Search

You may also like

Frankräich igelt sech an
Neiegkeeten

Frankräich igelt sech an

Wéinst héijen Infektiounszuelen an der Bedreeung duerch d‘Covid19-Mutatiounen, maachen eis

money
UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock
Neiegkeeten

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

Dat grousst a laangwieregt Gedeessems mat de Briten, déi vu

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger
Neiegkeeten

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Am Kontext vun der Protester an den Onrouen ass et

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm

Während Jore soll kengem Opgefall sinn, datt gewëssent Geld sech einfach verfuusst huet

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm

Datt et dem CSV-Buergermeeschter vun Hesper, Marc Lies, den Ament net no laachen ass, versteet ee spéitstens wa gewosst ass, datt seng Servicer Onregelméissegkeete beim bezuele vu Rechnungen opgedeckt hunn. D‘Gemeng hëlt dat batter eescht an huet schonn eng Plainte deposéiert.

Esouwäit eis Informatioune korrekt sinn, sollen zu Hesper ronn dräi Milliounen Euro ënnerschloe gi sinn. Am Fokus: zwee Gemengebeamten. Si goufen dann och suspendéiert, mee hunn sech emol an de Krankestand versetze gelooss. Si kréien dann och weiderhin hir regulär Pai. Dat ass net nëmme Rechtens, mee huet och mat der Onscholdsvermuddung ze dinn, déi allem Beschëllegten zousteet.

Ouni e rechtskräftegt Uerteel vun engem Geriicht, kann de Marc Lies déi zwee inkriminéiert Beamten och net entloossen. Wéi et hanner virgehalener Hand heescht, wieren awer net nëmmen déi zwee net esou éierlech Beamten um „Bedruch“ bedeelegt. Et sollen un dësem Finanztransfert och Baufirmae matgehollef hunn. Iwwert dëse Punkt muss awer d‘Enquête befannen.

Wéi geet esou eppes a firwat fält et esou spéit op?

Grondsätzlech ass et esou, datt d‘Direktioun vun der Gemenge-Comptabilitéit (dëse Service ass dem Inneministère vun der Ministesch Taina Bofferding ënnerstallt) eemol am Joer fir véier Deeg d‘Bicher vun der Gemeng iwwerpréift. Et wier et einfach deenen ze ënnerstellen, si hätten hir Missioun net no de Reegele vun der Konscht gemaach. Deem verwiert sech de Buergermeeschter.

Laut dem Marc Lies verhält et sech esou, datt d‘Leit vum Ministère sech primär op d‘Kontroll vum reglementaresche Volet konzentréieren. E System deen de verdächtegte Beamte beschtens bekannt war, firwat si sech esou ugeluecht hätten, datt ee scho ganz, mä awer ganz genee huet misse kucke fir eppes Verdächteges ze fannen. Waren d‘Aarbechte gemaach, sinn d‘Rechnungen agaangen.

Related topics Bedruch, Hesper, Marc Lies, Suen ënnerschloen
Next post Previous post