Search

You may also like

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer
Meenung Neiegkeeten

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer

Um 3. Juni ass op der Käerjenger Gemeng doriwwer bestëmmt

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat
Meenung Neiegkeeten

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat

Bei deem wat den Debat zur Petitioun zum Recht op

Israel: Juristescht Koméidistéck mam Premierminister an der Haaptroll
Meenung Neiegkeeten

Israel: Juristescht Koméidistéck mam Premierminister an der Haaptroll

Et wier eng Première an der Geschicht vun Israel, mee

Zäit sech d‘Liewen zréckzehuelen? (Kommentar)

Chamberkommissioun beréit iwwer méiglech weider Lackerunge am Pandemie-Kontext

Zäit sech d‘Liewen zréckzehuelen? (Kommentar)

D‘Leit knouteren, villes ass nach ëmmer éischter onverständlech, d‘Schnelltester sinn alles ausser Zouverlässeg, den europäesche Covid19-Zertifikat ass ee Feigeblat, a méi allgemeng schéngt kloer, datt och no engem Joer Pandemie, d‘Politik sech nach am embryonalen Zoustand befënnt.

Si mussen awer „bella Figura“ maachen, fir dem Bierger, dee jo geleeëntlech och Wieler ass, esou eppes wéi den Androck ze vermëttelen, datt Regierung a Chamber sech fir hie politesch asetzen, an net wéi gäre vun de Medie behaapt, si just d‘Interesse vun der Wirtschaft an d‘Aussiichten op ee lukrativen Niewenjob duerchsetze wëllen. D‘LSAP well sech fir den Horesca-Secteur abréngen, an huet zu dësem Zweck d‘Paulette Lenert an de Lex Delles an d‘Kommissioun agelueden.

D‘Zuelen – gemengt ass d‘Inzidenz an d‘Besetzung vun de Spidolsbetter – wieren zefriddestellend an et sollt een sech elo beroden, wéi et am Horesca-Secteur soll weider goen. Déi beschäftegt an dësem Secteur gi jo bekanntlech ganz offiziell als „subsidiär“ Mataarbechter vun der Santé agesat, woubäi se, bezunn op d‘Qualitéit vun den Tester, eigentlech näischt falsch maache kënnen.

Fir d‘Sozialisten, déi jo iwwert den Ëmwee vun der Ministesch selwer, wéi och dem President vun der Gesondheetskommissioun maximal involvéiert sinn, esou och folgerichteg ëmmer iergendwéi fir alles matverantwortlech sinn, muss dat mat der „Strategie“ nach emol berode ginn. Véier Leit pro Dësch a Fermeture um 22 Auer… dat wier ugesiichts der sech verbesserter Situatioun jo wuel net méi ziilféierend. Am nächste Covid19- Gesetz (11.Juni) kéint et zu méi Ouverture kommen.

Mee et geet jo net nëmmen ëm den Horesca-Secteur. Och am kulturelle Beräich, besonnesch am Kontext vun de Festivaller, oder dem Sport wéi bei villen anere Fräizäitaktivitéiten, muss sech der Quadratur vum Krees ugeholl ginn. Et soll jo keen Diskriminéiert ginn a gläichzäiteg all Mesure getraff ginn, eng weider Infektiounswell ze verhënneren. Dat ass eng zolidd Erausfuerderung.

Illustratioun: © Ravi Roshan / unsplash

Related topics Chamberkommissioun, Covid19, Horesca-Secteur, Lackerungen, LSAP, Schnelltester
Next post Previous post