Search

You may also like

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger
Meenung Neiegkeeten

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger

Ënnert 250 Kandidate konnten sech déi schéinst a bescht 17

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis
Meenung Neiegkeeten

„A gekifft gëtt awer“… den Debat zur Legaliséierung vum Cannabis

No enger Petitioun zur Legaliséierung vum Cannabis, war den Zousproch

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Editorial: Zänndoktere versus Patientevertriedung

Editorial: Zänndoktere versus Patientevertriedung

Den Dialog tëscht dem Verband vun den Zänndokteren (AMMD) an der Patientevertriedung fänkt un sech ze radikaliséieren. No engem laangen an ausféierlechen Interview an de Säite vun den Escher Kollegen aus dem „Quotidien“, stinn d‘Zeechen op Stuerm.

Esou hat de President vun der Patientevertriedung, René Pizzaferri, fierchterlech iwwert eben déi an der AMMD versammelt Zänndokter geiergert. Déi géifen nëmme blockéieren an hir eenzeg Motivatioun fir de Goss. Si géifen sech der Obligatioun sech enger Nomenklatura ze ënnerwerfen einfach net nokommen, an duerch hire Beholl d‘Asetze vun neie Prestatioune verhënneren.

Um Donneschdeg huet sech dann den AMMD-President Dr. Alain Schmit, net wéi ee sollt unhuelen en „Droit de Réponse“ am Quotidien ugefrot, nee hien ass op Nummer sécher gaangen – et wëll ee jo gehéiert ginn – an huet bei de Bertelsmänner um Kierchbierg un d‘Dier geklappt. Och déi wësse vum Interview, a hunn dem Zänndokter gären de Mikro opgemaach. An deen huet et lafe gelooss.

Well déi Froen déi ee sech selwer stellt oft am einfachsten ze beäntwerte sinn, huet de President sech net genéiert: „Wat ass d‘Kredibilitéit vun dësen Aussoen?“. Seng Äntwert dorobber war däitlech an inzisiv. Esou wier d‘Patientevertriedung ee geschlossene Club; schlëmmer nach, d‘Patientevertriedung wier de verlängerten Aarm vun der „béiser“ Gewerkschaft OGBL.

Ob tatsächlech nëmme 60% vun den Zänndokter bei der AMMD Member sinn, léist sech vun dëser Säit net bestätegen, an der AMMD kéint et jo och egal sinn, de Verband gëllt als representative Vertrieder vun dëser medezinescher Zunft. Den Dr. Alain Schmit huet dës Aussoen dann awer emol prophylaktesch a Fro gestallt. Zudeem géif et net zur Léisung vun de Problemer bäidroen.

Dat ass sécher kee falscht Argument, mee datt elo grad d‘AMMD sollt engagéiert sinn d‘Saachen zum Besseren ze veränneren – also emol de Patient nees an de Mëttelpunkt réckelen an sech fir den Tiers-Payant anzesetzen – kann ee leider net bestätegen. Och dann net, wann den AMMD-President vun engem zougänglechen a progressive System schwätzt, vun deem kee weess wat gemengt ass.

Geséchert ass, datt sech béid Alpha-Déier net esou séier wäerte ronderëm engem Dësch zu engem klärende Gespréich treffen. D‘Fuerderung vum Zänndokter, eng neutral Representatioun – also ouni politeschen a gewerkschaftlechem Afloss – ze schafen ass verständlech. Woubäi „neutral“ net „apolitesch“ bedeit an den OGBL als e Vertrieder vun der Zivilgesellschaft net auszeschléissen ass.

Et ass awer schonn eppes „nei“, datt eng Patronatsgewerkschaft (an näischt anescht ass d‘AMMD) sech umoosst d‘Representatioun vun der Zivilgesellschaft, dat trëfft kloer op d‘Patientevertriedung zou, bestëmmen ze wëllen. Et ass zudeem guer net esou falsch, säitens der Patientevertriedung, sech de Réck stäipen ze loossen. Rentner a Patienten hu net wierklech dat wat ee Lobby nenne kann…

Illustratioun: © Quang Tri Nguyen / unsplash

Related topics AMMD, Dr. Alain Schmit, Nomenklatura, OGBL, Patientevertriedung, Rene Pizzaferri
Next post Previous post