Search

You may also like

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord
Neiegkeeten

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun

Den OGBL zur nächster Etapp vum Deconfinement
Neiegkeeten

Den OGBL zur nächster Etapp vum Deconfinement

Den OGBL begréisst déi nächst Etapp vum Deconfinement, déi d’Regierung

What the Fakt – D’Gebuert vum Fransous Yves Rocher
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Gebuert vum Fransous Yves Rocher

Alles Guddes Här Rocher! Haut hätt de gudde Mann, dee

Zesumme géint Covid: D’Gesondheetsministesch presentéiert de Bilan

Zesumme géint Covid: D’Gesondheetsministesch presentéiert de Bilan

Wärend der Pressekonferenz e Méindeg huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Entwécklung vun der Pandemie, a besonnesch vun der Hausse vun den neien Infektiounen zënter dem Oktober 2020 bewäert.

D’Unzuel vun den neien Infektiounen huet ugefaange kuerz erop ze goen, nodeems d’Schoul opgaange sinn. D’Situatioun am Oktober huet hiren Héichpunkt an der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November erreecht, mat enger Inzidenz vun 750 Fäll pro 100.000 Awunner. Si huet sech dunn op engem héijen Niveau wärend e puer Wochen hannerenee stabiliséiert.

Dat Ganzt huet ugefaangen sech am Januar 2021 ze entspanen, mat enger Inzidenz vun 135 Fäll pro 100.000 Awunner fir d’Period vum 18. bis de 24. Januar.

Mat der kierzlecher Entdeckung vun anere Variante vum Virus, déi nach méi ustiechend soll sinn, gëtt erhéicht Uechtsamkeet gefuerdert. Ofhängeg vum Ausmooss vun der Verbreedung vun dëse Varianten zu Lëtzebuerg, kann eng nei Well net ausgeschloss ginn. Dës riskéiert nach eng Kéier d’Spideeler an d’Gesondheetsspezialisten ënner Drock ze setzen, wat no esou ville Méint schwéier ze bewältege wier.

covid

Déi wichtegst strategesch Ziler am Kampf géint de Covid-19 baséieren op 3 Pilieren: dem Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet, engem stabile Gesondheetssystem, souwéi sozio-ekonomeschen an etheschen Iwwerleeungen.

D’Ministesch huet ënnerstrach: „Meng Haaptprioritéit wäert ëmmer de Schutz vu vulnerabele Leit an eng héichwäerteg Betreiung fir eis Patiente sinn. Dës Ambitioun muss Hand an Hand goe mat engem sécheren Aarbechtsëmfeld fir d’Gesondheets- a Fleegepersonal. Eist éischt Zil ass dofir, d’Kurve ze glätten, fir d’Kapassitéite vun eisem Gesondheetssystem ze erhalen.“

Et ass kloer, datt d’Gesondheetskris an d’Onsécherheeten, déi se begleeden, bestoe bleiwen an datt et vill ze fréi wier labber ze loossen, trotz den Erfarunge mat COVID-19 an der Arrivée vun Impfunge géint de Coronavirus. Kombinéiert mat aneren Elementer vun der globaler Virebekämpfung, nämlech Präventioun, Diagnos a Screening (Tester), Isoléierung vun den infizéierte Persounen, Contact Tracing a Quarantän wäert d’Impfung eng entscheedend Roll bei der Andämmung vun der Pandemie spillen. Sou leescht se e Beitrag an hëlleft eis d’Wirtschaft nees ze stabiliséieren.

“Den Zougang zu enger sécherer a qualitativ héichwäerteger Impfung géint de Covid-19 ass ee wichtege Bestanddeel vum nationale Kader fir d’Bekämpfung vun der Pandemie.

Se ergänzt déi aner Mesuren déi op der Plaz sinn, ersetzt se awer net”,erënnert un d’Paulette Lenert.

Impfcampagne: Definitioun vun de verschiddene Prioriséierungsphasen

Wéi am Pressebriefing de 25. Januar ugekënnegt gouf, ass geplangt an der zweeter Phase vun der Campagne Leit vu 75 Joer a méi, gesond a vulnerabel ze vaccinéieren. Et gëtt mat den Eelsten ugefaangen. Zur selwechter Zäit, wäerten héich vulnerabel Awunner, ouni Altersbeschränkung, och fir Impfung berechtegt sinn.

Den 29. Januar huet de Regierungsrot, op der Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) eng Prioriséierung vun der Impfung ugeholl. Se baséiert op Alterskategorien, Vulnerabilitéit verbonne mat schwéiere Infektiounsformen an engem Risiko fir Stierflechkeet.

covid

Et gouf eng Consultatioun tëscht dem Gesondheetsministère an dem Gesondheetssecteur ofgehalen, do goufen d’Critèrë festgeluecht, déi erfëllt musse ginn, fir ee Certificat ze kréien. D’Vulnerabilitéit muss medezinesch nogewise ginn, esou ka festgestallt ginn, wéini eng Impfung berechtegt ass. Dat ass d’Aufgab vum behandelten Dokter.

D’Paulette Lenert war berouegt iwwer d’Unzuel vun de Bewunner an den Altersheemer (86%), déi op der Plaz vu mobillen Equippe geimpft ginn. D’Participatiounsquote vu Leit, déi invitéiert goufen, sech am Impfzentrum impfen ze loossen, ass relativ niddereg an dëser Etapp, mat 48,1% wärend der 1. Well vun Invitatiounen an 43,3% fir déi 2. Ronn. Déi zweet Phas kann eréischt ufänken, wann déi éischt ganz ofgeschloss ginn ass. Domat ze rechnen ass am Prinzip am Mäerz, dat hänkt natierlech och vun der

Disponibilitéit vun den Impfungen of. De Gesondheetsministère informéiert d’Leit mat Zäiten, fir datt si bei den Dokter kënne goen.

An der Tëschenzäit ass et net erfuerderlech sech e medezinesche Certificat fir Impfungszwecker unzefroen.

covidPaulette Lenert, Gesondheetsministesch © MSAN

Screening-Strategie: Nei Funktiounen

An der zweeter Phas vum Large Scale Testing déi spéitstens de 24. Mäerz op en Enn geet, huet de Regierungsrot vum 29. Januar d’Gesetz ugeholl, deen de Staat autoriséiert, fir un der Finanzéierung vun der drëtter Phas vum Screening-Programm matzemaachen. D’Fortsetzung vun dësem grousse Projet ass an allen Hisiichte gerechtfäerdegt.

De Large Scale Testing huet et erméiglecht, d‘Infektiounskette séier ze ënnerbriechen. Esou hunn se net riskéiert aner Leit unzestiechen.

Sou sinn zënter dem Start vun der zweeter Phas vum LST, dat heescht tëscht dem 16. September 2020 an dem 16. Januar 2021, 9211 positiv Fäll festgestallt ginn.

Déi drëtt Phas wäert e bëssen anescht sinn, si gëtt op Mënsche mat spezifesche Bedürfnisser ugepasst. Dofir ginn déi mobil Equippe verstäerkt, hir Interventioune ginn och am edukative Beräich erhéicht. Zousätzlech gi serologesch Tester benotzt fir Präsens oder d’Feele vun Antikierper ze verifizéieren. Dëst quantitatiivt Resultat kann eng Indikatioun vum Niveau vun der Immunitéit an der Bevëlkerung ginn. Et gi 6 Zentre fir Bluttprouwen zur Verfügung gestallt. Den 10. Januar louch d’Prevalenzzuel bei 7%.

Dës nei Phas soll och d’Effektivitéit vun der Impfcampagne iwwerwaachen – duerch d’Identifikatioun vu geimpften oder infizéierte Leit. Bis haut ass et net ausgeschloss, datt eng geimpft Persoun de Virus un aner Leit kéint weiderginn. Daten aus dem LTS kënnen hëllefen, méi Wëssen iwwert dëse wichtege Punkt ze gewannen.

Dës drëtt Phas gëtt och duerch d’Arrivée vun neie Varianten zu Lëtzebuerg a soss an der Welt gerechtfäerdegt. International Gesondheetsautoritéiten empfeelen eng Erhéijung vun den Tester fir e bessere Bléck op Verbreedung vun dësen neie Varianten ze kréien.

Déi Phas gëtt spéitstens de 15. Mäerz 2021 gestart a wäert de 15. Juli 2021 op en Enn goen. Eng Verlängerung bis de 15. September 2021 kéint geplangt ginn, wann déi epidemiologesch Situatioun berechtegt ass. Oder wann déi kollektiv Immunitéit net erreecht gouf. D’Rechnung, baséierend op maximal 53.000 Tester pro Woch (an 1.000 serologeschen Tester) beleeft sech op insgesamt 42,83 Milliounen Euro fir d’Period vum 15. Mäerz bis de 15. Juli.

D’Haaptpunkte fannt Dir HEI zesummegefaasst.


Dir wëllt méi Informatiounen zum Thema, respektiv och eege Froe stellen? Dann ass dëst Evenementer dat Richtegt fir Iech:

Covid

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Dr. Jean Claude Schmit, Direkter vun der Gesondheetsdirektioun; Nadine Berndt, Chef vum Lëtzebuerger Fokalpunkt vun der OEDT © MSAN

Related topics Bilan, Covid-19, Dr Jean-Claude Schmit, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministesch, Impfcampagne, Inzidenz, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Situatioun, Virus-Mutatiounen, Zesumme Géint Covid
Next post Previous post