Search

You may also like

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich
Neiegkeeten Stories

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou
Neiegkeeten Stories

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov,

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
Neiegkeeten Stories

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

„Zesumme fir Klimagerechtegkeet“: Staark Mobiliséierung a grondsätzlech Fuerderungen

Et heescht „d‘Kanner hunn domatter ugefaangen“, wat den ënnerschiddleche Beweegunge géint de Klimawandel a fir méi Klimagerechtegkeet nëmmen zum Deel gerecht gëtt. D‘Klimaproblematik ass wuel méi laang bekannt wéi vill jonk Aktivisten al sinn, mee et ass richteg datt si de Problem elo wëlle geléist kréien. Ee Freideg gouf et e weltwäie „Klimastreik“ a Milliounen hunn sech bedeelegt.

Och zu Lëtzebuerg war d‘Bedeelegung – gemooss un der gréisst vum Land – immens. Jee nodeem wiem seng Zuelen een hëlt, hunn 3.000 bis 5.000 Manifestanten un der Aktioun „United for Climate Justice“ deelgeholl. Nieft de Kids vun „Youth for Climate Luxembourg“ hunn eng 30 Acteure vun der Zivilgesellschaft hir Leit mobiliséiert kritt. De Kampf géint de Klimawandel generaliséiert sech.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

An engem Punkt, esou schéngt et, waren si sech all eens: d‘Politik mécht net genuch an hält sech net emol un déi eege Virgaben, déi si sech selwer operluecht huet. D‘Zora Barthelemy (16), eng vun den erausstiechende Figure vun YCL, huet en onmëssverständleche Message: „Wann ech u meng Zukunft – an 20 oder 30 Joer – denken, gesinn ech just Existenzangscht“. An et mengt dat eescht…

Gewerkschaftleche Réckhalt

Interessant dann och, déi zimlech massiv Bedeelegung vun de Gewerkschaften. OGBL an LCGB, mee och de Landesverband haten hir Leit zum „Klimastreik“ ermontert. Fir den OGBL huet déi zukünfteg Presidentin Nora Back d‘Wuert ergraff, an och si sollt zimlech kloer Wierder benotzen:

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

„Déi wou haut d‘Klimakris negéieren, déi wou op der ganzer déi Jonk fir hiert Klima-Engagement denoncéieren, déi wou d‘Realitéit net erkenne wëllen, all déi liewen an der Negatioun, an enger Illusioun oder verfollege politesch Motiver, wat si nach méi geféierlech mécht“, esou d‘Nora Back.

Ähnlech Téin gouf et och aus dem chrëschtlech gewerkschaftleche Lager. „Fir den LCGB dierf de Klimaschutz an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg net zu engem Luxusartikel ginn! De Klimaschutz däerf eist Ländchen net an eng sozial Schiflag bréngen!“ De LCGB fuerdert vun der Regierung. den Erhalt vun eiser Ëmwelt nach méi staark duerch kloer Konzepter ëmzesetzen.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

Hei vermësst een allerdéngs, datt ausser de Sloganen d‘Gewerkschafte bis ewell wéineg Opweises hunn, wat si da selwer ënnerhuelen, wéi si hir Membere responsabiliséiere fir méi „Klimaneutral“ hiren Alldag ze bewältegen. Moossname fuerderen ass dat eent, Eegeninitiativ dat anert.

Ëmweltverbänn besser opgestallt

Méi Kredibilitéit hunn d‘Ëmweltverbänn (vum Mouvement Ecologique „MouvEco“, iwwert Natur an Ëmwelt bis hin zu Greenpeace a Sea Shepherd). Si kämpfe vir déi meescht, schon zanter Joren, jo esouguer Joerzéngten, fir ee besseren Ëmgang mat der Natur an de Ressourcen. An si ginn aktiv mam gudde Beispill vir. Manner Pestiziden, manner Offall a manner Individualverkéier… dat sinn nëmmen e puer vun de grondsätzlecher Fuerderungen, déi dës Organisatiounen zanter éiweg hunn.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

De Klimawandel bedreet awer net Natur eleng, et bedreet d‘Mënschheet a sengem Ensembel an dréit zu massive Mënscherechtsverletzunge bäi. Dat erkläert dann och d‘Participatioun vun ONGe wéi Amnesty International oder Frères des Hommes. Wa gewosst ass, datt d‘Flüchtlingen net gäre gesinn an Wirtschaftsmigranten onerwënscht sinn, da wier ee gutt beroden alles drun ze setzen, datt et net och nach zum Haass géintiwwer de Klimaflüchtlinge kënnt. Konflikter gëtt et scho genuch.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

Mee et dierft net duer goen d‘Politik ze iwwerzeegen. Et muss een onweigerlech och d‘Industrie an d‘Wirtschaft vun der Noutwennegkeet iwwerzeegt kréien, datt nëmmen eng karbonneutral Zukunft och eng Zukunft ass. Ressource musse besser genotzt ginn, Saachen déi hiergestallt gi musse méi laang kënne genotzt an de Konsum esou reduzéiert ginn. De „permanenten an ongehemmte“ Wuesstem féiert d‘Welt an eng geféierlech Zukunft. De Mënsch muss sech also a Fro stellen…

Si hunn sech net virgedréckt

Wann een elo – ofgesi vu KPL an déi lénk – net wierklech vill politesch Acteure beim Stäremarsch entdeckt huet, esou waren awer vill Deputéiert bei de Kundgebungen op der Clairefontaine-Plaz present. Déi haten dann och vun YCL – all Partei fir sech – eng Enveloppe mat de Fuerderunge vun der Jugend iwwerreecht kritt. Si wiere gutt beroden dat net op déi licht Schëller ze huelen.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

An si sollten sech d‘Message vum Amanda Palmer, eng Amerikanesch Musekerin déi am Stater Conservatoire fir e Concert op Besuch ass a sech spontan der Demo ugeschloss huet, ëmmer nees an Erënnerung ruffen. Si hat sech zudeem och schonn der belscher Jugend bei enger Maniff zu Antwerpen ugeschloss, an huet op en neits virun de Massemedie gewarnt, déi scheinbar alleguerten Handlaanger vu Politik a Wirtschaft sinn.

fir

© Martine de Lagardère/moien.lu

Woumatter d‘Kënschtlerin, déi iwwerzeegt ass, datt d‘Ära Trump mam Amtsenthiewungsverfaren elo op en Enn geet, awer kéint Recht hunn: „Et ass eng Revolutioun ënnerwee, elo an hei!“. Wann een elo awer realistesch mam Problem ëmgeet, dann ass et keng Revolutioun déi gebraucht gëtt, mee Mënscheverstand an d‘Erkenntnis, datt ee mat klengen Handgrëff an der Beseitegung vu „schlechte Gewunnechten“ schonn ee richteg grousse Schratt an déi richteg Richtung maache kann.

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Greenpeace, Mouvement Ecologique, Natur an Ëmwelt, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, United for Climate Justice, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post