Search

You may also like

Giel Gileten Akt XXVI: Déi lescht Cartouchen?
Meenung Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXVI: Déi lescht Cartouchen?

Et ass den zweete Samschdeg a folleg wou een d‘Gefill

Eng charakterlos Stad?
Meenung Neiegkeeten

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais
Meenung Neiegkeeten

Akkreditéierung vu fënnef Ambassadeuren am Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog noenee fënnef Ambassadeuren hir Akkreditéierung

Editiorial: Ze gutt gemengt oder d‘Saach ënnerschätzt?

Editiorial: Ze gutt gemengt oder d‘Saach ënnerschätzt?

Zanter gëschter Owend 18 Auer kann ee sech op impfen.lu androen, wann ee keng bedenken huet sech mam AstraZeneca, deen elo Vaxzevria heescht, vaccinéieren ze loossen. Laut eisem Test, war d‘Säit um 17.53 online, an scho kuerz virun 20 Auer konnte mir op de Formulaire zougräife fir sech unzemellen. Lëtzebuerg ass jo eng „Digital Natioun“ a beim CTIE huet een Anung.

Dat war gëschter an haut sollten d‘Hären, déi vun der Regierung den Optrag hunn den Internet vun eben der Regierung an de Verwaltungen um lafen ze halen, tatsächlech iwwerrascht gewiescht sinn, datt de System deen si opgestallt hunn, dem Zoulaf un Demandeuren net gewuess ass. Esou haten sech bis 10 Auer de Moien, scho ronn eng 18.000 Leit ageschriwwen.

Interessanterweis gëtt de CTIE zou, datt eleng den 21. Abrëll iwwer 100.000 Verbindunge gezielt goufen, firwat si iwwer Nuecht de System hu missen upassen. (116.000 tëscht 18 an 19 Auer eleng) Firwat een net vu vireran domadder gerechent huet, dat et ee gréisseren Interessi kéint ginn? Dat wollt keen direkt beäntwerten, firwat een nëmme spekuléiere kann, wourunner et geleeën huet.

Esou ass et méiglech, datt beim CTIE kee sech wëll impfe loossen an een dovunner ausgaangen ass datt an der Bevëlkerung den Interessi gläichermoossen ausgepräägt ass. Méiglech ass awer och datt si dovunner ausgaange sinn, de Lëtzebuerger géif sech „Zäit loossen“. Wéi och ëmmer, datt et nees un den neien Technologie gescheitert ass, wou mir dach esou „up to date“ sinn, ass traureg.

Natierlech gleeft een de Beamten a Privatbeamte vum CTIE, wann déi erklären, datt et esou en Interêt fir eng vun hire Säiten nach ni ginn huet. Et muss ee sech jo just hir Säiten ukucken, fir ze wëssen, datt een dat nëmmen oprifft wann een et wierklech brauch. Esouguer dann ass et éischter enttäuschend… Méiglech ass awer och dat si de Projet proaktiv sabotéiere wollten.

Related topics CTIE, Impfcampagne, ImpfenPunktLu, Impfstrategie, Internet, Internetsäit
Next post Previous post