Search

You may also like

En Oktober ganz am Zeeche vum Bongert
International Neiegkeeten

En Oktober ganz am Zeeche vum Bongert

Nieft de fantastesche Fielslandschaften huet d’Regioun vum Mëllerdall nach e

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
International Neiegkeeten

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

money
Den Aarbechtsminister an der Defensiv
International Neiegkeeten

Den Aarbechtsminister an der Defensiv

Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech

Däitschland: Ze vill Fräiheet zerstéiert d‘Fräiheet

Robert-Koch-Institut warnt virun engem laschen Ëmgang mat den Deconfinementsmoossnamen, Impfgéigner a Patrioten demonstréiere fir déi total Ëffnung

Däitschland: Ze vill Fräiheet zerstéiert d‘Fräiheet

Dat mat deem et muss ee méi „zouloossen“ hätt een den Ament besser mat: „et muss ee méi zou loossen“ missen iwwersetzen. Säit eng Aart Wettkampf ënnert de 16 Bundeslänner entstanen ass, wien dann elo senge Bierger déi meeschte Fräiheeten zougesteet, riskéiert d‘Covid19-Pandemie nees un Dynamik ze gewannen. De Robert-Koch-Institut (RKI) fuerdert Virsiicht a Vernonft.

Fräiheet

Bezunn op déi deeglech Berichter vum RKI, ass d‘Reproduktiounszuel (de sougenannten R-Vektor mat deem festgestallt gëtt wéi vill Mënschen eng Persoun ustieche kann) nees méi héich wéi 1, wou dëse sollt ënnert 1 gehale ginn. E Freideg hat dësen R-Wäert bei 0,83 geleeën, wat ee gutt Zeeche war. Elo ass dësen op 1,1 geklommen, eng Tendenz déi een net dierft weider zouloossen.

Fräiheet

Vum RKI – deem seng Kompetenz am Kontext vun der Pandemie net ze bezweiwelen ass – gëtt erkläert, datt een bei der Evaluatioun vun der Situatioun och misst op déi statistesch Schwankunge misst agoen. Déi géifen duerch déi géigewäerteg geréng Zuel vun den Infizéierte verstäerkt, firwat et sech net mat Sécherheet beleeë léisst op d‘Neiinfektioune réckleefeg sinn oder zouhuelen.

FräiheetDéi nei Donnéeën déi elo virleien, géifen zur Virsiicht ermahnen an et misst een elo dat Ganzt gutt am A behalen, wann een un den Deconfinementsmoossname festhält an esouguer weider ausbaue wéilt. Laut RKI gouf et op den 9. Mee an Däitschland, 168.551 bestätegt Infektiounen, 7.369 Leit sinn dem Covid19 erleeën, ronn 143.000 Mënsche gëllen als „geheelt“. Dat ass nach ëmmer gutt.

Wann een de Mënsch virun sech selwer schütze muss

Leschte Mëttwoch hat d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel ee Sommet mat de Ministerpresidenten aus de 16 Bundeslänner. Vill ënnert hinnen hate schonn am Virfeld wësse gelooss, datt si sech déi Recommandatioune wéilten unhéieren, an am gläichen Otemzuch ze verstoe ginn, datt si hi eege Pläng a Moossnamen eigentlech längst definéiert hätten. D‘Cheffin huet se du gewäerde gelooss.

FräiheetDat féiert derzou, datt et keng gemeinsam Linn gëtt, an d‘Lackerung vun de Mesuren elo jee no Bundesland, ganz ënnerschiddlech gehandhaabt gëtt. Esou gëtt dat mam Versteesdemech vun de Leit näischt, soll jo – esou wëll et d‘Verfassung – jiddereen déi gläich Rechter hunn. Dat huet dann och schonn, ähnlech wéi an den USA, just ouni Waffen, zu Protester fir nach méi Ëffnung gefouert.

Berlin, Frankfurt, München a Stuttgart – mee och op villen anere Plazen – hunn dausende Mënsche géint déi nach ëmmer bestoend Mesure protestéiert. Zu Stuttgart hat den Organisateur vum Protest eng Demonstratioun mat 50.000 Leit ugemellt, wat vun der Stad awer ob 10.000 Participanten erof gesat ginn ass. Laut der Police hu sech d‘Leit un d‘Distanze gehalen an och eenegermoosse beholl.

FräiheetOrganiséiert gëtt de Protest vun der Initiative „Querdenken 711“, eng Beweegung an där sech, esou geet et aus der Recherche vum SWR ervir, Impfgéigner, Rietspopulisten, Räichsbierger a Faschisten „breet gemaach“ hunn. Déi meescht vun den Demonstrante géifen sech Oppen hannert d‘Appeller vum Mouvement „Widderstand2020“ stellen, woubäi een dat gehéierlech relativiséiere muss.

D‘Kollege vun der „Berliner Zeitung“ hunn do Erstaunleches festgestallt, wat dem Mouvement elo net gutt zu Gesiicht steet. Och d‘Kollege vun der „Deutsche Welle“ (DW) sinn an engem Video op déi sougenannt „Hygiène-Demonstratiounen“ agaangen.

Bei dëse Protester/Demonstratiounen ass et och nees zu Gewalt géint Journaliste komm, zu Berlin huet d‘Police Verhaftunge géint Glatzkäpp missen duerchféieren, déi ganz „offensiv“ demonstréiert hunn, wat si vum Sécherheetsofstand esou halen. En ähnlecht Bild gouf och zu München gewisen, an d‘Police huet och hei op de „rietsextreme Charakter“ vun den Demonstrante missen hiweisen.

mat indymedia/ber/fra/muc

Foto: A ganz Däitschland hunn Impfgéigner, Faschisten a Verschwierungstheoretiker géint d‘Diktat vum Covid19 demonstréiert. Zu Gera (Thüringen) sinn FDP an AfD nees gemeinsam opgetrueden. Masken oder Sécherheetsofstand, wéi d‘Anhale vun der Begrenzung vun der Zuel vu Participante, dat këmmert hei keen. (Den zweete Mann vu Riets ass den Thomas Kemmerich, FDP, dee sech vun der AfD zum Ministerpresident wollt wiele loossen) © Madeleine Henfling (via Twitter)

Related topics Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Faschisten, Impfgéigner, Robert-Koch-Instititut, Verschwierungstheoretiker
Next post Previous post