Search

You may also like

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde
Neiegkeeten

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde

Am Lycée Ermesinde zu Miersch hu sech Schüler vun der

Pipo Peng: t’Franséischt
Neiegkeeten

Pipo Peng: t’Franséischt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…
Neiegkeeten

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…

Déi neigewielt Däitsch Grenzgängerkommissioun vum LCGB huet an hirer éischter

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass

Haut (an dat nach bis e Samschdeg) fënnt um Kierchbierg, op der Placede L‘Europe, déi éischt Editioun vum „Yumm Festival Kirchberg“ statt. E Festival un deem jiddereen deelhuele kann, an deen e senger Aart, zumindest zu Lëtzebuerg, eenzegaarteg ass.

Fënnef „Food-Trucks“ aus ganz Europa stellen sech dem Avis vun de Gourmeten. Déi hunn sech virgeholl dem grousse Public hir „Spezialitéiten“ virzestellen, an hoffen esou och, vun dësem de begierten „Yumm Festival Kirchberg Public Choice Award“ zougesprach ze kréien.

Et trieden also géintenaner un: de Bammm BQ aus Däitschland, Nina Nina aus der Belsch, L’Echappée Belle aus Frankräich, So Food Unlimited aus Lëtzebuerg and Cravin Cajuns aus Holland. De Food-Truck Birrabus aus Italien ass „ausser Concours“.

Valorisatioun vun der Place de L‘Europe

Ausgewielt, fir un dëser éischter Editioun deelzehuelen, goufen dës Food-Trucks (eigentlech eng motoriséiert Frittebud mat gastronomeschem Usproch) vun enger klenger, awer engagéierter Jury: Der Bloggerin Anne Faber, der Journalistin France Clarinval, an dem Chef Thomas Murer.

Datt dëse Festival stattfanne kann, huet domadder ze dinn, datt de Fonds Kirchberg, sech an de Kapp gesat huet, d‘Place de L‘Europe ze valoriséieren. Esou soll dann och de „Yumm Festival“ derzou bäidroen, datt déi europäesch kulturell a gastronomesch Diversitéit gefërdert gëtt.

Bei der Auswiel vun de Food-Trucks hat d‘Jury grousse Wäert drop geluecht, datt d‘Kreativitéit vun dëse Profie vun der mobiller Gastronomie, awer och de Look vun hire Camionen, e richtege Wettsträit zouléisst. Teamgeescht an Showqualitéite sollten si dann och nach mat bréngen.

Et dierf sech och u „flëssegem“ erfreet ginn…

Wa vun Iesse riets ass, dierf een den Duuscht net vergiessen. An och hei dierft den interesséierte Public alles fanne wat d‘Häerz begiert. De Birrabus, bitt dann och eng helle Wull un artisanale Béierzorten un, et gëtt eng Cocktailbar a villes méi. Do kann et schwéier ginn d‘Mooss ze halen.

Offiziell mécht de Festival seng Dieren haut Donneschdeg um 12:15 op. Den OPL spillt e Concert an uschléissend kommen d‘DJen zum Zuch. Déi ginn eng Kéier kuerz vun der groussherzoglecher Fanfare ënnerbrach. E Freideg gëtt et dann nach méi DJen.

De groussen Dag ass dann e Samschdeg. Do kritt de Vainqueur säi Präis iwwerreecht. Uschléissend nees vill Musek an Animatioun. Wéi e gesäit, schéngt dat, wann d‘Wieder matspillt, eng gutt Adress ze sinn, fir all déi wou an engem flotte Kader e Maufel wëllen iessen, an de Patt wëlle genéissen.

Foto: © Cravin Cajuns, Holland

Related topics Fonds Kirchberg, Food Truck, Gastronomie, Kultur, Yumm Festival Kirchberg
Next post Previous post