De 5. Covid-19-Impfstoff: Zouloossung fir Nuvaxovid

Gëschter huet d’EU-Kommissioun dem US-Pharmaentreprise Novavax déi bedéngt Zouloossung fir de Covid-19-Vaccin Nuvaxovid erdeelt. D’Mëttel weist eng Effikassitéit vun 90 % op, ass méi bëlleg an der Produktioun a muss net esou extreem gekillt ginn, wéi et bei BioNTech a Moderna de Fall ass. Ronn 27 Milliounen Dosen huet d’EU scho bestallt.

D’Decisioun vun der Kommissioun berout op der wëssenschaftlecher Recommandatioun vun der Europäescher Arzneimëttel-Agentur (EMA), déi d’Mëttel op Sécherheet, Wierksamkeet a Qualitéit getest huet.

Novavax
Novavax / Twitter

De Vertrag mat Novavax gouf de 4. August 2021 ënnerschriwwen. Ab dem éischte Quartal 2022 kann d’Entreprise 100 Milliounen Dosen un d’EU liwweren, bestallt sinn der ëm 27 Milliounen. Duerno besteet nach d’Méiglechkeet weider 100 Milliounen Dosen am Laf vun 2022 an 2023 ze kafen.

Wat een zum Nuvaxovid wësse sollt

Den Impfstoff vu Novavax gehéiert der Definitioun no zu den Totimpfstoffer, och wann e keng doudeg (Bestanddeeler vu) Viren enthält. Et handelt sech vill méi e Mëttel op Proteinbasis an esou weder en mRNA- nach e Vektorimpfstoff.

Novavax

Dobäi ginn d’Spike-Proteiner vum Coronavirus am Labo nogestallt a mat sougenannten Adjuvanzien gemëscht, déi d’Immunäntwert verstäerke sollen. Den Immunsystem reagéiert nom Verofreechen mat der Antikierperbildung, wouduerch de Kierper geschützt soll ginn.

Nuvaxovid (NVX-CoV2373) ass geduecht fir Persounen ab 18 Joer. Benéidegt ginn 2 Dosen, déi am Ofstand vun 3 Wochen gesprëtzt solle ginn.

Bei zwou klineschen Etüden, eng dovunner a Mexiko an an den USA, déi aner a Groussbritannien, gouf dëse Vaccin, respektiv e Placebo u ronn 45.000 Persoune gesprëtzt. Opgrond vun dësen Tester läit d’Wierksamkeet bei 90 %. Typesch Impfreaktioune si Wéi op der Plaz wou gepickt gouf, Kapp-, Musel- an/oder Gelenkwéi a Middegkeet. Dës Reaktioune sollen awer schnell ofkléngen.

Wat sinn d’Virdeeler?

Verschidde Mënschen sinn op bestëmmt Bestanddeeler vun mRNA-Impfstoffer allergesch. Fir si kéint Nuvaxovid eng passend Alternativ sinn. Zousätzlech muss dëse Vaccin net esou extreem gekillt ginn (2-8° C) an ass méi einfach ze transportéieren. Zesumme mat der Produktioun, déi hei e gutt Stéck méi bëlleg ass, kéint d’Mëttel vun Novavax och d’Hoffnung fir aarm Länner sinn.

Ma, generell ka méi, a virun allem méi schnell geimpft e geboostert ginn, wat méi Impfstoff zur Verfügung steet.

Dernières nouvelles