Search

You may also like

money
Trump op Staatsbesuch a Japan
Neiegkeeten

Trump op Staatsbesuch a Japan

Et ass dem Donald Trump säin éischte Besuch am Land

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun
Neiegkeeten

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun

Et ass nees un der Zäit fir eis Amphibien iert

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet
Neiegkeeten

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Et gëtt an Ungarn keen Noriichteportal datt esou oft am

Zuchstreck Beetebuerg-Diddenuewen bleift zou

Zuchstreck Beetebuerg-Diddenuewen bleift zou

Nodeems d‘Eisebunnsstreck tëscht Beetebuerg an Diddenuewen schonn déi lescht Woch huet misse vun den zoustännegen Autoritéite gespaart ginn, dat wëll Stellwierk ënner Waasser gestanen huet, ass d‘Linn op en neits aus de selwechte Grënn zou. An dat kéint dann och eppes daueren, well alles muss gedréchent an op seng Operabilitéit gepréift ginn.

Vun den CFL heescht et, datt méiglecherweis schonn ee Mëttwoch nees éischt Faarte kënnen op der Streck opgeholl ginn, a wéi engem Ëmfang ass nach net gewosst. Dat stellt vill Pendler virun eppes Problemer, woubäi d‘CFL vill Erfarung betreffend de Schinnenersatzverkéier huet, an de Usageren Busservicer ugebuede ginn. Hei gëtt alles ënenrholl, fir esouvill Busser wéi méiglech anzsetzen.

De Service tëscht Beetebuerg an Diddenuewen hat missen ee Samschdegowend um 20 Auer a béid Richtungen agestallt ginn.

Foto: Dëst Bild gouf de Weekend bei Namur opgeholl, an gëtt engem eng Indikatioun doriwwer, wat gemengt ass, wann et heescht datt d‘Gleisanlagen iwwerflut sinn (IMlgg)

Related topics Beetebuerg-Diddenuewen, CFL, Iwwerschwemmung, SNCF, Stellwierk, Zuchstreck
Next post Previous post