik, Roud Bréck, Youth for Climate, Zivillen Ongehuersam
Next post Previous post