Search

You may also like

Boris de Baumeeschter
Neiegkeeten

Boris de Baumeeschter

De Premierminister Boris Johnson huet an enger Ried ugekënnegt, datt

Norwegen: No Terroruschlag sëtzt en 20 järegen am Prisong
Neiegkeeten

Norwegen: No Terroruschlag sëtzt en 20 järegen am Prisong

An engem Viruert vun Oslo, huet e jonken Norweger e

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris
Neiegkeeten

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo! D‘Zäitëmstellung, déi fir e stännegt Gestreits suergt a bei de Bierger net op Zoustëmmung stéisst, soll also ofgeschaaft ginn. Et gëtt sech zu Bréissel op eng ëffentlech Consultatioun bezunn, déi iwwert de Summer gemaach ginn ass. D‘Propose vum EU-Kommissiounspresident huet direkt d‘Zouso vum Angela Merkel erhalen.

„Millioune Mënschen hunn un der Consultatioun deel geholl, an sinn der Usiicht, datt an Zukunft d‘Summerzäit déi ass, déi ëmmer gülteg soll sinn. Mir wäerten deem Wonsch elo nokommen“, esou de Jean-Claude Juncker an engem Interview mat de Kollege vum ëffentlech-rechtleche Sender ZDF.

Nëmmen e puer Stonnen drop, huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi sech op Auslandsrees am Nigeria befënnt, och fir esou e „Changement“ ausgeschwat. „Dat wier fir mech eng ganz grouss Prioritéit“, esou hir Deklaratioun. Spuenien ass och derfir: „Mir si mat der Propose vum Jean-Claude Juncker averstanen“, seet d‘Spriecherin vun der spuenescher Regierung, Isabel Celaa.

Elo wier et erstaunlech, wann se all wéilte matmaachen, an déi éischt déi sech mat dëser Iddi net identifizéiere kënne sinn d‘Italiener. „Mir feelen d‘Wierder. D‘Italiener bezuele Milliarde fir d‘Zäre vun enger Auer ze wiesselen…“ heescht et am Tweet vum Inneminister, Matteo Salvini.

Déi italienesch Regierung huet den Ament och aner Prioritéite wéi d‘Auerzäit an Europa. „Mir huelen eis gären de Fro vun der Ofschafung vun der Zäitëmstellung un, mee awer nëmmen dann, wann d‘EU sech de seriéisen Erausfuerderungen unhëlt“, kommentéiert den Europadeputéierten Ignazio Corrao, vum Movimento 5 Stelle, déi aner Partei vun der italienescher Koalitioun.

D‘Bierger vun Europa hunn eng kloer Meenung

Un der ëffentlecher Consultatioun hunn sech 4,6 Millioune Bierger aus den 28 Memberstaaten bedeelegt. Laut de Resultater déi virleien, hunn sech 84% fir en Enn vun der Zäitëmstellung ausgeschwat. E System deen esou kee Sënn méi ze maache schéngt.

De Jean-Claude Juncker stellt fest: „Wann een d‘Bierger zum engem bestëmmte Sujet consultéiert, gehéiert et sech och dat ëmzesetzen, wat si sech gewënscht hunn“. Déi europäesch Kommissärin, Violetta Bulc, bemierkt datt „de Message“ däitlech ass. „Mir mussen elo konsequent handelen an e Gesetzprojet ausschaffen, deen dem Parlament an dem Rot zur Ofstëmmung ka virgeluecht ginn“.

Konkret bedeit dat, datt d‘Kommissioun elo net wäert virschloen d‘Summerzäit als „Standardzäit“ ze iwwerhuelen, mee just d‘Zäitëmstellung ofzeschafen, esou den Alexander Winterstein, Spriecher vun der Kommissioun. D‘Memberstaate kënnen sech dann eng eraussichen, dat ass hir Kompetenz.

Et gëtt sech natierlech erhofft, esou den Alexander Winterstein, datt d‘Diskussiounen ënnert de Länner zu koherente Resultat féieren. Laut der EU-Kommissioun, hunn d‘Géigner vun dëser „Zäitëmstellung“ ganz valabel Argumenter ugefouert: schlecht fir d‘Gesondheet, méi Accidenter am Stroosseverkéier, mee och de Constat, datt net wéi versprach Energie agespuert gëtt.

Kee Referendum, dat muss eestëmmeg beschloss ginn

D‘Zäitëmstellung tëscht Wanter a Summer, war ursprénglech mam Argument agefouert ginn, datt se géif derzou bäidroen, Energie anzespueren. Säit Jore gëtt dat vehement bestridden, an vill Länner, besonnesch am europäeschen Norden (Litauen, Finnland, Schweden a Polen) wëllen dat opginn.

Elo kann een nach drop hiweisen, datt déi ëffentlech Consultatioun net vun der EU-Kommissioun ausgaangen ass. Déi ass ënnerholl ginn, nodeems d‘Europa-Deputéiert am Februar eng Resolutioun ugeholl hunn, mat där eng detailléiert Evaluatioun vum System „Zäitëmstellung“ gefuerdert gouf. D‘Kommissioun hat net wierklech Spillraum sech deem ze widdersetzen.

Säit 1996 mussen d‘Europäer 2 mol am Joer (de leschte Sonndeg am Mäerz an de leschte Sonndeg am Oktober) un hiren Auere piddelen a fréckelen. Déi aktuell Direktiv (aus dem Joer 2001) leet fir déi ganz EU eng „harmoniséiert“ Ëmstellung fest, dat fir datt de Bannemaart effikass ka sinn.

Dorunner léisst sech allerdéngs erkennen, datt et ni ëm „Spueren“ oder ëm de „Bierger“ gaangen ass, mee datt ganzt eenzeg an eleng aus „wirtschaftleche Grënn“ gemaach gouf. Bei genauer Betruechtung vun der Consultatioun, ass ze bemierken, datt et besonnesch eis däitsch Nopere waren, déi de Sujet interesséiert huet. Hei hunn 3,79% vun de Bierger op d‘Froe geäntwert.

Op der 2. Plaz fënnt sech Éisträich (2,94%), an zu Lëtzebuerg, dat op der drëtter Plaz gefouert gëtt, hunn sech nach 1,78% vun de Bierger mat der Problematik ausenanergesat. An allen anere Länner läit d‘Bedeelegung däitlech ënnert 1%. An Italien huet et grad emol 0,04% Bedeelegung ginn.

Mam Clément Zampa/AFP

Foto: Zäitëmstellung: „Millioune Mënschen hunn un der Consultatioun deel geholl, an sinn der Usiicht, datt an Zukunft d‘Summerzäit déi ass, déi ëmmer gülteg soll sinn. Mir wäerten deem Wonsch elo nokommen“, esou de Jean-Claude Juncker. © Aris Oikonomou/pool/AFP

Related topics Summerzäit, Wanterzäit, Zäitëmstellung
Next post Previous post