Search

You may also like

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl
International Neiegkeeten

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl

D’lëtzebuergesch Youtuberin Tatta Text hëlt an hirem aktuellste Video d’Sloganen

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest
International Neiegkeeten

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest

Sollt ee vläicht dovunner ausgoen, datt de Viktor Orban iwwerzeegt

Weess zu Washington déi riets Hand wat déi lénk mécht?

US-Vizepresident Mike Pence verlaangt Wafferou a Nordsyrien, elo direkt!

Weess zu Washington déi riets Hand wat déi lénk mécht?

Den Donald Trump huet déi tierkesch Invasioun net nëmmen erméiglecht, hien huet se quasi selwer provozéiert. Elo fuerdert Washington vun Ankara d‘Operatioun „Peace Spring“ ofzebriechen a mat de Kurde Verhandlungen opzehuelen. De Sultan awer verhandelt net mat „Terroristen“…

Et heesch, datt den US-President den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan ugeruff huet – wat een scho sollt beonrouegen, well telefonéieren ass net esou senges – a dësem de Wonsch ënnerbreet hätt d‘Invasioun ze stoppen. Wat genee an dësem Telefonat beschwat ginn ass, konnt d‘Wäisst Haus bis ewell ënner verschloss halen. Gewosst ass, datt de Mike Pence déi „waarm Gromper“ elo huet.

De Vizepresident huet erkläert, datt de Milliardär hien an de nationale Sécherheetsberoder Robert O‘Brien beoptraagt hätt an der Tierkei Verhandlungen ze féieren. Interessant Entwécklung, elo wou een d‘Kand mam Buedwaasser ausgeschott huet, bidden sech – déi mat Ofstand onglafwierdegst a verlugenst – d‘Amerikaner als „Verhandlungspartner“ tëscht der SDF an den Tierken un.

Alles gewosst… alles beabsichtegt…

Et géif och schonn en „Erfolleg“ esou de Mike Pence, dee wësse wëll, datt de Sultan dem Milliardär versprach huet d‘Patte vun der Grenzstad Kobane ze loossen. Zudeem hätt Washington bannent ee puer Stonne massiv Drock op d‘Tierkei ausgeüübt: zwee Ministèren an dräi Minister wieren elo mat Sanktioune beluecht ginn, an och wirtschaftlech géif een den Osmanen elo richteg wéi doen.

D‘Douanestaxen op de Stol aus der Tierkei sinn ëm 50% ugehuewe ginn, well d‘Tierkei a Syrien „destabiliséierend“ Handlunge virhëlt. Och d‘Verhandlungen iwwert en Handelsofkommes mat Ankara hätt ee fir den Ament ausgesat. Mee déi eigentlech annoncéiert „haart Sanktiounen“ hat de Steven Mnuchin, US-Finanzminister, schonn e Freideg versprach, mee et schafft een nach drun.

Geféierlech Witzfiguren

De Steven Mnuchin, e Personnage mam Charisma vun enger Ebola-Epidemie, huet gesot datt de President hien ermächtegt huet, déi gesamt tierkesch Wirtschaft platt ze maachen, an hie behaapt dann och nach, datt d‘USA dat vun enger Sekonn zur anerer – wann den Donald Trump den uerder dozou gëtt – kéinte maachen. Kënnen se ganz kloer net, mee op déi Lige kënnt et och net méi un.

Zu Ankara huet de Sultan, dee seng Waffesystemer mëttlerweil vun de Russe bezitt, midd gelaacht. Wie mengt datt de Recep Tayyip Erdogan wéinst Sanktiounen an Embargoen säin Zil, de Genozid vun de Kurden a Syrien – déi natierlech nëmmen Terroriste sinn – net weider ze verfollegen, deen huet näischt verstanen. D‘Tierkei ass „NATO-Partner“, d‘YPG-Miliz ass eng Terrororganisatioun.

Legitim Uspréch ob Sécherheet

Wann et richteg ass, datt d‘Tierkei e legitimmen Usproch op Sécherheet a sengem Grenzgebitt huet, esou ass et net manner Richteg, datt och d‘Kurden dësen Usproch hunn. Elo verhält et sech awer esou, datt Ankara den Usproch anescht definéiert an domatter mengt: et verdreift een d‘Terroristen, an da sidelt een déi arabesch Syrer déi virum Krich an d‘Tierkei geflücht sinn am besate Gebitt un.

Datt d‘SDF (Syresch demokratesch Kräften) déi vun der Kurdemiliz YPG geleet goufen, mat ee vun de wichtegsten Alliéierte vun der internationaler Allianz géint den Islamesche Staat (IS) betrëfft elo Ankara net direkt. D‘Tierkei huet schliisslech d‘Dschihadisten an senge Spidäler behandelt a jee no Méiglechkeet och mat Waffen a soss Geschir ausgerëscht. Klengt krass, ass awer erwisen.

Europa an de Jean Asselborn

Um Méindeg haten sech awer och d‘EU-Ausseminister an d‘EU-Krichsminister zesummefonnt, fir iwwer „Moossnamen“ ze beroden. Eisen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) huet nom Meeting gemengt: „Och an der EU geschéien nach Wonner“. Domatter ass leedeglech gemengt, datt keen EU-Land méi Waffen un d‘Tierkei liwwert. Also och elo net wierklech, mee schon esou ähnlech.

Hei missten, esou de Lëtzebuerger, awer nach déi juristesch Detailer ausgeschafft ginn. Interessant, dee selwechte Mann deen nach bis virun e puer Méint d‘Tierkei onbedéngt als EU-Member wollt ophuelen, sot: „Déi militäresch Interventioun vun der Tierkei ass vun der EU eestëmmeg veruerteelt ginn. Es handelt sech ëm eng Invasioun déi géint internationaalt Recht verstéisst“. Ah sou?

Bedréckend NATO-Partnerschaft

De Jean Asselborn hält dat wat sech grad an Nordsyrien ofspillt fir „Ausserierdesch“ an huet ee Punkt ervirgestrach dee mindestens „Explosiv“ ass. „Stellt iech vir, d‘Kurden, Syrien oder alliéiert vu Syrien schloen d‘Tierken zréck a verfollegen se bis an d‘Tierkei. Dat wier en Ugrëff op en NATO-Partner, an all déi aner – also och Lëtzebuerg – missten den Tierken hëllefen“.

Washington

No der Entrevue vun den Ausseminister an de Verdeedegungsminister huet de Jean Asselborn d‘Situatioun an Nordsyrien als Ausserierdesch bezeechent an net ausgeschloss, datt et derzou kéint kommen, de Fall gesat et geet den Osmanen a Syrien wéi sengerzäit viru Wien, d‘NATO-Partner dem Sultan missten ënnert d‘Äerm gräifen. © Thomas Riegert (via Twitter)

Elo kéint awer d‘EU – am beschte – mat der NATO sech „amëschen“ a quasi ähnlech wéi dat bei den UNO-Blohelmer de Fall ass, sech tëscht d‘Konfliktparteie stellen. Dat géif Sënn, maache well net dovunner auszegoen ass, datt Ankara seng NATO-Partner attackéiert. Et wier awer och ee Risk, well d‘Russen (an d‘Iraner) déi eenzeg „ageluede Gäscht“ a Syrien sinn. Ass ebe komplizéiert…

mat indymedia/was/tlv/bru

Foto: Den US-Vizepresident Mike Pence konnt (a wollt wahrscheinlech och net) dem „Chef“ seng Entscheedung net beaflossen, a huet elo den Optrag mam nationale Sécherheetsberoder an der Tierkei fir Rou ze suergen. Zu Ankara kënnen se et kaum erwaarden… © White House

Related topics Ankara, Invasioun, Jean Asselborn, NATO, Nordsyrien, Washington
Next post Previous post