Search

You may also like

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
Neiegkeeten Sport Stories

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

Kollektivvertrag am LPEM erneiert
Neiegkeeten Sport Stories

Kollektivvertrag am LPEM erneiert

Als eenzeg representéiert Gewerkschaft bannent dem private Lycée Emile Metz

Ee Prënz, sexuelle Mëssbrauch an de laange Schied vum Epstein…
Neiegkeeten Sport Stories

Ee Prënz, sexuelle Mëssbrauch an de laange Schied vum Epstein…

Der Queen hire Fils, de Prënz Andrew soll sech zu

Zu Fouss bis op d’belsch Plage: Méi wéi just eng sportlech Erausfuerderung

Zu Fouss bis op d’belsch Plage: Méi wéi just eng sportlech Erausfuerderung

Vu Lëtzebuerg op Knokke an nees zeréck – Déi ronn 750 Kilometer huet den Oliver Waldbillig an 26 Deeg gemeeschtert. Fir de fréiere Leeschtungssportler sollt dës Erausfuerderung awer méi wéi just en Zäitverdreif ginn.

An Etappe vun zirka 35 Kilometer den Dag sollt et un d’belsch Plage goen. Lass gaangen ass d’Aventure de 5. August 2020. Seng Rees huet den Oliver Waldbillig dobäi iwwert déi sozial Medien mat Fotoen, Textbeiträg a Videoen dokumentéiert, déi nach nom Ofschloss vu senger Rees fir Motivatioun suergen, wéi och zum Nodenken ureegen.

Den Oliver Waldbillig erkläert zu den Hannergrënn vun der Rees folgendes: „Duerch mäin Leeschtungssport-Background hunn ech eng néi Erausfuerderung gebraucht, nodeems ech 2013 meng Konschtturnkarrière un den Nol gehaangen hunn. Ausserdeem hunn ech duerch déi ganz Corona-Pandemie eng Entschleunegung an Auszäit gebraucht.“

Wat bedeit iwwerhaapt Vakanz an Erhuelung?

Eigentlech hätt een déi Distanz dach och an e puer Stonnen mam Auto gepackt, denke sech elo wuel déi Meescht. Ma, de leschten, a fir hie wichtegste Grond vun dëser Rees war deen eleiten: Säi grousse Wonsch war et, eng Vakanz ze organiséieren, bei där hie keen ekologesche Foussofdrock hannerléisst. Equipéiert mat engem Rucksak an engem Zelt huet hien op Campinge geschlof, mat lokale Produite gekacht an dobäi esou wéineg wéi méiglech Offall produzéiert.

Domat reegt hien zur eegener Reflexioun un: Musse mir wierklech all Joer mam Fliger an d’Vakanz? Muss een tatsächlech wäit fort vun der Heemecht, fir d’Gefill vun Erhuelung ze kréien? Kann een dat Ganzt net och méi ëmweltfrëndlech organiséieren? Op Facebook schreift hien dozou: „Mir gefält d’Iddi, dass ech einfach aus menger Hausdier erausginn an ouni Emissiounen bis op d’belsch Plage ka kommen.“

Olivier Waldbillig
Zu Fouss bis op d’belg Plage / Oliver Waldbillig

Zu Fouss bis op d’belsch Plage – vläicht net d’Dramvakanz vu jidderengem, an awer eng Erfarung fir d’Liewen, bei där een verschidde Saache méi ze schätze weess, an och sech selwer besser kenneléiert. Ma, den Oliver huet aus sengem Trip déi kierperlech Erausfuerderung, den edukativen Sujet an de karitative Beräich zesummebruecht.

D’Lëtzebuerger Biodiversitéit fërderen

Seng Reechwäit op de soziale Medien huet den Oliver gekonnt genotzt, fir gläichzäiteg Spenden fir de gudden Zweck ze sammelen. Dobäi sollte 75 % un eng Ëmweltorganisatioun goen, déi d’Donateuren eraussichen, déi restlech Zomm wollt hie fir d’Rees notzen (Finanzéierung vum Material an den Iwwernuechtungen um Camping), huet d’Suen awer schliisslech och gespent. Esou gounge weider 605 € un #leavenoonebehind, déi sech nom Feier am Flüchtlingscamp Moria ëm d’Mënsche gekëmmert hunn.

An dësem Kader huet den ambitionéierte Kärel gëschter e Scheck an Héicht vun 2.000 € un d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur iwwerreecht. Zil ass et, duerch d’Planze vu Beem an Hecken d’Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze schützen. Mat engem Schreiwes huet d’Fondatioun en häerzleche Merci ausgedréckt.

Olivier Waldbillig
© Fondatioun Hëllef fir d’Natur

Dir wëllt méi iwwert d’Rees gewuer ginn? Da fannt Dir zuelräich Informatioune, Fotoen a Videoen op „Zu Fouss bis op d’belsch Plage“ an um Oliver Waldbillig sengem YouTube-Kanal.

Opmaacherbild: Kollage aus Andréck vum Oliver Waldbillig senger Rees – Zu Fouss bis op d’belg Plage / Oliver Waldbillig

Related topics ekologesche Foussofdrock, Entschleunegung, Erausfuerderung, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Knokke, Oliver Waldbillig, Trëppelen, Vakanz, Video, Zu Fouss bis op d'belsch Plage
Next post Previous post