Search

You may also like

Avis fir de Public: Nuetschantier um Boulevard Royal vum 18. bis de 27.Mäerz
International Neiegkeeten

Avis fir de Public: Nuetschantier um Boulevard Royal vum 18. bis de 27.Mäerz

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public an d‘Benotzer vum ëffentlechen Transport,

Den US-President hält d‘Staang riicht
International Neiegkeeten

Den US-President hält d‘Staang riicht

An enger Usproch un d‘Amerikaner huet den Donald Trump drop

surprise
Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?
International Neiegkeeten

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Bei der Sëtzung vum Syvicol an der Märei zu Lëtzebuerg,

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

Éischt Migranten un der US-Grenz mat Mexiko, wéi geet et weider?

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus Zentralamerika, déi sech zu enger Karawann zesummegeschloss hunn, an d‘USA areesen ze kënnen, als héchst onwahrscheinlech bezeechent. D‘Migrante sinn elo um leschten Etappenzil, Tijuana, ukomm.

„Hir Méiglechkeeten an d‘USA eranzekomme leie bei ‚Null‘ a si wëssen dat och. Et handelt sech hei ëm eng vulnerabel Populatioun, an alles wat sech op der Grenz zoudroe kann, ass riskéiert“, huet de mexikaneschen Inneminister, Alfonso Navarrete Prida, an engem Interview mat engem lokale Radiosender deklaréiert.

Déi mexikanesch Regierung wëll mat de Migrante Kontakt ophuelen, a versichen se dovunner ofzehalen, dat ze maache wat se schonn am Salvador oder dem Guatemala gemaach hunn: „stiermen“ oder „mat Gewalt d‘Grenz iwwerschreiden“. „De Risk vun enger Ausenanersetzung op der Grenz ass reell“, esou de Minister.

Déi gréisst Gefor lauert hannert der Grenz

Hien huet zudeem nach emol op den „oppe feindlechen Discours“ vum US-President higewisen, deen d‘Migranten als „geféierlech a kriminell“ bezeechent huet, déi Amerika iwwerfale wéilten. Et wier och richteg, datt d‘Autoritéiten no Weeër sichen, fir d‘Migrante vun de Grenziwwergäng ewech ze halen, an grouss Versammlunge bei der Grenz ze verhënneren.

D‘Migrantekarawann ass en Donneschdeg an der mexikanescher Grenzstad Tijuana ukomm. Si besteet aus ronn 1.700 Persounen. Op der amerikanescher Säit, stinn hinnen dausenden US-Zaldote géinteniwwer. Déi hunn Stacheldrot ausgerullt, sinn bis ënnert d‘Zänn bewaffent, a gi vun dräi Helikopter-Staffelen, aus der Loft ënnerstëtzt.

Si waren den 13. Oktober zu San Pedro Sula (Honduras) a Richtung USA opgebrach. D‘Migranten, déi virun der Aarmut an der Gewalt an hirem Land flüchten, hu mëttlerweil iwwer 4.300 Kilometer zréck geluecht. Haaptsächlech ze Fouss a mat „Auto-Stopp“. Déi éischt sinn elo zu Tijuana ukomm. Laut dem Minister, sollen sech aktuell eng 8.000 Migranten a Mexiko ophalen.

Foto: Eng 1.700 Migranten aus Zentralamerika si gëschter an der mexikanescher Grenzstad, Tijuana, ukomm. Si sinn decidéiert sech „duerchzeschloen“, während déi mexikanesch Regierung si vum „onméiglechen“ ofhale wëll. Op amerikanescher Säit, ass et de Verdeedegungsminister Jim Mattis, deen um Freideg seng „Truppen“ inspizéiere wëll, déi d‘Migranten, zur Nout mat Waffen, ophale sollen. © Alfredo Estrella/AFP

Related topics Alfonso Navarrete Prida, Jim Mattis, Mexiko, Migranten, USA, Zaldoten, Zentralamerika
Next post Previous post