Search

You may also like

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!
Neiegkeeten

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!

Schonn zënter 2003 ass de Rapper Uai, dee biergerlech Yves

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
Neiegkeeten

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

Méi Steiergerechtegkeet elo!
Neiegkeeten

Méi Steiergerechtegkeet elo!

Obwuel d‘Coronavirus-Kris alles anescht wéi iwwerstanen ass, gëtt eppes däitlech:

Den Zenter fir erweidert Fleeg zu Gréiwemaacher

Ab dem 10. Abrëll huet den Zenter fir erweidert Fleeg zu Gréiwemaacher vun 10:00 bis 18:00 Auer op. Déi dräi aner Zenteren (LuxExpo, Rockhal, Däichhal) si weiderhin vun 8:00 bis 20:00 Auer op.


Zënter vergaangenem Freideg huet och den Zenter fir erweidert Fleeg zu Gréiwemaacher seng Diere fir d’Patienten op. Zesumme mat den Zentren an der Rockhal, der Luxexpo an der Däichhal sinn een elo déi 4 geplangt Ulafstellen fir Persoune mat Verdacht op Covid-19 oder scho mat Symptomer vum neiaartege Coronavirus asazbereet.

An allen Zentren gëtt et méiglech gemaach, datt 8 Doktere parallel Consultatioune maachen. An enger éischter Phas wäert d’Offer vun 8 bis 20 Auer (och Weekends) ugebuede ginn, a jee no Besoin souguer erweidert ginn.

Agedeelt an zwee getrennt Beräicher fir Consultatioun ginn op enger Säit d’Patienten empfaangen, déi Zeeche vun der Infektioun mam Virus Covid-19 opweisen. Op der anerer Säit hëlt ee Persounen op, déi keng Symptomer opweisen. Fir d’Waardezäiten op ee Minimum ze reduzéieren ginn méi Patiente gläichzäiteg betreit.

Gréiwemaacher

© SIP / Emmanuel Claude

Wärend den Ëffnungszäiten verséchert een Dokter déi medezinesch Ënnersichungen, wärend d’Infirmièren an Infirmieren konstant d’Basisfunktioune vum Kierper observéieren an déi noutwenneg Informatiounen opgräifen. Ma, eng Ekipp këmmert sech ëm d’Sammele vun administrativen Informatiounen, wärend eng aner am logistesche Beräich aktiv ass.

An den ambulante Behandlungszentren gëtt dat noutwenneg Material zur Verfügung gestalt, fir eng grouss Unzuel u Patienten opzehuelen an, wann néideg, och ze behandelen. Wéi och am Spidol ginn Urgencen der Rei no ënnersich. Sollt sech den Gesondheetszoustand vum Patient allerdéngs wärend der Behandlung gravéierend verschlëmmeren, ass ee sanitären Oftransport virgesinn.

Fir den essentielle Kritär, also d’Vermeide vun all Kontakt tëscht de Patiente mat an ouni Symptomer, ze erfëllen, ginn d’Persoune scho bei hirer Arrivée an eng vun den zwou Reien agedeelt. Sinn déi perséinlech Donnéeën opgeholl, këmmert sech eng Infirmière/een Infirmier ëm déi éischt Anamnes. Déi medezinesch Ënnersichung gëtt schliisslech vum Dokter duerchgefouert.

Gréiwemaacher

© SIP / Emmanuel Claude

Sollt et den Dokter Verdacht op d’Infektioun mam Covid-19 hunn, gëtt op der Plaz een Test gemaach. Fält dëse positiv aus, muss de Patient, jee no Gesondheetszoustand, entweder an Auto-Isolement goen, oder och am Spidol behandelt ginn.

D’Consultatioun an engem vun de 4 Zentren ass gratis. De Patient muss seng Kaart vun der Krankekees an d’Carte d’Identité bei sech hunn. All noutwenneg Informatiounen fannt Dir schéin zesummegefaasst nach emol HEI.

D’Billergalerie zum Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal fannt Dir uewen © SIP / Emmanuel Claude


Weider Fotoen zu den 4 Zenteren fir erweidert Fleeg fannt Dir hei:

Related topics ambulante Behandlungszenter, Coronavirus, Covid-19, Dokter, Gréiwemaacher, Infektioun, Patient, Zenter fir erweidert Fleeg
Next post Previous post