Search

You may also like

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad
Neiegkeeten

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad

Zu Bamako huet um Méindeg d’Cheffin vun der europäescher Diplomatie,

Food For Your Senses – e Festival fir d’Sënner
Neiegkeeten

Food For Your Senses – e Festival fir d’Sënner

De Weekend vum 4. bis de 6. August war um Kierchbierg

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen
Neiegkeeten

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

Lëtzebuerg huet esouwäit een dat bis ewell feststelle kann, déi

Zu Mamer gëtt nees gebaut

Zu Mamer gëtt nees gebaut

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Méindeg, gouf ee ganz interessante Bau-Projet virgestallt, bei deem rieds gaangen ass vun 93 Haiser déi an de Wise vum Frounerbond (eng gréisser Parzell tëscht de Kielener-Strooss an der Strooss vum Baerendall) solle gebaut ginn.

Beoptraagt mam Projet ass den Architektebüro Dewey Müller, deen och de Projet „Elmen“ vun der Nationaler Gesellschaft vir präiswäerte Wunnraum (SNHBM) tëscht Kapellen an Ollem, realiséiert. Hei sinn 375 Haiser an nach emol 375 Appartementer virgesinn. Fir de Frounerbond sinn 44 eenzel Haiser an nach 44 Appartementshaiser geplangt.

Fir datt et op der Plaz herno net soll ausgesinn, wéi wann alles zum selwechten ament aus dem Buedem gewuess wier, soll den Ensembel kee ganz eenheetleche „Look“ kréien. Op et Sënn mécht ass net gewosst, mee de Gedanken deen derhannert stécht ass net verkéiert. Esou soll dësen neie Quartier sech wéi eng Klengstad presentéieren.

Gréng Trottoiren, berouegt Verkéiersféierung, een eenzegen Zougang fir d‘Gefierer a grad emol 32 Parkplaze sinn hei virgesinn. Well den Zougang zu dësem Wunnquartier „Frounerbond“ iwwert d’Arelerstrooss virgesinn ass, gëtt awer nach eng Etüd realiséiert, fir am Virfeld ofzeklären, wéi en Impakt dat ganzt op déi bestoend Verkéierssituatioun huet.

Wa gewosst ass, datt den Trafic op eben der Arelerstrooss, an am Kontext vun den ëmleienden Industrie- an Aktivitéitszonen, grad an de Spëtzestonnen e generelle Problem ass, kann ee verstoen, datt de Gemengerot am Virfeld iwwer méiglech „Léisungen“ oder zumindest „Alternative“ wëll informéiert ginn, iert sech definitiv festgeluecht gëtt.

Dat wéi och nach aner Finalitéite sollte virun der Summervakanz virleien, esou datt een och séier mat der Biergerconsultatioun an der Gemeng sollt virukommen. Et ass datt dann och nach laang net alles a Punkto Logement, wat si zu Mamer an der Leitung hunn. Esoubal wéi bei dësem Projet all d‘Formalitéiten ofgeschloss sinn, soll deen nächsten an Ugrëff geholl ginn.

Mamer, d‘Heemecht vun enger Partie internationalen Institutiounen, wéi och der Europaschoul, huet net nëmmen ambitiéis Projete mee och déi richteg Kaarten an der Hand fir se ze realiséieren. Esou dierft – wann alles säi Wee geet – nach virum Enn vum Joer, en ähnleche Projet direkt nieft dem Frounerbond virgestallt ginn.

Foto: Pixabay

Related topics Appartementer, Frounerbond, Haiser, Logement, Mamer, SNHBM
Next post Previous post