Search

You may also like

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!
Neiegkeeten

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?
Neiegkeeten

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?

Um haitege Mëtteg konnt een an der Stad um Mëtteg

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer
Neiegkeeten

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer

Hannert der zweeter Dier vum Béier-Adventskalenner verstoppt sech haut den

Zesumme fir de Klima: e Concours fir all d‘Veräiner

Zesumme fir de Klima: e Concours fir all d‘Veräiner

Während sech zu Bonn beim COP23 de Kapp zerbrach gëtt, wéi een dann elo d‘Ziler beim Klima, déi ee sech scho beim COP21 zu Paräis gesat huet, och endlech ëmsetzt, huet ee sech zu Lëtzebuerg beim Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère geduecht Neel mat Käpp ze maachen.

„D‘Nouvelle sinn net gutt“ sot dann och de Camille Gira „2016 ass esouvill CO² ausgestouss gi wéi nach ni“. An de Staatssekretär hätt dann och gären, datt ee virukënnt. Et wier natierlech wichteg global u Léisungen ze schaffen, mee richteg gesinn ass d‘Erkenntnis „konkrete Klimaschutz fënnt net op Konferenze statt“.

Mir wieren also alleguerte gefuerdert. Dat ass richteg, well wa jiddereen eng Hand mat upéckt dann ass alles méiglech. Wann sech dann nach vill Hänn zesummendinn, an hei och nach d‘Käpp zesummegestach ginn, jo dann ass ee jo scho bal eppes wéi e Veräin. An hei si mer dann och beim Concours ukomm.

KlimaConcours fir Veräiner

Mam Slogan „zesumme fir d‘Klima“ organiséiert de Ministère an Zesummenaarbecht mam Ökozenter Pafendall, e Concours dee sech geziilt un d‘Veräiner riicht. Eng Iddi déi a villen Hisiichte Sënn mécht: Veräiner bréngen net nëmmen „intern“ vill Leit zesummen, mee duerch d‘Aktivitéiten, Fester an Treffe kënnen sech gutt Iddie verbreeden.

Veräiner sinn also en natierleche Multiplicateur. Zudeem huet all Veräin seng Gemeng. Wien Gemeng seet denkt „Klimabündnis“ a läit goldrichteg. 105 Gemenge sinn an Tëschenzäit am Klimapakt, an de Concours sollt een dann och am Kader vum Klimapakt gesinn. Mat der Fërderung vun de Veräiner stäerkt een och d‘Gemengen.

De Concours ass dann och vir all Veräin op. Dee sollt elo wéinstens op senger Gemeng agedroe sinn, Statuten hunn, kee Gewënnzweck verfollegen an natierlech säi Sëtz zu Lëtzebuerg hunn. Et geet och net drëms wéi grouss oder kleng de Veräin ass, et geet ëm d‘Aktioun, déi e positiven Impakt op de Klima muss hunn.

Gutt ze wëssen…

Emol ganz dovunner ofgesinn, datt schonn um Internetsite http://klimaconcours.lu/ vill nëtzlech Informatiounen enthale sinn, esou ass een am Ökozenter gäre bereet mat Rot an Dot de Veräiner bäizestoen. Den Thierry Lagoda huet an dësem och drop higewisen, datt den 12. Dezember am Ökozenter ee Workshop organiséiert gëtt, wou et Äntwerten op d‘Froe gëtt déi hei bestëmmt ufalen.

An et gëtt natierlech och eppes ze gewannen. Woubäi ee scho belount gëtt wann ee matmécht. All Veräin deen eng zoulässeg Kandidatur eragëtt, kritt eng Opwandsentschiedegung vun 100 Euro. Gehéiert een um Enn zu den dräi Beschten, da si bis zu 5.000 Euro fir d‘Veräinskeess dran.

Woubäi et sécherlech schonn eng Belounung ass, och ouni ënner den éischten dräi ze sinn, eppes op d‘Bee gestallt ze hunn datt einfach nozemaachen ass an eise Matmënschen zerguttst kënnt. Seng Kandidatur kann nach bis den 30. Mee 2018 areechen. Berécksiichtegt gëtt all Projet deen tëscht dem 1. Januar 2017 an dem 30. Mee 2018 ëmgesat gëtt, respektiv an der Ëmsetzung ass.

Foto: (v.l.n.r.) Tierry Lagoda, Klimaberoder Ökozenter Pafendall; Camille Gira, Staatssekretär Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Camille Gira, KlimaConcours, Ökozenter Pafendall, Thierry Lagoda
Next post Previous post