Search

You may also like

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer
Neiegkeeten

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer

Gëschter huet S.E. d’Arlette Conzemius, Ambassadrice vu Lëtzebuerg zu Bréissel

“Bäume an Orten der Kraft”: Virtrag am Haus vun der Natur
Neiegkeeten

“Bäume an Orten der Kraft”: Virtrag am Haus vun der Natur

Dëse Freideg, de 24. Mee 2019, gëtt um 19:00 Auer

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober
Neiegkeeten

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Mir si bei der 8. Verhandlungsronn vum Post-Brexit-Ofkommes ukomm an

Grenzschléissungen: Weder berechtegt nach legal?

Grenzschléissungen: Weder berechtegt nach legal?

Zanter dem 18. Mäerz waren se zou, gutt siwe Woche méi Spéit, um 15. Mee sinn d‘Grenzen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland nees op. Datt zoue Grenze weder dem europäesche Gedanken nach dem Schengener Ofkommes gerecht ginn ass dat eent, dat sech elo quasi nodréiglech eppes Kritik breet mécht dat anert. Esou stellt d‘Douanesgewerkschaft d‘Fro, op dat alles legal sollt gewiescht sinn…

Réckbléck: No villen ustrengende Wochen, mee e puer wéineger Deeg virun der Zelebratioun vum Europadag (9. Mee), huet d‘LSAP an der Chamber, eng Resolutioun zum Schengenraum an dem Prinzip vum fräie Wueren- a Mënscheverkéier agereecht, déi dann och eestëmmeg ugeholl ginn ass. Datt et dobäi méi ëm Timing wéi politesche Protest gaangen ass, dierft zimmlech ersiichtlech sinn.

Längst haten d‘Buergermeeschter sech béidersäits der Grenz vehement iwwert déi zoue Grenze geiergert an esouguer den Ausseminister Jean Asselborn, huet déi vun eisen Noperen agefouert Grenzkontrollen denoncéiert. Zu Bréissel war een och net begeeschtert, mee alle waren d‘Hänn gebonnen, d‘Grenzsécherung läit jo nach ëmmer an der Kompetenz vun de Memberlänner.

Vun Aus- an Areesen

Elo sinn d‘Grenzen also nees op an eigentlech sollt ee Mengen dëst trauregt Kapitel, an deem ee wuertwiertlech „un d‘Grenze vum Partenariat“ gestouss ass, wier erleedegt. Ass et awer net, an säitens der Douanesgewerkschaft gëtt elo déi Lëtzebuerger Bedeelegung – si hunn hir däitsch Kolleege missen ënnerstëtze fir ze verhënneren dat Iwwergäng ganz zou waren – zolidd hannerfrot.

Wéi et säitens der Presidentin vun der Douanesgewerkschaft, Lynn Luciani, op der Antenn vu RTL erläutert gouf, hunn déi Lëtzebuerger Douanieren „ënnert anerem zu Veianen an zu Dosburg“ de Grenziwwergang geschützt, an alles wat kee motivéierte Grond hat fir „auszereesen“ ass ëmgedréit ginn, net awer ouni datt e Virdrun d‘Personalien an d‘Plackennummer enregistréiert hätt.

Dat awer schéngt net mat geltendem Recht vereenbar ze sinn. D‘Gewerkschaft huet du bei hirer Direktioun nogefrot, op wéi enger legaler Basis dës Kontrolle fundéieren. Déi huet sech op d‘Gesetz vum 9. Juni 1994 gestäipt, dat, esou d‘Siicht vun der Gewerkschaft net fir déi genannte Kontrollmoossnamen hierhale kann, well doranner ganz aner Punkte behandelt géifen.

Fundéierten Awand

Fir d‘Lynn Luciani, kann et nëmmen zu Kontrolle kommen, wann d‘Schengener Ofkommes ausser Kraaft gesat gëtt. Dat war offensichtlech net de Fall, an den Artikel 2 vum genannte Gesetz géif jo definéieren ënnert wéi engen Ëmstänn Kontrollen zoulässeg sinn. Dat awer, esou zumindest den Avis vun der Douanesgewerkschaft, wier Kontext vun der sanitärer Kris esou net de Fall gewiescht.

Dës weidere gëtt bedauert, datt et fir d‘Beamten um Terrain keng konkret Uerder ginn huet, an et hätt bedenken, datt hei Date vu Leit erhuewe goufen, déi wéi et sech fir eng Administratioun dann och gehéiert an engem Regëster ënnerbruecht ginn. D‘Douane ënnersteet dem Wirtschaftsministère, an dësen huet jo eigentlech keng „Police-Funktioun“, fir wien sinn dës Daten dann erhuewe ginn?

Wann et ëm Datemëssbrauch geet, dann ass dat gären eppes fir d‘Piratepartei, an déi huet déi kuerz Interventioun vun der Presidentin vun der Douanesgewerkschaft ganz eescht geholl. Si hunn elo eng Sëtzung vun der Finanz- a Budgetskommissioun ugefuerdert, an där nieft dem Finanzminister och den Direkter vun de Douane, zu de gemaachte Virwërf solle Stellung bezéien. Affaire à suivre…

Foto: Zoue Grenzen, dat war besonnesch fir d‘Grenzgänger an d‘Familljen eng Tortur. Op et vill bruecht huet ass net gewosst, dofir weess een awer, datt dee Matenaner zolidd op d‘Prouf gestallt ginn ass, an do Bréch entstane sinn, déi sech esoubal net dierften zesummepeche loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Douane, Douanesgewerkschaft, Finanzministére, Grenzen, Schengen-Raum, Schengener Ofkommes
Next post Previous post