Search

You may also like

Den offiziellen Austrëtt: Een Nee zum Klima, ee Jo zum TTIP2?
International Neiegkeeten

Den offiziellen Austrëtt: Een Nee zum Klima, ee Jo zum TTIP2?

Den US-amerikanesche President Donald Trump huet scho virun 3 Joer

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?

[onionbuzz quiz-id=219][/onionbuzz] Mir zéien op en Neit duerch d’Land, fir

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?
International Neiegkeeten

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?

A ronn sechs Wochen huet déi gréisste Vollekspartei am Land

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang

D‘Diagnose fir e Mann vun 29 Joer, deem mat engem Messer an den Hals gestach ginn ass, wéi hie wollt an e Sträit tëscht enger Koppel an enger jonker Fra agräifen, ass batter: Hir-Doud. Laut dem Parquet vu Nanzeg, hunn sech d‘Faiten de Weekend zu Jarny zougedroen.

„D‘Affer ass net gestuerwen, mee am Zoustand vum Hir-Doud, eng Situatioun an där en Delai vun e puer Deeg säitens dem medezineschen Déngscht agehale gëtt, fir d‘Famill net ze iwwerfuerderen an eng méiglech Organ-Entnam, am Kader vun der Autorisatiounsprozedur ze erméiglechen“, erkläert d‘Hélène Morton, Adjointe vum Procureur zu Nanzeg.

An de Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, hat de Mann, dee säi Gebuertsdag geféiert huet, zesumme mat Frënn op den Hëllefsruff vun enger jonker Fra reagéiert, déi mat enger Koppel op oppener Strooss an e Sträit gerode war.

Laut der Enquête, wier de Grond fir d‘Gestreits eng Zigarett. Den Täter soll sech mat senger Frëndin an enger Heck déi laascht d‘Eisebunn steet, verstoppt gehat hunn, d‘Affer iwwerrascht a mat engem Messer an den Hals gepickt hunn. Uschléissend huet sech den Täter duerch d‘Bascht gemaach, fir sech den Dag drop um Kommissariat zu Conflans-en-Jarnisy ze stellen.

„D‘Affer hat eng oppe Wonn um Hals, déi zu engem grousse Bluttverloscht gefouert huet. De Mann huet op der Plaz éischt Hëllef kritt an ass uschléissend an d‘Spidol gefouert ginn. De medezinesche Pronostic huet op den Hir-Doud higedeit“, heescht et säitens der Procureure.

Nodeems de Mann iwwert de Weekend an Untersuchungshaft komm war, ass hien e Méindegowend zu Nanzeg vun engem Untersuchungsriichter gehéiert ginn. Hien huet vun enger „ongewollter“ Dot geschwat. D‘Geriicht huet festgestallt, datt de Mann kengerlee Virstrofen huet, wat de Parquet net dovunner ofgehalen huet op „versichte Mord an illegale Waffebesëtz“ ze plaidéieren.

mat AFP

Related topics Gewalt, Loutrengen, Nancy, Zivilcourage
Next post Previous post