Search

You may also like

Déi eng stierwen derfir, déi aner wëllen se verdeedegen: d‘Fräiheet
Neiegkeeten WTF

Déi eng stierwen derfir, déi aner wëllen se verdeedegen: d‘Fräiheet

Et ass e Weekend voller Leed, deen zu Israel a

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen
Neiegkeeten WTF

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen

Datt d‘Cargolux net nëmmen e wichtege Wirtschaftsacteur zu Lëtzebuerg ass,

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser
Neiegkeeten WTF

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser

Ob als Guacamole, am Smoothie oder och pur – d’Avocado

surprise

D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert

D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert

D‘CGFP kënnt gutt virun, zumindest mat der Regierung an hei besonnesch mam Inneminister Dan Kersch (LSAP). Beim Daachverband vun de Gewerkschaften aus der Fonction Publique, ass een dann och iwwerzeegt, datt eng Joerhonnertreform bevirsteet.

An d‘Aféiere vun Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht ass eng Fuerderung, déi d‘CGFP de 5. Juli 2007 déi éischte Kéier am Kader vum Kollektivvertrag op den Dësch geluecht hat. Deemools war rieds vun enger Etüd, fir ze kucken op et ëmzesetze wier. No villem hin an hir, an net ze vergiessen den Awänn vum Staatsrot, ass den iwwerschafften Text elo am Ministerrot ugeholl ginn.

Et geet also nees op de laangen Instanzewee. Dobäi erwaart ee sech bei der CGFP vum Staatsrot de Punkt ze maachen. Mee de federale President vun der CGFP, Romain Wolff, leet grousse Wäert drop matzedeelen, datt d‘Gespréicher mam Inneminister positiv verlaf sinn. Beim Zäitspuerkont sinn d‘Erwaardungen dann esouwäit erfëllt.

Mat dësem „Accord“, dee sécherlech nach muss finaliséiert ginn, geet een awer géintiwwer dem Privatsecteur mam gudde Beispill vir. Zudeem, esou d‘Prezisioun vum Romain Wolff, eng Stonn huet 60 Minutten, an déi behält se och. Do géif näischt ëmgerechent, an esouguer de Congé géif berécksiichtegt ginn.

Allem an allem kann een esou bis zu maximal 1.800 Stonne „sammelen“. Dat entsprécht dann engem Joer, dat ee sollt dierfen als „Sabbat-Joer“ eranhuelen. D‘Iwwerstonne ginn esou net méi zu laaschte vun den Aarbechtsplazen, oder de Qualitéit vun Aarbecht déi fir de Bierger geleescht gëtt.

Den „Horaire Mobile“

Als weideren Erfolleg muss een e puer „kleng“ Upassunge beim Horaire Mobile gesinn. Esou begréisst d‘CGFP datt déi obligatoresch Mëttegpaus op eng Hallefstonn gekierzt ginn ass. Dat war dann och eng vun den zentrale Fuerderungen, där endlech Rechnung gedroe ginn ass.

Eng weider Moossnam iwwert déi sech e sëlleche Beamte freeën dierften, ass d‘Zäit zu där ee säin Déngscht kann ufänken. Wie mueres gutt aus dem Bett kënnt kéint, an deene Verwaltungen an deenen et méiglech ass, elo schonn um 06.30 ufänken. Eng gutt Moossnam, déi, esou d‘CGFP, och dozou ka bäidroen d‘Verkéierssituatioun ze entschäerfen.

Wat elo nach emol de Zäitspuerkont betrëfft, esou gëtt nach ënnerstrach, datt deen net nëmmen de Beamten an Employéee beim Staat zerguttst kënnt, mee och muss an den ëffentlechen Ariichtungen (Etablissements Publics) ugewannt ginn.

Beim „congé spécial“ wou sech d‘CGFP nëmme fir Verbesserungen agesat huet, gëtt et leider och schlecht Nouvellen. Beim Bestietnes ginn et nëmmen nach 3 Deeg Congé (amplaz 6) a wien sech fir e Solidaritéitspakt (PACS) entschléisst kritt nëmmen 1 Dag Congé. E Fait deen ee bei der VGFP net novollzéie kann, an esou séier wéineg mat „Gläichstellung“ ze dinn huet.

Wien sech iwwert Nowuess erfreet, et awer verpasst huet sengem Patron zwee Méint virun der Gebuert Bescheed ze soen, riskéiert nëmmen 2 Deeg Extra-Congé ze kréien. Och dat gesäit ee bei der CGFP kritesch, mee ënnert dem Stréch bréngen déi Reegele méi Vir- wéi Nodeeler.

Elo awer

Dat gesot, fuerdert d‘CGFP elo awer vun der Regierung, datt d‘Gesetz nach an dëser Legislaturperiod vun der Chamber gestëmmt gëtt. Dat kann allerdéngs nëmmen dann de Fall sinn, wann och de Staatsrot an d‘Gäng kënnt a säin Avis zäitno areecht.

Zu der Fuerderung, vun der Regierung eng schrëftlech Stellungnam ze erhalen, esou konnt de Romain Wolff bestätegen, datt déi Äntwert um Freideg agaangen ass. D‘CGFP begréisst dann och ausdrécklech, datt sech d‘Regierung dem Dialog net verschléisst.

Am Géigesaz zur Regierung ass d‘CGFP dann awer der Meenung, datt déi verbessert Reform direkt muss an Ugrëff geholl ginn, an net Bestanddeel vun engem spéidere Kollektivvertrag ka sinn. Datt d‘Parteien op déi eng oder aner Form hir Äntwert eraginn hunn, dat ass bekannt, an elo bleift d‘Sëtzung vum Nationalvirstand (28. Februar) ofzewaarden, wéi domatter ëmzegoen ass.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CGFP, Fonction Publique, Horaire Mobile, Zäitspuerkonte
Next post Previous post