Search

You may also like

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller
Neiegkeeten

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller

D‘Zentralregierung vu Madrid wollt den demokratesche Prozess mat Knëppelen an

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen
Neiegkeeten

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen
Neiegkeeten

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen

D’Lëscht un Drëttstaaten, deenen hire Residenten et erlaabt ass a

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)

Zoue Grenzen um Europadag? Do ass wuel eng schif gelaf.

Am Kader vum Europadag um vergaangene Samschdeg ass op de soziale Medien dozou opgeruff ginn, sech fir ee friddleche Protest bei de Grenziwwergäng zesummen ze doen a gemeinsam oppe Grenzen ze fuerderen. Dobäi goung et dorëm laanscht d’Grenzen ze spadséieren an een Zeechen vum Zesummenhalt ze setzen.

Ugefaangen huet de méi oder manner offiziellen Deel vum Europadag mat enger Zeremonie zu Schengen, bei där zesumme mam Schengener a Päreler Buergermeeschter, sou wéi dem Lëtzebuerger Kardinol grenziwwerschreidend Frëndschaften an de Virdergrond geréckelt gi sinn.

Uschléissend hunn d’Bierger op Lëtzebuerger an Däitscher Säit een Zeeche gesat. Ganzer 70 Joer Fräiheete stinn duerch d’Schléissung vun de Grenzen um Spill. An och wann dëst „just“ eng Moossnam zur Andämmung vum Covid-19 sollt sinn, esou fillt sech d’Bevëlkerung bedreet. Aus dësem Grond ass un de Grenziwwergäng geflucht a gesongen, ee Fändel néiergeluecht, oder och ee bemoolte Steen, respektiv Panneauen oder Biller placéiert ginn.

An der Billergalerie fannt Dir e puer Andréck vun der Sauer (Waasserbëlleg-Laser, Rouspert-Rooljen, Iechternacherbréck, Bollenduerferbréck, Déiljen, Wuelenduerfer Sauerbréck ) an der Our (Bettel, Veianen).

Related topics Billergalerie, Europadag, Fräiheet, Fridden, Grenziwwergang, Musel, Our, Protest, Sauer
Next post Previous post