Search

You may also like

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis
Kultur Neiegkeeten Stories

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Rakéitenugrëff op d‘US-Basis zu Tadschi (onwäit vu Bagdad)

Dem Beiefritz säi Wanterbéier: Schnell nach profitéieren!
Kultur Neiegkeeten Stories

Dem Beiefritz säi Wanterbéier: Schnell nach profitéieren!

Wärend dem Beiefritz seng schwaarz-giel Mataarbechter mat hirer Kinnigin zeréckgezunn

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?
Kultur Neiegkeeten Stories

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

De geféierlechen TR4 Pilz bedreet den Ubau vun der Banann

D‘Lëtzebuerger Sprooch: Eis Identitéit um Liewen halen

D‘Lëtzebuerger Sprooch: Eis Identitéit um Liewen halen

Sot Dir „Kaffi drénken“, „frühstücken“ oder „d‘Moiesiessen zou sech huelen“? Wéi notzt een d‘Verb „verkasematuckelen“ eigentlech richteg a wat wëll eigentlech „Den Härgott mat der décker Zéif hunn“ aussoen? Am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ginn Äntwerten op déi verschiddenst linguistesch Froe formuléiert an esou e Stéck vun eiser Kultur an Identitéit um Liewe gehalen.

Eng sympathesch Ekipp aus 14 Leit – dorënner Linguisten, Etymologen, Informatiker a méi – setzt sech dofir an, eng ganz Rëtsch Missiounen ze erfëllen, déi d‘Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (20.07.2018) hinnen operluecht huet. Dobäi sollen de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen gefërdert, Reegelwierker ausgeschafft a linguistesch Hëllefsmëttel kreéiert ginn.

All Dag gëtt den ZLS mat einfachen a komplexen Froen zu Wierder, hirer Orthografie, dem Ursprong a villem méi konfrontéiert. Fir eng detailléiert Äntwert bidden ze kënnen, braucht et jee no Fall eng déifgrënneg Recherche, wat Zäit an Usproch hëlt. Ma, et sinn awer grad dës Messagen, wéi och Gespréicher ënnerhalb vun der Ekipp, déi de Sproochendebat ureegen a beweisen, wéi villsäiteg eng Sprooch dach ka sinn.

Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
© Shari Pleimelding / moien.lu

„Et gëtt esou vill Sproochen, wéi et Spriecher gëtt“

Sprooch ass lieweg an entwéckelt sech. Se ännert mam Alter, dem Kontext, der Demografie, jo souguer duerch Trends. Goufe fréier mam Jéineschen Begrëffer wéi „Moss“, „Zankert“ oder „Knëff“ reegelméisseg genotzt, ass mëttlerweil d‘Jugendsprooch mat Wierder wéi „scrollen“, „downloaden“ an „liken“ am Gebrauch.

D‘Aussprooch ännert, a jiddereen huet Affinitéiten, ob ee sech dann elo léiwer op dat Däitsch oder Franséischt bezitt. Géift Dir éischter „Course poursuite“ oder „Verfollegungsjuegd“ soen? Och am Lëtzebuergeschen gi ganz Wierder, respektiv Deeler dovun aus anere Sproochen iwwerholl a konnte sech mat der Zäit festegen, wéi beispillsweis „Merci“, „Sanitäter“ oder „Avis“.

Bei der Sprooch spillen Emotioune mat, erkläert den ZLS-Direkter Luc Marteling. An och mir hunn eis ëmmer erëm dobäi ertappt, an Diskussioune ronderëm verschidde Wierder, hir Notzung oder Schreifweis verfall ze sinn. Ma, et ass grad dësen Austausch an Debat, deen een un der Sprooch schätze sollt.

Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
D’Isabel suergt mat dofir, datt am LOD déi gewënschte Wierder an Informatiounen optauchen © Martine der Lagardère / moien .lu

Den LOD – Hëllefsmëttel fir Mammesproochler an Auslänner

Bei der Ausschaffung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire ginn divers Uspréch gestallt. E soll dynamesch a pragmatesch sinn, sech schnell u Situatiounen upassen, mat der néideger Distanz a Qualitéit beaarbecht ginn, awer och d‘Traditioun festhalen. Guer net emol esou einfach!

Ugefaangen hat d‘Ekipp beim Korpus vum physeschen Dictionnaire a senger alphabetescher Reiefolleg. Hat ee bis eng Basis zesummen, konnt domat ugefaange ginn Wonschwierder vun Notzer opzehuelen, op Trends ze reagéieren an och déi meescht gesichte Wierder opzehuelen. Esou ass ënnert anerem mam Ufank vun der Pandemie e Covid-19-Glossaire kreéiert ginn.

Mëttlerweil zielt den LOD iwwer 30.000 Artikelen, dovunner sinn der 1.200 Stéck aktuell nach een Template, also net komplett mee d‘Schreifweis kann een alt scho gesinn. Domat kënnen net nëmme Persounen, déi eis Sprooch léiere wëllen eppes ufänken, mee och d‘Lëtzebuerger selwer Äntwerte fannen.

„Vill Leit ginn an den LOD nosichen, fir d‘Orthografie ze gesinn“, betount de Luc Marteling. Privat mécht jiddereen, wéi e wëll, mee am professionelle Beräich géif ee jo scho gär déi richteg Schreifweis gebrauchen.

Ma, den LOD huet eng ganz Palette un Informatioune virzeweisen: 4 Iwwersetzungssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) gi gebueden, Erklärungen zum Gebrauch, Beispillsätz, a bei Verben d‘Konjugatiounstabellen ugewisen. Bei ëm 1.000 Artikelen sinn mëttlerweil Videoe mat Gebäerdesprooch ze fannen, an och Persoune mat Dyslexie kënnen duerch ee Klick d‘Schrëft vereinfache loossen.

An Zesummenaarbecht mat der Uni.lu ass d‘phoenetesch Transkriptioun ausgeschafft ginn. Fir d‘Aussprooch nach besser ze verstoen, kann ee sech Opzeechnungen ulauschteren. Heifir notzt den ZLS säin eegenen Tounstudio, wou reegelméisseg Wierder agelies, opgeholl a geschnidde ginn.

Et léiert een all Dag bäi

Zënter 5 Joer schafft den Alex mat groussem Engagement fir den Zenter. Hien huet den Asperger-Syndrom, gëtt awer a sengem Beruff behandelt wéi all anere Kolleeg. Zum enge kontrolléiert a completéiert hie gescannten Texter, këmmert sech zum aneren ëm d‘Opnamen am Studio. „Ech léiere selwer ëmmer erëm nei Wierder bäi“, erkläert hien, nodeems en eis seng Aarbecht detailléiert virgestallt huet.

Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
De Meeschter vum Tounstudio © Martine der Lagardère / moien .lu

Bäigeléiert, respektiv sech u bal vergiesse Wierder a Riedensaarten erënnert, huet déi ganz Ekipp sech bei der Ausschaffung vun de Wierker zum „Lëtzebuerger Wuertschatz“. Ganzer 12 Bänn si virgesinn, a mat „Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch“ an „D‘Pan klaken an d‘Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten“ duerften déi éischt Zwee schonn en immense Succès feieren.

Net nëmme beim Opruff an der Ëffentlechkeet, Wierder a Riedensaarten ze schécken – do sinn iwwregens iwwer 1.600 Mailen mat enger, respektiv ganzen Unheefungen u Virschléi erakomm – mee och wou déi physesch Wierker erauskomm sinn, ass opgefall wéi grouss den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a senger Notzung ass.

Am November soll den drëtte Band mat Uebst a Geméis erauskommen. Dobäi sinn dës Bijouen op kee Fall dréchen, mee iwwerzeegen duerch hiren Design, Iwwerraschungen a sou munche lëschtegen Ausdréck. Mat „Wat ee Kabes“ ka schliisslech d‘Geméis, mee och de Blödsinn gemengt sinn.

Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch
D’Lëtzebuerger Sprooch huet och bei eisem Treffe fir vill Gespréichsstoff gesuergt – (v.l.n.r.) Armand Becker, Luc Marteling, Alexandre Ecker © Martine der Lagardère / moien .lu

Se hu vill wëlles!

Geet et ëm Iddien a Kreativitéit, esou platzt den ZLS bal u Motivatioun. Ënnert den kommende Bänn soll esou eppes mam Jéineschen gezwafft, de Renert opgegraff, vläicht souguer d‘Jugendsprooch opgeholl ginn.

An Zesummenaarbecht mam INL an dem Ministère wéilt d‘Ekipp gären en Zertifikat fir orthografesch Tester op d‘Been stellen. Och eng mobil Ausstellung steet op hirer Lëscht an den LOD géif ee gären iwwerschaffen. Esou sollen ënnert anerem Infoboxen Detailer zum kulturellen an historeschen Hannergrond vun engem Wuert ginn oder drop hiweisen, wann eng Variant éischter genotzt gëtt wéi eng aner. E ganz schéin décke Programm kënnt do nach op den ZLS duer.

Wichteg ass et, datt eis Sprooch duerch hire Gebrauch um Liewe gehale gëtt. „Et ass kontraproduktiv ze fäerte fir ze schwätzen“ ënnersträicht de Luc Marteling. Aus Feeler léiert een, an duerch Diskussiounen fërdert ee souguer eng Sprooch.

Opmaacherbild: © Martine der Lagardère / moien .lu

Related topics Erklärungen, Identitéit, Lëtzebuerger Online Dictionnaire, Lëtzebuerger Wuertschatz, Lexikon, LOD, Luc Marteling, Orthografie, Sprooch, Traditioun, Ursprong, Varianten, Zentrum fir Lëtzuebuerger Sprooch, ZLS
Next post Previous post