Search

You may also like

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!
Meenung Neiegkeeten

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!

Dir braucht e Kannersëtz, am beschten een „bal wéi nei“

Preventiounstheater géint haislech Gewalt
Meenung Neiegkeeten

Preventiounstheater géint haislech Gewalt

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sou wéi

surprise
Schéisserei op russescher Uni: sechs Mënsche stierwen
Meenung Neiegkeeten

Schéisserei op russescher Uni: sechs Mënsche stierwen

D‘Stad Perm ass am Uralvirland direkt um Floss Kama geleeën

Et war Zäit fir eng Entschëllegung (Kommentar)

Et war Zäit fir eng Entschëllegung (Kommentar)

Am Communiqué vum 9. Mäerz säitens dem 70 järege President vun der administrativer Kommissioun an der Direktioun vun den „Hospices Civils de la Ville de Luxembourg“, gëtt sech formell fir déi virzäiteg Impfung vum Här Henri Grethen entschëllegt.

D‘Schreiwes weist drop hinn, datt dësen iwwer 700 Joer bestoende Veräin (stramm kathoulesch, a bäi wäitem net esou sozial wéi si sech presentéieren) ëmmer drop beduecht war déi vulnerabel Mënschen an hiren Institutiounen, d‘Personal an extern Mataarbechter ze schützen. Dozou gehéiere Formatiounen zu de sanitäre Mesure, déi reegelméisseg Deelnam um flächendeckende Covid19-Test an d‘Missioun ze Impfen. Et hätt een och alles gemaach d‘Leit zur Impfung ze motivéieren.

An natierlech huet dës sozial Institutioun zu kengem Ament hir Residenten oder aner fir d‘Impfung eligibel Persoune, eppes wëllen ewech. Selbstverständlech wier en engagéiert sech un d‘Consignen a Recommandatioune vum Regierungsrot ze halen. Kléngt vernënfteg a war wuel och unhand der ausgeléister Polemik net ze ëmgoen. Bedenklech dann awer och de Constat, datt aner Medien dëst Schreiwes als „Entschëllegung vum Henri Grethen duergestallt gëtt“. Dat awer ass hei net de Fall.

Datt de fréiere Minister nach mueres kann an de Spigel kucken, ass sengem Charakter geschëlt. En ass net eleng… de Club vun den „Oprechten“ déi no hirer politescher Carrière, souzesoen als Merci, ganz lukrativ Posten zougeschanzt kréien, ass exklusiv. Wann den Henri Grethen sech also net „expressis verbis“ perséinlech entschëllegt a säi Mandat néierleet, sollten se an der DP doriwwer nodenken, wéi se d‘Monica Semedo nees agegliddert kréien. Dat wäert natierlech net geschéien.

Elo ass et richteg, datt et dem Demokrat seng Saach ass, dat mat sengem Gewëssen auszemaachen. Dat géif awer viraussetzen datt dësen ëmstriddene Personnage esou eppes wéi ee Gewëssen hätt. Et hätt sécher och net geschuet, wann d‘DP aus rengem Polit-Marketing (beim Monica huet dat jo och geklappt) zumindest de Schäi gewoort an dëse „Fauxpas“ denoncéiert hätt. Dat ass net Fall firwat si de Virworf, datt si d‘Hand iwwert de Mann halen net onberechtegt ass. Moral ass ebe fir déi Aarm.

An aus dësem Grond wäert och weder de Procureur, nach de Parquet an d‘Regierung souwisou net, den asoziale Beholl vun den Impfdrängler sanktionéieren. Trotzdeem ass et eng gutt Saach, datt den Deputéierte Sven Clement do net wëll labber loossen. De Fait dat esou Personnage wéi Grethen a Schiltz, zesumme mat den auserwielte Würth a Seywert awer blouss gestallt ginn, en Hiwäis drop, datt och am Marieland net méi alles ënnert dem Teppech lant. Bestrofe wier awer kloer besser…

Illustratioun: © Amarnath Tade / unsplash

Related topics Deontologie, DP, HCVL, Henri Grethen, Hospices Civils de la Ville de Luxembourg, Impfdrängler, Impfstrategie
Next post Previous post