Search

You may also like

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien
Neiegkeeten

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien

Bei de forcéierten Neiwahle vum leschten Donneschdeg, konnten déi Konservativ

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett
Neiegkeeten

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

De Staat Texas huet um Donneschdeg en Mann higeriicht, dee

D’Schoulen an de Coronavirus… e klengen Tëschebericht
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus… e klengen Tëschebericht

De Coronavirus dreift iwwerall säin Onwiesen, och d’Schüler an d’Léierpersonal

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn

Iwwert de Summer hu sech vill Leit Gedanken iwwert d‘Zukunft zu Lëtzebuerg gemaach, firwat et ee ganze Batz nei ëffentlech Petitioune gëtt. Villes huet mam Logement oder de Steieren ze dinn, mee et gëtt natierlech och nees déi Petitiounen, déi engem e liicht Grinsen an d‘Gesiicht zauberen.

Woubäi gesot muss sinn, datt wann een doriwwer laache kann datt de Verbuet „Bermuda-Shorts“ ze droe gefuerdert gëtt, et awer och ganz eescht an duerchaus diskutabel Petitioune gëtt, déi eis Opmierksamkeet sollten erhalen. Esou zum Beispill eng Petitioun déi sech der Dauer vun der Summervakanz ugeholl huet. Hei gëtt gefuerdert dës vun elo 8 op da 6 Wochen ze beschränken.

Eng Petitioun géint d‘Ewechgeheie vun Zigarettestëmp an der Ëffentlechkeet ass eng éischter gutt gemengten Aktioun, woubäi et scho längst Gesetzer gëtt, déi de Fait „Knascht am ëffentleche Raum ze deponéieren“ (an de Zigarettestomp erfëllt dësen Usproch) verbidden. Hei wier et da vläicht och ubruecht, dës Gesetzer unzewennen iert een drun denkt neier anzeféieren déi och kee kontrolléiert.

Och Rassisten dierfe Petitiounen abréngen

Wou een eigentlech just nach de Kapp rësele kann, ass wann sech d‘Dommheet och duerchgesat kritt. Eng Petitioun – déi zimlech sécher net dierft zréckbehale ginn – dréit den Titel „Nee zu de Frontalieren. Jo fir déi Lëtzebuerger Residenten“. Woubäi dat ugesiichts dem ideologesche Wandel an Europa och net wierklech eng Iwwerraschung ass. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Rassisten…

Wéi och ëmmer… et gëtt nees vun allem an et ass net verkéiert, wann d‘Petitiounskommissioun am kader vun der politescher Rentrée eppes ze dinn huet. Hir nächst Sëtzung, bei där iwwert den ëffentlechen Interessi vun den agereechte Petitioune muss befonnt ginn, ass fir den 18. September festgeluecht ginn. Wéi eng um Enn zréckbehale ginn? D‘Äntwert sollt an dräi Woche virleien.

Einfach a Praktesch: zanter ee seng Petitioun online areeche kann, maache vill Leit gebrauch vun hirem Recht. An och déi „dommste Petitioun“ muss vun der zoustänneger Kommissioun mat der gebuedener Seriositéit behandelt ginn. (Illustratioun: Pixabay)

Related topics Chamber, Krautmaart, Petitiounen, Petitiounskommissioun, politesch Rentrée
Next post Previous post