Search

You may also like

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“
International Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“

De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen

Giel Gileten Akt XII: Protest géint d‘Staatsgewalt
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XII: Protest géint d‘Staatsgewalt

Et ass schonn den 12. Samschdeg a Folleg wou déi

surprise
Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?
International Neiegkeeten

Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?

Se si Landwirt oder Museker, Entrepreneuren oder Studenten, Gebierteger oder

Den Zar vu Russland léist sech net aus der Rou bréngen

All Joer stellt sech de russesche President Vladimir Putin an der Jorespressekonferenz de Froe vu Journalisten, an dës Kéier hätt ee kënnen unhuelen, hie wier vläicht eppes nervös

Den Zar vu Russland léist sech net aus der Rou bréngen

Et hätt dann och ee gudde Grond ginn nervös ze sinn, well en internationaalt Journalistenteam huet Informatioune publizéiert, aus deem ervirgeet, datt un der Vergëftung vum politeschen Dissident Alexej Nawalny de russesche Geheimdéngscht bedeelegt war. An den FSB wier jo der Staatsspëtzt ënnerstallt, firwat de Zar vu Russland hannert dem Gëftuschlag stieche muss.

Bei hire Recherchen hunn d‘Journalisten erausfonnt datt Agente vum FSB de Kremlkritiker net nëmmen iwwerwaacht an ob Schratt an Tratt verfollegt hunn – wou elo an engem autokratesche Staat a bezunn op de Nawalny de Géigendeel éischter verwonnerlech wier – mee och en enke Kontakt mat Experte fir Chemesch Kampfstoffer haten. Nee si hunn et net mat eegen Ae gesinn.

De Spiegel hat ee Méindeg aacht Nimm vu Persoune verëffentlecht déi si als Mataarbechter vum FSB wëllen identifizéiert hunn. Déi sollen dann och de Gëftuschlag op den Dissident ausgefouert hunn. Stëtzen deet sech déi däitsch Publikatioun op gemeinsam Investigatioune mat „Bellingcat“, „The Insider“ a „CNN“. An och d‘Affer selwer huet ganz oppen erkläert d‘Leit ze kennen…

Gestäipt gëtt dëst Konstrukt, dat engem Roman vum John le Carré kéint entspronge sinn, duerch eng Flut vun Daten. Unhand Passagéier- an Telefonslëschten, kéint een noweisen, datt déi aacht genannte Leit, ëmmer zu den Terminer vum Kremlkritiker gereest sinn, an och an der Géigend waren, wéi den Alexej Nawalny um 20. August en „Téi mat Schoss“ am Fliger zerwéiert krut.

Hien dréit et mat Fassung

Et muss eng ustrengend „Missioun“ fir d‘Journalistenteam gewiescht sinn, datt alles Zäitgerecht zesummegestallt ze hunn, an natierlech stécht, och am Fall vun engem ideologesch nationalistesch bis antisemitesch agestallten Alexej Nawalny, och eppes politesch Motivatioun hannert esou scho brisant Themen. A wien da mengt et géif just drëms den Zar vu Russland ze diskreditéieren…

Wéi och ëmmer, de Vladimir Putin ass mat alle Waasser gewäsch, an hëlt d‘Saache wéi se kommen. Op d‘Affär Nawalny ugeschwat (jo natierlech vun engem regierungsfrëndleche Journalist, nach ass et dem russesche President seng Jorespressekonferenz) huet den Zar Vladimir kloer zum Ausdrock bruecht, datt hannert de Recherchen déi amerikanesch Geheimdéngschter stiechen. Méiglech? Jo!

A wann de President vun der russescher Federatioun argumentéiert: „De Patient an der Berliner Klinik gëtt vun US-Geheimdéngschter ënnerstëtzt. Dat heescht datt den FSB hien iwwerwaache muss. Dat awer heescht net datt een de Mann vergëfte muss. Wie brauch den Nawalny? (…) An ugeholl se hätten hie wëlle vergëften, mengt der eeschthaft hie wier dann nach um Liewen?“.

Amuséiert statt verleeën

Bei dëser Stellungnam hat de Vladimir Putin ee risegt grinsen am Gesiicht, an huet sech iwwert d‘Form wéi d‘Aart a Weis vun der Duerstellung lëschteg gemaach. Et ass scho richteg, datt déi westlech Muechten, déi sech hei fir den Dissident asetzen, zum engen ee kloert Zil verfollegen. D‘Russen allerdéngs och, firwat kenger Säit hei ze trauen ass. A wéi gesot, den Zäitpunkt…

Wann alles emol ze flott a perfekt orchestréiert ass, muss een och dierfen Zweiwel um Seriö vu „Kolleegen“ hunn. An natierlech ass bekannt a gewosst, wéi eng Strategie säitens dem Kreml verfollegt gëtt: sech selwer als Affer duerstellen. Dat war jo esou am Kontext vun der Krim-Annexioun, dem Ofschoss vum malaysesche Passagéierfliger MH17 an anerem méi.

An der Finalitéit daacht dem russeschen Zar säin Dementi esou wéineg wéi déi eppes zäitlech ze optimal virgeluechten „Indizien“ vu journalisteschen Organer, déi och eng kloer politesch Linn verfollegen a vertrieden. Waren et d‘Russen? De Vladimir Putin entkräft Fakten, widderleet se allerdéngs net. Esou Geschichten eegenen sech beschtens fir Bicher, Filmer an Theaterstécker…

mat indymedia/mow/tlv

Illustratioun: Дмитрий Осипенко / Pixabay

Related topics Alexej Nawalny, FSB, Gëftuschlag, Jorespressekonferenz, Kreml, Moskau, Russland, Verschwierungstheorien, Vladimir Putin, Zar
Next post Previous post