Search

You may also like

WHO fuerdert gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer
Neiegkeeten

WHO fuerdert gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer

Am Kontext vun der Joresversammlung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hu

Mam Zuch duerch d‘Nuecht
Neiegkeeten

Mam Zuch duerch d‘Nuecht

2021 ass dat europäescht Joer vun der Eisebunn. E Joer

Trump-Presidence a Gefor
Neiegkeeten

Trump-Presidence a Gefor

Dem Donald Trump seng chaotesch Presidence huet gëschter ee neien

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…

Et war an ass ee grousse Sujet. D‘EU-Kommissioun wëll se lass ginn, och déi gréng setzen sech fir d‘Ofschafen dovunner an: d‘Zäitëmstellung. Op de verschiddene sozialen Netzwierker, hunn d‘Leit de Sujet laang a breet „diskutéiert“. Elo wollt dann och d‘TNS-Ilres vun de Lëtzebuerger wëssen, wéi si zu der Summer- a Wanterzäit stinn.

Bei der ëffentlecher Consultatioun déi vu Bréissel ausgaangen ass, haten sech Millioune Leit géint d‘Bäibehale vu Summer- a Wanterzäit ausgeschwat. Den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, hat dann och an engem Interview mam ZDF verséchert, datt een dësem „Wonsch“ géif Rechnung droen. A wann een sech elo d‘Ëmfro vun der TNS-Ilres ukuckt, da kann ee behaapten, datt d‘Awunner vu Lëtzebuerg dëser EU-Etüd Recht ginn.

Gutt dräivéierel vun de Befroten zu Lëtzebuerg, wëllen dat mat der Zäitëmstellung an de Kiwwel drätschen. Si sinn dësem Gespills iwwerdrësseg, deen sech och nach negativ op hir Gesondheet néierschléit. Laut TNS-Ilres si méi Männer (80%) fir d‘Ofschafe vun dësem erwisenermoossen onnëtze System. Dar gläicht Bild bidden eis eeler Matbewunner iwwert 65 Joer (84%). Eenzeg déi Jonk sinn onentschloss, d‘Hallschent ass awer averstanen datt een sech deem entleedegt.

Op wéi eng soll een sech eenegen?

D‘Zäitëmstellung ofschafen ass eng Saach, mee op wéi eng sollt ee sech dann eenegen, wann et nëmmen dat déi „eng“ gëtt? Och dorops huet d‘TNS-Ilres eng Äntwert: 65% vu de Befrote sinn eendeiteg fir d‘Iwwerhuele vun der Summerzäit, ronn 25% sinn ëmmerhi mat der Wanterzäit ganz zefridden. Dat ass kee klore Konsens, mee awer schonn emol Richtungsweisend.

Nach ëmmer baséierend op der Ëmfro vun der TNS-Ilres, sinn 34% der Usiicht, datt dës Moossnam net méi Zäitgeméiss ass, weder ökologesch nach wirtschaftlech Avantage mat sech bréngt. 33% vun de Befrote sinn iwwerzeegt, datt de biologesche Rhythmus drënner leit, an nach ëmmerhi 16% mengen datt et da méi laang hell bleift. Ugefouert ginn ass och, datt d‘Zäitëmstellung de Béischten net gutt deet an d‘Kanner laang brauchen sech ëmzestellen.

Ee laut TNS-Ilres am meeschte genannte Grënn sech der Summerzäit als Referenzzäit unzehuelen, wier dem Fait geschëlt, datt d‘Deeg am Summer méi laang sinn. Och hei sinn et nees d‘Männer déi mat 53% déi gréisste Fraktioun duerstellen. Fir all fënneften ass et eng Saach vun der Gewunnecht.

Related topics Ëmfro, Summerzäit, TNS-Ilres, Wanterzäit, Zäitëmstellung
Next post Previous post