Search

You may also like

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn
International Neiegkeeten

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn

Mir schreiwen de 26. Mäerz 1995. Viru 25 Joer, ganzer

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt
International Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark 2021 – Sechs kreativ, innovativ an nohalteg Iddien hunn iwwerzeegt

Wousst Dir schonn, datt onperfekt an ofgelafe Liewensmëttel nach iessbar

Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet vum Parlament (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet vum Parlament (Carte Blanche)

Zur Erëffnung vun der parlamentarescher Sessioun 2020/2021 wëll d‘Biergerinitiativ Gemeng

D‘Zukunft vu Katalounien läit an den Hänn vun de Separatisten

D‘Zukunft vu Katalounien läit an den Hänn vun de Separatisten

Et hänkt un der Entscheedung vun de radikaalsten ënnert de Separatisten, op dee vum Carles Puidgemont virgeschloene Kandidat, Quim Torra, als Regionalpresident vu Katalounien bestëmmt ka ginn. D‘Wahl vum President ass entscheedend fir d‘Autonomie vun der Regioun.

Déi kleng Partei CUP (Candidatura d‘United Popular) huet seng Militante gefrot, op si domatter averstane sinn, datt déi véier Deputéiert vun dëser antikapitalistescher Formatioun, sech e Méindeg beim zweeten Tour enthalen. Stëmmen déi fir de Kandidat Quim Torra, dee stellvertriedend fir de Carles Puidgemont untrëtt, net onwichteg wieren. Hir Entscheedung soll nach am Nomëtteg falen.

Mat der Enthalung vun der CUP, kéint de Quim Torra sech mat enger einfacher Majoritéit wiele loossen. Déi 66 Stëmme vun de groussen Onofhängegkeetsparteien, waren um Samschdeg net duer gaangen, wou déi absolut Majoritéit gefrot war (66/65).

Sollten déi Deputéiert vun der CUP géint de Quim Torra stëmmen, missten d‘Separatiste bannent enger Woch e neie Kandidat presentéieren, an dësen nach virum 22. Mee wielen. Klappt dat net, ginn automatesch Neiwahlen ausgeruff. Déi sozialistesch an euroskeptesch CUP, kéint et drop ukomme loossen, well Sondage verspriechen hinnen 11 Mandater, wa frësch gewielt misst ginn.

Et sollt een sech et gutt iwwerleeën

D‘Ironie vun der Geschicht ass, datt et d‘CUP war, déi et dem Carles Puidgemont méiglech gemaach hat, 2016 zum President vu Katalounien opzeklammen. Si hat et sengerzäit refuséiert dem Artur Mas hiert Vertrauen auszedrécken, wat zu engem Regierungswiessel gefouert hat.

Mee eigentlech sollt déi kleng extrem-lénks Partei, déi sech op d‘Stëmme vun der Jugend verloosse kann, mam Quim Torra zefridde sinn. Hien hat a senger Ried zur Investitur vill vun hire Fuerderunge berécksiichtegt. Hien huet versprach déi katalanesch Gesetzer, déi vun der Justiz suspendéiert oder opgehuewe goufen, nees ze retabléieren.

An de Quim Torra huet och versprach, datt sech nees mat der Redaktioun vun der Verfassung fir déi spéider katalanesch Republik befaasst gëtt. Hie wëll sech och fir de Carles Puidgemont asetzen, de „legitimme President“, fir datt dësen nees seng Funktioun ka bekleeden.

Den ex-President, deen a Spuenien vun der Justiz verfollegt gëtt, ass aktuell „provisoresch“ op fräiem Fouss, wou sech e Geriicht mat senger méiglecher Ausliwwerung muss befaassen. „Ech wëll kloerstellen, datt eise President de Carles Puidgemont ass. Mir wäerten dem Mandat vum 1. Oktober trei bleiwen, an fir de Bau vun engem onofhängege Staat astoen“, esou de Quim Torra.

De Wonsch no Onofhängegkeet

Beim vu Madrid „verbuedene“ Referendum fir d‘Onofhängegkeet den 1. Oktober 2017, haten sech eng zwou Millioune Katalane (vu 5,5 Milliounen) fir eben d‘Onofhängegkeet ausgedréckt. De 27. Oktober haten déi separatistesch Deputéiert am Parlament d‘Onofhängegkeet proklaméiert.

D‘Zentralregierung huet dorops hin, D‘Parlament opgeléist an e sëlleche Politiker a Militante verhafte gelooss. Si huet Katalounien ënner Momper gestallt an am Dezember Neiwahlen erzwongen. Walen déi dann op neits – zwar knapp – vun de Separatiste gewonne goufen, wat zu Madrid net begréisst konnt ginn, an zu drastesche Moossname gefouert huet.

Dem Mariano Rajoy seng Regierung konnt a wollt net zouloossen, datt obwuel de Carles Puidgemont d‘Majoritéit erhalen hat, nees President vun der Regioun Katalounien sollt ginn. Fir dat ze verhënneren ass d‘Justiz beméit ginn. De Puidgemont huet agesinn, datt hien déi Schluecht net ka gewannen, an esou de Virschlag gemaach, de Quim Torra als President anzesetzen.

De Quim Torra huet wuel keng Regierungserfarung, mee vertrëtt d‘Idealer vu sengem „Virgänger“. D‘Oppositioun a Katalounien an d‘Regierung zu Madrid, sinn dann och beméit kee gutt Hoer um designéierte Kandidat ze loossen. Och d‘Sozialisten zu Madrid, spueren net mat der Kritik.

Net de President vun alle Katalanen

„Dir hutt et ugeholl dem Carles Puidgemont säi President op Zäit an a Stellvertriedung ze sinn“ esou de Virworf vum Miquel Iceta, Chef vun der katalanescher sozialistescher Partei. „Ech weess net op dir de President vun der Generalitat gitt, mee dir gitt ni de President vun alle Katalanen“, betount den Inès Arrimadas, Chef vun der liberaler Partei „Ciudadanos“.

An och Madrid reagéiert mat engem Communiqué. An dësem gëtt de Quim Torra beschëllegt déi katalanesch Communautéit ze splécken, säi „perséinlecht Interessi iwwert dat vun alle Bierger ze stellen“, an deem hien de Fändel vum Carles Puidgemont héich hält.

Fir de Mariano Rajoy eng gutt Geleeënheet drun ze erënneren, datt den Artikel 155 vun der Verfassung – mat deem Katalounien ënner Momper gestallt gi war – nach ëmmer gülteg ass. Hien dréit dann och domatter, dësen nees unzewennen, wann déi nächst katalanesch Regierung sech net un déi bestoend Gesetzer hält.

mat AFP

Foto: De Carles Riera vun der Partei „Candidatura d‘United Popular“ (CUP) mécht d‘Wahlverhale vu senger Fraktioun (4 Deputéiert) vum Wëlle vu senge Militanten ofhängeg. Si sollen entscheeden, op sech d‘Fraktioun bei der Wal vum Quim Torra enthale soll. © Pau Barrena/AFP

Related topics Carles Puidgemont, Carles Riera, Katalounien, Mariano Rajoy, Quim Torra
Next post Previous post