Search

You may also like

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet
International Neiegkeeten

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet

Um hallwer zwou de Mëtteg hat den OGB-L, seng Militanten

money
Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen
International Neiegkeeten

Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn
International Neiegkeeten

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn

Bei schéinstem Wieder, war en Donneschdeg de neie Pavillon am

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech och op d‘Briten ausgewäit huet, datt ass gewosst. An datt déi „nei“ Géigner sech scho géigesäiteg um „Baart gezunn hunn“ och.

D‘Briten haten den iranesche Supertanker Grace1 um 4. Juli (US Nationalfeierdag) zu Gibraltar festgesat, well dëse soll Pëtrol fir Syrien gebunkert hunn, wat Teheran dementéiert. De leschten Donneschdeg dunn hunn d‘Iraner den Tanker Stena Impero, deen ënner briteschem Pavillon mat Pëtrol ënnerwee ass, aus dem Verkéier gezunn. An dunn huet den Jeremy Hunt dem Iran gedreet.

Mee dem Iran mat Sanktiounen ze dreeën ass déi eng Saach, dat och ëmgesat ze kréien, während d‘Schëffer op béide Säite festgehale ginn, déi aner. A wéi esou oft, ass et dann alt nees den Iran deen den éischte Schratt op de Géigner duergeet. De President Hassan Rohani huet gëschter am Regierungsrot proposéiert déi zwee Schëffer auszetauschen. Wat London dovunner hält ass wéinst der Regierungsbildung den Ament net gewosst.

Fir Teheran ass et allerdéngs och wichteg sech „Verhandlungsbereet“ ze weisen. Och wann dat Ganzt vun engem Amerikaner ausgeléist, fir net ze soe „provozéiert“, ginn ass, esou wëssen d‘Leader vun der islamescher Republik, datt déi westlech Welt hinnen net gesënnt ass. Et kann een dann awer den Ajatollahe scho gleewen, datt si weder mat de Briten, den Europäer oder soss engem e Konflikt ausdroe wëllen dee kee gewanne kann.

De Ball läit elo bei de Briten. Weisen déi elo Bereetschaft fir den Tosch, da muss eigentlech nach just gekläert gi wéi dat oflafe kann a soll. Datt d‘Weltgemeinschaft (an eben net nëmmen d‘USA) en Interessi dorunner huet d‘Handelsweeër fräi ze halen, an de persesche Golf mat der Strooss vun Hormuz ass dann och eng vun de bedeitendsten. Woubäi wann d‘USA do fir „Sécherheet“ suerge wëllen, esou hunn d‘Iraner och d‘Recht hir Küst ze schützen.

An et sollt een uecht doen, wien hei wiem un de Kolli geet. De persesche Golf ass keng Plaz déi et zouléisst datt iergendeen, net emol Washington mat internationale Reegele spillt. Zu Hamburg hunn an dësem Kontext d‘Reedereie virgeschloen de Sträit virum internationale Séigeriichtshaff bäizeleeën. Do soll gekläert gi wat sech tatsächlech an der Strooss vun Hormuz zougedroen huet. Dat einfachst awer wier et einfach d‘Schëffer auszetauschen…

mat indymedia/tlv

Related topics Grace1, Groussbritannien, Iran, London, persesche Golf, Stena Impero, Strooss vun Hormuz, Tanker, Teheran
Next post Previous post