Search

You may also like

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!
International Neiegkeeten

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!

Bei der Pressekonferenz vun haut huet den däitsche Bundesminister Horst

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer
International Neiegkeeten

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer

De Coronavirus trëfft déi Gebidder wou et kaum Gesondheetsversuergung huet

Den nationalen Dag vun der Resistenz: Gedenk-Zeremonie virum Hinzerter Kräiz
International Neiegkeeten

Den nationalen Dag vun der Resistenz: Gedenk-Zeremonie virum Hinzerter Kräiz

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Membere vun der Lëtzebuerger

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur

Gëschter am spéiden Nomëtteg ass et bei der Zitadell zu Namur op der Héicht vun der St. Martin Strooss zu engem Äerdrutsch komm. D‘Pompjeeën an d‘Police ware séier op der Plaz an hunn Experten ugefuerdert, fir eng sécher Analys vun der Situatioun maachen ze kënnen. Uschléissend konnten d‘Rettungsdéngschter bestätegen, datt kengem Mënsch e Leed geschitt ass.

Zur Sécherheet waren déi sinologesch Equippen op den Terrain geruff ginn. Déi hu géint 19.30 Auer e weidere Spalt entdeckt firwat de kommunalen Drénglechkeetsplang vum Buergermeeschter Maxime Prévot ausgeléist gouf. Véier Haiser hunn dorops hi missen evakuéiert ginn. D‘Awunner – bis op eng Persoun – konnte bei Famill an/oder Frënn ënnerkommen. Fir déi aner war Hotel ugesot.

ZitadellE grousse Sécherheetsperimeter ass ugeluecht ginn. D‘Zirkulatioun ass selbstverständlech och an dësem Beräich gespaart ginn. Haut de Moie soll et géint 10 Auer nach eng Sëtzung mam Ingenieur Jean Escarmelle ginn, fir iwwert déi méiglech an noutwenneg Moossnamen ze beroden. Mat deem grousse Spalt deen entdeckt gouf, besteet d‘Gefor datt et zu engem weideren Äerdrutsch kënnt.

Den Äerdrutsch selwer huet sech op enger Héicht zougedroe wou kierzlech Haiser ofgerappt gi sinn. Buedem, Fiels an Trëmmer hu sech op enger längt vu gutt 40 Meter geléist, fir eng zwee Meter den Hang erofzerutschen. Op d‘Strooss selwer ass wuel näischt gefall, mee well alles extrem opgeweecht ass, bleift ze gespaart. Wéini d‘Leit nees hir Wunnenge bezéie kënnen ass net gewosst.

mat indymedia/bru

Foto: By Jean-Pol Grandmont – own work – CC BY-SA 3.0

Related topics Äerdrutsch, Namur, Zitadell
Next post Previous post