Search

You may also like

Vum A400M, der Cyberverdeedegung an dem Klimawandel: Eng Entrevue tëscht de Ministeren Bausch an Dedonder
International Neiegkeeten WTF

Vum A400M, der Cyberverdeedegung an dem Klimawandel: Eng Entrevue tëscht de Ministeren Bausch an Dedonder

Gëschter huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister François Bausch an der

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik
International Neiegkeeten WTF

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik

Bis zum Enn vum Joer soll all Form vun Eewee-Plastik

Webinaire „Lëtzebuergesch an der Schoul“
International Neiegkeeten WTF

Webinaire „Lëtzebuergesch an der Schoul“

An Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 organiséiert den Ministère fir Educatioun,

surprise

Dem Zuckerberg seng Entschëllegung kënnt ze spéit

Dem Zuckerberg seng Entschëllegung kënnt ze spéit

Spéit Entschëllegungen a Verspriechen, dem Patron vu Facebook wëll et grad net geléngen, den Deckel op d‘Polemik ronderëm de Mëssbrauch vu perséinlechen Daten ze leeën. Den einfachen Zougrëff op d‘Donnéeën duerch Cambridge Analytica stellt den Zuckerberg an e schlecht Liicht.

„Ech hunn déi lescht Nuecht gesinn, datt sech de Mark Zuckerberg entschëllegt huet a gesot huet, si géifen Ännerunge virhuelen. Mee ganz éierlech, ech gleewen net, datt dës Changementer wäit genuch ginn“, esou de Standpunkt vum britesche Kulturminister, Matt Hancock.

Dat ass eng Usicht, déi esou vun den europäesche Staatscheffe gedeelt gëtt. Déi sëtze grad um EU-Sommet zesummen, an hunn an hire Conclusioune gefuerdert, datt d‘Daten déi a Verbindung mam Privatliewe stinn, den totale Schutz genéisse sollen.

„Vill Froe bleiwen onbeäntwert“, kommentéiert op Twitter den EU-Parlamentspresident Antonio Tajani, dee betount „mat Ongedold op weider Erklärungen ze waarden“. Op de Mark Zuckerberg, deen agelueden ass sech zu Stroossbuerg auszedrécken, deem ka gerecht ginn?

Fir den David Cicilline, en Demokrat aus der US-Representantekummer geet dat net duer. Hie fuerdert eng Auditioun vum Mark Zuckerberg, virum US-Kongress. Fir de Patron vu Facebook eng „Invitatioun“ déi, entgéint der europäescher, net ze refuséieren ass.

Wat e versprécht muss een halen

Datt sech den 33 järege Milliardär e Mëttwoch, op senger eegener Facebook-Säit, op CNN an och an der New York Times geäussert huet ass wuel eng gutt Saach, kënnt fir vill Leit awer vill ze spéit. Et kann een et dann och dréinen a kéieren, et héiert sech alles hallefhäerzeg un.

„Dat stellt ee grousse Vertrauensbroch duer, an ech si wierklech ontréischtlech“, esou de Mark Zuckerberg op CNN. Hien huet dann och verséchert, datt hie glécklech wier, virum Kongress ze auszesoen. Dat ass net dat, op wat d’Facebook-Cliente gewaart hunn, mee méi gëtt et net.

An der New York Times huet de Mark Zuckerberg, deen – och dorunner dierf een erënneren – dat gréisste sozial Netzwierk a senger Studentebud zu Harvard entwéckelt huet, versprach: „de System ze flécken, vir datt esou Saachen sech net widderhuelen“.

Hien ass dann och iwwerzeegt, datt déi wichtegst Moossname schonn 2014 getraff goufen, fir Applikatiounen, esou wéi déi wou Cambridge Analytica genotzt huet, ënner Kontroll ze halen. D‘Praxis huet sech hei awer géint d‘Iwwerzeegung duerchgesat.

De Mark Zuckerberg huet dann awer och zougestanen: „wéi mir dës Woch d‘Systemer gepréift hunn, waren do mat Sécherheet och aner Saachen, vun deene mir mengen, datt se musse gespaart ginn“. Zudeem soll all eenzele vun de 50 Millioune Geschiedegte perséinlech informéiert ginn.

Eppes méi genee hikucken

Wat dem Zuckerberg nach Suerge mécht, ass d‘Méiglechkeet, datt et nach aner Firmen oder Organisatioune gëtt, déi „esou Applikatiounen“ iwwert dat soziaalt Netzwierk asetzen. Deem wëll (a muss) sech Facebook zäitno unhuelen.

A Facebook muss och eppes ënnerhuelen. Et sinn ëmmerhin d‘Date vu 50 Milliounen Notzer, déi benotzt gi sinn fir eng Software ze entwéckelen, déi 2016 Afloss op d‘Presidentewahl an den USA kéint geholl hunn.

Cambridge Analytica, déi hire Patron kal gestallt huet, soll vun enger Applikatioun fir psychologesch Tester profitéiert hunn. Mat „thisisyourdigitallife“, vum russesche Wëssenschaftler Alexandre Kogan entwéckelt, konnte sich sech all déi privat Donnéeën „erofzéien“.

Mee de Proff vun der Universitéit Cambridge weist all Schold vu sech. „Déi britesch Entreprise huet eis verséchert, datt alles ganz legal, a konform zu de Notzungskonditioune vu Facebook wier“, esou den Alexandre Kogan op BBC.

Stellt sech dann awer d‘Fro, op Facebook net „gewollt iwwersinn huet“ datt esou Applikatioune kéinte perséinlech Date vun de Notzer ofgräifen. Daten déi da kënnen zu Geld gemaach ginn, well se wirtschaftlech a politesch Analysen op ganz héijem Niveau erméiglechen.

Den Zuckerberg soll Bescheed gewosst hunn

Laut dem Sandy Parakilas, eng fréier Mataarbechterin vu Facebook, déi virun enger britescher parlamentarescher Kommissioun ausgesot huet: „Facebook war bekannt wat sech ofgespillt huet, an huet kengem Bescheed gesot“.

Fir den Arthur Messaud, Militant vun „la Quadrature du Net“, huet de Mark Zuckerberg d‘Risike kannt. Hien ass dann och der Usicht, datt de Patron vu Facebook hei beschtefalls „gudde Wëlle weist“. Déi wierklech Revolutioun wier et, d‘Notzungskonditiounen ze veränneren.

Seng Kritik u Facebook: „Wann ee sech op Facebook aschreift, muss ee gezwongener Moossen eng ganz Rëtsch Konditiounen unhuelen. Op et sech ëm den Zougrëff op eis privat Donnéeën oder personaliséiert Reklamm handelt“. Dat ass awer d‘Geschäftsgrondlag vum sozialen Netzwierk.

Ouni dem Mark Zuckerberg seng Reaktioun ofzewaarden, hunn e sëllechen Affekoten an den USA uginn, Plainten a Recoursen op kollektiver Basis (class action) anzereechen. Gläichzäiteg gouf eng Campagne lancéiert, fir sech bei Facebook ofzemellen (#deletefacebook).

Vill Beschëllegungen, wéineg Äntwerten. Dat féiert elo dozou, datt d‘Procureure vu New York a Massachusetts, gefollegt vum amerikanesche Wirtschaftsregulateur FTC, enquêtéieren. D‘Aktie vu Facebook huet nach emol 2,66% u Wäert verluer. Dat sinn ongeféier 50 Milliarden US-Dollar.

mam Julie Charpentrat an dem Edouard Guihaire/AFP

Related topics Cambridge Analytica, Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg
Next post Previous post