Search

You may also like

Konfliktsituatioun am persesche Golf
International Neiegkeeten Stories

Konfliktsituatioun am persesche Golf

Zanter datt sech den Dissens tëscht den USA an dem

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen
International Neiegkeeten Stories

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

Zesummegefallen Haiser, Panik: Op mannst 138 Mënschen hunn hiert Liewe

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert
International Neiegkeeten Stories

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert

Nodeems sech den indesche Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg den

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas

US-President ënnerschreift Gesetzespak mat Sanktioune géint d‘Gaspipeline NordStream2

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas

Mat senger Ënnerschrëft ënnert den „FY20 NDAA“ (National Defense Autorization Act) sinn och d‘Sanktioune géint d‘Bedreiwer an d‘Acteure vun der Ostséi-Gaspipeline NordStream2 an TurkStream enthalen. Déi fir d‘Ausleeë vun der Réier verantwortlech Entreprise huet verstanen.

D‘Amerikaner wëlle verhënneren, datt d‘Gaspipeline NordStream2 – déi kuerz viru senger Fäerdegstellung ass – gebaut gëtt, an hunn trotz (liichtem) Widderstand vu Berlin elo géint déi um Bau bedeelegt Entreprise Sanktiounen erlooss. Déi sinn am Gesetzespak zum Verdeedegungsbudget fir 2020 enthalen (Säit 11). D‘Gesetz gouf hënt vum US-President zu Washington ënnerschriwwen.

GasZu Moskau huet een dat Ganzt mat grousser Opmierksamkeet verfollegt an och an den Entreprisen, déi um Bau vun der Gaspipeline bedeelegt sinn, gouf vun der Noriicht „Notiz“ geholl. Bei Gazprom geet een allerdéngs net dovunner aus, datt dëse Projet nach opzehalen ass. Woubäi d‘Sanktioune vun den USA net sollten ënnerschätzt ginn. Dohannert sti wichteg geopolitesch Interessen.

Interessant ass allerdéngs, datt dës Sanktiounen am „Gesetz zum Schutz vun der europäescher Energiesécherheet“ sech primär op d‘Entreprise fokusséiert, déi mat héich spezialiséierte Schëffer, d‘Réier fir d‘Pipeline duerch d‘Ostséi verleeën. Den Donald Trump a seng schäbeg Geselle behaapten, datt sech Däitschland vu Russland ofhängeg mécht, a si hei ee „Feeler“ verhënneren.

D‘Pistoul un d‘Schléif gedréckt

Mat engem Bréif vun den US-Senateuren Ted Cruz a Ron Johnson un den CEO vun der Schwäizer Entreprise „Allseas Group“, Edward Heerema, ass den direkte Stopp vun allen Aktivitéiten am Zesummenhang mat NordStream2 „ugeuerdent“ ginn. En „Uerder“ bitt bekanntlech keng Verhandlungsbasis, an esou hunn d‘Schwäizer sech brav gefüügt an d‘Aarbechten agestallt.

NordStream2 soll vun 2020 un Däitschland mat Gas beliwweren. Déi iwwer 1.200 Kilometerlaang Pipeline ass bis op déi lescht 300 Kilometer verluecht an ee Stopp, géif sech net nëmme fir eis däitsch Noperen negativ auswierken. Zu Berlin huet de Fraktiounschef vun der SPD, Rolf Mützenich drop higewisen, datt sech den US-Kongress mat sengem Sanktiounsbeschloss an déi energiepolitesch Souveränitéit vun der europäescher Unioun amëscht, wat net akzeptabel ass.

GasMat dësem Schratt géif dat transatlantescht Bündnis op en Neits enger schwéierer Prüfung ënnerzunn. „Datt de President Trump seng Ënnerschrëft mat der mediewierksamer Zurschaustellung militärescher Stäerkt op engem Loftwaffestëtzpunkt inzeenéiert ass vëlleg onugemiess“, esou de Rolf Mützenich, deen nach noleet a mengt „D‘EU an Däitschland si fir den Trump offensichtlech keng Partner, mee tributflichteg Déngschtleeschter. Eegestännegkeet gëtt sanktionéiert“.

D‘Kausa „Allseas“

Déi Schwäiz-Hollännesch Allseas Group, déi mat de Schëffer „Pioneering Spirit“ a „Solitaire“ um Projet bedeelegt ass, hat scho virun der Ënnerschrëft vum Milliardär erkläert, datt si ugesiichts der amerikanescher Bedreeung net méi an der Lag seng Aarbecht weiderzeféieren. Si begrënnen dës Bedreeung mat der Verëffentlechung vum Bréif dee si vum US-Senat zougestallt kruten.

GasGasGas

 

  • 1) D‘US-Senateuren Ted Cruz a Ron Johnson hunn de Schwäizer onmëssverständlech mat krasse Konsequenze gedreet, wann si net direkt hir Aktivitéiten astellen;
  • 2) „Mir verstinn, datt déi russesch Regierung Allseas eng bedeitend Zomm fir d‘Fäerdegstellung vu NordStream2 bezilt“, esou d‘Senateuren;
  • 3) sollt d‘Entreprise och nëmmen een eenzegen Dag no der Ënnerschrëft ënnert d‘Gesetz seng Aarbechte weiderféieren, da dreeën „potentiell vernichtend rechtlech a wirtschaftlech Sanktiounen“;
  • 4) d‘Senateure weisen drop hin, datt och wann d‘Regierung eréischt 60 Deeg no der Ënnerschrëft entscheet wéi eng Entreprise vun de Sanktioune betraff sinn, d‘Strofmoossname réckwierkend ugewannt ginn;
  • 5) eng Iwwergangsfrist vun 30 Deeg kéint nëmmen da berécksiichtegt ginn, wann déi involvéiert Entreprisen iwwerzeegend duerstellen, datt si de Vertrag gekënnegt hunn. Sollten se awer versichen, d‘Pipeline bannent dësen 30 Deeg fäerdegzestellen, da géifen si hiren Aktiëwäert vernichten an hir finanziell Existenzfäegkeet zerstéieren;
  • 6) géint betraffe Persoune ginn dann Areesverbueter an d‘USA verhaangen, an de Besëtz vun Allseas an den USA géif „agefruer“ (also eigentlech beschlagnahmt). Dovunner betraff wier och d‘Verméige vun Allseas USA, déi hire Sëtz zu Houston (Texas) huet.

Dat verdäitlecht an erschreckendem Mooss, wéi eng Muecht d‘Europäer den Amerikaner ginn hunn, déi sech hei net nëmmen umoosst déi energiepolitesch Decisioune vun der EU am allgemengen, an déi vun Däitschland am besonneschen, ze beaflossen. Datt sech d‘Bundeskanzlerin dozou mat enger „haarder Haltung“ opstellt, berout op wirtschaftspoliteschem Zwang. Si wäert sech hidden den USA géint d‘Schinnebeen ze trëppelen. Géigemoossnamen huet si jo och schonn ausgeschloss.

GasOch d‘EU-Kommissioun ass net (wierklech) begeeschtert vun dësem Schratt, mee well sech d‘Sanktioune per See weder géint Däitschland, nach géint d‘EU riichten, mee et sech hei ëm Sanktioune géintiwwer privatrechtlechen Entreprise handelt, besteet keen Handlungsbedarf. Dat wier den involvéierten Entreprisen hire Problem an déi missten sech selwer „këmmeren“…

mat indymedia/was/ber/zrh/bru

Related topics Allseas, Donald Trump, Gas, NDAA, Nordstream2, Ron Johnson, Russland, Sanktiounen, Ted Cruz
Next post Previous post