Search

You may also like

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

[onionbuzz quiz-id=94][/onionbuzz] No de Wahle vum leschte Joer huet sech

Motocycliste mussen sech weider areien
Neiegkeeten

Motocycliste mussen sech weider areien

Datt et bei eis am Land jeemools derzou wäert kommen,

Opgepasst! Grousse Chantier um Echangeur Hamm
Neiegkeeten

Opgepasst! Grousse Chantier um Echangeur Hamm

Vum 6. bis de 9. September gëtt kritt d‘Autobunnsoffaart N°7

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!

Ab haut dierf an de Quartieren Hamm a Polvermillen just nach mat 30 km/h duerchgejauwt ginn. Dës Beräicher gliddere sech als lescht Element an den Ensembel un 30er-Zonen am urbane Raum an. Just op den Haaptachsen bleift déi maximal erlaabte Vitess bei 50 km/h.

Mat de passende Schëlder gëtt dofir gesuergt, datt d’30er-Zonen fir jiddwereen ersiichtlech sinn. De Patrick Goldschmidt, Stater Schäffen a Responsabelen a Saache Mobilitéit, erkläert, datt een esou de Verkéier berouegt an zur Liewensqualitéit vun de Residenten bäidréit. Dës Wunnquartieren waren déi lescht Zonen, déi nach net ënner de Regimm vun der Vitesslimitatioun gefall sinn.

Duerch d’Aféierung vun der maximaler Geschwindegkeet vun 30 km/h ginn d’Automobilisten net nëmmen zu engem bessere Zesummespill mat anere Participanten am Verkéier sensibiliséiert, och de Bremswee verréngert sech, wärend d’Siichtfeld vergréissert gëtt.

Dës Weideren profitéieren Foussgänger, Cyclisten, Kanner a vulnerabel Persounen vun enger besserer Sécherheet an de Quartieren.

Eng dozou passend Informatiounsbroschür fannt Dir HEI.

Related topics 30er Zon, Cyclisten, Foussgänger, Polvermillen, Quartier Hamm, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg, Trafic, Verkéier, Vitesse
Next post Previous post