Search

You may also like

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht
International Neiegkeeten

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht

Et ass ewell déi 12. Editioun vum CinEast, een europäesche

De Coronavirus stellt d‘Aarbechtsrecht a Fro
International Neiegkeeten

De Coronavirus stellt d‘Aarbechtsrecht a Fro

Well d‘Infektiounszuelen nees klammen, an d‘Regierung decidéiert schéngt am Kampf

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
International Neiegkeeten

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

Mexikanesch Regierung setzt Zaldote géint Migranten an

Washington erzwéngt mat Wirtschaftssanktioune militäreschen Asaz géint illegal Awanderung

Mexikanesch Regierung setzt Zaldote géint Migranten an

Nodeems den US-President annoncéiert huet, den Import vun alle Wueren aus Mexiko mat engem Strof-Zoll ze beleeën, an dëse Mount fir Mount ëm 5% unzehiewen, hat déi mexikanesch Regierung eng Delegatioun op Washington geschéckt, fir d‘Situatioun ze entschäerfen.

Dës Delegatioun, ugefouert vum mexikaneschen Ausseminister Marcelo Erbrard, sollt sech gëschter mam US-Ausseminister Mike Pompeo zu Gespréicher treffen. Gespréicher awer, déi den Donald Trump net fir Ziilféierend hält. Säin Argument: „25 Joer laang si Gespréicher gefouert ginn, dobäi erauskomm ass näischt. Elo mussen Dote follegen“. Eng Message, déi allen Uschäin no ukomm ass.

Migranten

Esou zumindest sollt een de massive bis exzessiven Asaz vu Sécherheetskräften am Süde vu Mexiko (Bundesstaat Chiapas) bewäerten, wou Arméi a Police mat der Agence fir Immigratioun, sech engem Grupp vu ronn 1.000 Migranten an de Wee gestallt hunn. Dës Operatioun, déi medial couvréiert gouf, sollt den USA signaliséieren, datt si versichen de Fuerderungen nozekommen.

Washington dierft vun dësem Timing wéineg iwwerrascht sinn. Zudeem stellt sech d‘Fro wat dësen „Aktivismus“ bedeite soll? Et sollt een net iwwersinn, datt all Joer honnertdausende Mënschen aus Süd- a Mëttelamerika sech op Wanderschaft begi fir der Gewalt an der Aarmut an hirem Land ze entkommen. Am Mee goufen esou 144.000 Persoune gestoppt, déi keng gülteg Pabeieren haten.

Migranten

Et dierft deem dommsten (Amerikaner) unhand dësen Zuelen ersiichtlech sinn, datt e Schwelleland wéi Mexiko – wou Korruptioun d‘Norm ass – guer net an der Lag ass déi Stréimung opzehalen. Dat géif nach net emol goen, wann d‘Zaldoten tatsächlech géifen ufänken d‘Leit ze erschéissen. Wann d‘USA sech net zu enger Politik duerchréngen déi d‘Ursaache bekämpft, geet et sech net op.

Fir den Ament awer dierft sech den US-President d‘Hänn reiwen. Hien huet de Mexikaner net nëmmen en neie Fräihandelsaccord opgezwongen – dee wuel nach net ratifizéiert ass – mee si carrement zum Befeelsempfänger degradéiert. Bei dësem Tempo kann et net méi laang daueren, bis Mexiko seng innepolitesch Entscheedunge mat Washington muss ofstëmmen.

mat indymedia/lax/hou a MilenioTV

Foto: Mexiko huet de Schoss aus Washington héieren a „wëll“ elo eppes géint déi illegal Migratioun ënnerhuelen. Dat zumindest ass déi offiziell Versioun. Faktesch dierft et onméiglech sinn déi Massen dauerhaft opzehalen, et sief et wier ee bereet op Fraen a Kanner ze schéissen. D‘Ursaache vun der Migratioun ze bekämpfe wier, esou den normale Mënscheverstand, eigentlech de richtege Wee. Dat geet awer net iwwertenaner mam Slogan: „America First“. © MilenioTV

Related topics Illegal Migratioun, Immigratioun, Mexiko, Strof-Zoll, US-Migratiounspolitik
Next post Previous post