Ziel mir eng Geschicht

Zanter dem Joer 2004 gëtt den 20. Mäerz dofir genotzt, de Weltgeschichtendag ze feieren. D’Iddi dobäi ass, un engem festen Dag am Joer d’Opmierksamkeet op dat mëndlecht Erziele vu Geschichten ze lenken.

Esou gi Geschichte gedeelt a sech un der Sprooch erfreet. All Geschicht besteet aus engem Ufank, der Mëtt an dem Schluss. Den Erzieler huet ee Protagonist an eng Handlung – idealerweis mat Spannung. Dobäi ginn et vill ënnerschiddlech Genren – Märercher, Déieregeschicht en, real Geschichten oder Grujelgeschichten.

All Joer steet de Weltgeschichtendag ënnert engem extrae Motto – fir 2022 heescht et « Verluer a fonnt! »

Wien denkt do net u Schlëssel, déi schonn erëm verluer gaangen sinn – oder Mënschen, déi een aus den Aen verluer huet an erëmgesäit. Och Wäerter kënne verluer goen an nei fonnt ginn. Villäicht hutt dir eng Kéier eng Geschicht verluer, si ass iech einfach net méi agefall. Bis op emol.

Ewéi gesot, mat dësem Motto, kann ee vill ufänken. Wat géing iech dann do afalen?

Dernières nouvelles