Search

You may also like

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall
Neiegkeeten

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall

Um Sonndeg war bei frëschen Temperaturen zu Alzeng eng weider

No den Attentater vu Christchurch: Ugeklote bekennt sech schëlleg
Neiegkeeten

No den Attentater vu Christchurch: Ugeklote bekennt sech schëlleg

Gutt ee Joer nom Terroruschlag zu Christchurch (Neiséiland) huet sech

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen
Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen

De Lëtzebuerger Pilot vum Team „Momo Megatron Lechner Racing“ hätt

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Um Freideg huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng ganz Rei Mesuren annoncéiert, déi d‘Wuelbefanne vun de Kanner an de Jugendleche wärend der Covid19-Kris fërdere soll. No elo engem Joer Pandemie, hu se endlech de Schalter fonnt, mat deem d‘Luucht um Enn vum Tunnel ageschalt ka ginn.

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Mee statt sech der Kritik zouzewennen, well een d‘Auer nu emol net zeréckdréine kann, sollt een de Schratt begréissen. De Minister statuéiert: „Eis Kanner hunn zanter Ufank vun der Pandemie, vill Restriktioune mussen iwwert sech ergoe loossen. Mir mussen hinnen elo Zäit widmen: Zäit fir ze spillen, Zäit fir ze entdecken… mee och Zäit fir mat hinnen ze schwätzen“. An dat ass wuel richteg.

An esou hunn dann déi vill Entrevue mat de Profien aus dem Bildungsberäich, mee och Gespréicher mat de Kanner a Jugendlechen erginn, datt villes verfeelt gouf. Wann et wuel stëmmeg ass, datt déi sanitär Mesure wéi d‘Ophuele vun de „Verspéidungen“ hir Importenz hunn, esou muss ee sech och ëm dat séilescht Wuel vun dëser Populatioun këmmeren. Zu dësem Zweck gëtt et elo „Aktiounen“.

Den Educatiounsministère bitt engersäits ënnerstëtzend Moossnamen un (Helpline, psychosozialen Accompagnement, asw.) an anersäits Initiativen, fir Familljenaktivitéiten. Et geet am Fong drëms, de Kanner d‘Méiglecht ze bidden, hiert Liewen als „Kand“ ze liewen: spillen, sech an dat wat déi grouss Welt ausmécht ze entdecken. Dofir elo den Aktiounsplang mat dräi ganz staarke Sailen.

Zäit fir ze spillen

An den nächsten Deeg sollen 32.000 Gesellschaftsspiller, verpaakt an 3.200 Spillkëschten, an alle Klasse vum Fondamental verdeelt ginn. D‘Kanner dierfen dës Spiller ausléinen a mat Heem huele wou dann am Familljekrees ka gespillt ginn. Geléngt och d‘Elteren an d‘Gesëschter anzebannen, entsti privilegiéiert Momenter vum Zesummeliewen. An un Erfarung ginn d‘Butzen och méi räich.

Educatiounsministère„Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen“, endlech huet och eisen Educatiounsminister nees e gudde Grond an d‘Kamera ze laachen. D‘Iddi mat der Spillkëscht ass jo och begréissenswäert an et wier wierklech eng grouss Saach, wann d‘Eltere géife matspillen. © MENJE

Iwwert dës Aktivitéit léiert d‘Kand sech gedëllegen, konzentréieren a seng Logik wéi d‘Taktik gëtt geschäerft. Mee och d‘Kreativitéit, d‘Beweegung an d‘Motivatioun gëtt stimuléiert. Den Hoken: et dierft ustrengend sinn d‘Elteren ze motivéieren, woubäi et hei jo och sozial bedéngt Differenzen huet. Erwuessener déi selwer an enger Kris stiechen, kéinten sech et domadder schwéier doen.

Zäit fir ze entdecken

Well „Kreativitéit“ och eng Saach vun der Definitioun ass, an et net esou wier, datt just wëll een d‘Natur virun der Dier huet, een och weess datt sech grad do vill Fräizäitaktivitéiten ubidden, huet den Educatiounsministère op der Internetsäit www.kannerzäit.lu (jo si ass och op lëtzebuergesch) vill Virschléi a Proposen ënnerbruecht, déi eigentlech kee (Kanner)Wonsch sollten oppe loossen.

Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Wann elo d‘Aktivitéiten – am Sënn vun „zesummen eng Ënnerhuelen“- virrangeg edukativ an/oder spaasseg solle sinn, esou brauche Kanner a Jugendlecher och d‘Gefill begleet ze ginn. Et ass – an dat sollt een och behäerzege wa keng Kris ass – wichteg de Kanner och Gehéier ze schenken a mat hinnen ze schwätzen. Iwwert dat wat se beweegt, mee och wat se bedréckt. Keng einfach Saach…

Et wäert also nees un der Schoul sinn, hei „Ouer & Mond“ ze sinn, firwat dann och fir de Cours „Liewen & Gesellschaft“ besonnesch Programmer, esouwuel fir de Fondamental wéi de Secondaire, ausgeschafft goufen. Ëmmer der jeeweileger Alterskategorie ugepasst, sollen d‘Schüler sech iwwer den Afloss vun der Covid19-Pandemie op d‘Gesellschaft an hiert eegent Liewe Gedanke maachen

Iwwerfuerdert? Do gëtt et d‘Helpline

Et dierf een d‘Presentatioun vun dëser Initiativ allerdéngs elo och net mëssverstoen oder unhuelen, datt bis ewell näischt gemaach gouf. Nee dës nei Initiative kommen zu de bestoenden derbäi. Esou gouf et Leetfiedem, déi un d‘Elteren an d‘Enseignante verdeelt goufen, unhand deene festzestelle sollt sinn, d‘Onwuelbefanne vum Kand ze detektéieren a virun ze verstoen. An Theorie zumindest.

Fir d‘Enseignante gëtt et Formatiounen. Heibäi geet et ëm „positiv Kommunikatioun“ an Technike fir d‘Kanner ze „relaxéieren“. Esou eng Formatioun ass fir d‘Elteren net virgesinn, a wann déi an de Stress kommen, de Plafong dreet hinnen op de Kapp ze falen, da sollten si nom Telefon gräifen an den 8802 9393 uruffen. Hei gëtt tëscht Moies 8 an Owes 18 Auer „nogelauschtert“ a gehollef.

Foto: Zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch, hunn dräi Schüler vun der Primärschoul zu Mamer eng vun den 3.200 Spillkëschten ausgepaakt an sech mam Inhalt familiariséiert. Iwwert déi nächst Woch, soll an all Klass vum Fondamental esou eng Këscht ausgeliwwert ginn. © MENJE

Related topics Claude Meisch, Covid19-Pandemie, Educatiounsministère, Elteren, Jugendlecher, Kanner, Schoul, Spillkëschten, Wuelbefannen
Next post Previous post