Search

You may also like

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht
Neiegkeeten Stories

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,

75 Joer Œuvre – Eng Geschicht vun der Solidaritéit
Neiegkeeten Stories

75 Joer Œuvre – Eng Geschicht vun der Solidaritéit

Am schwierege Kontext vum Zweete Weltkrich gouf den Œuvre Nationale

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?
Neiegkeeten Stories

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss,

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren

Ee Projet mat Häerz fir Mënsch an Natur!

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren

De Bopa huet Gebuertsdag an dat gëtt grouss gefeiert! No der Postkaarten-Aktioun am leschte Joer fir den 100. Éirendag vum Grousspapp hunn de Paul Galles a seng Frëndin d’Julie sech och dës Kéier nees eppes ganz Spezielles afale gelooss: Am Numm vun all eise Grousseltere gëtt ee Bongert – den #Zukunftbësch – geplanzt an Dir kënnt souguer ee Bam Äre Léifste widmen.

100 Joer – dat muss een emol packen. All Joer ass ee Cadeau, deen een als Famill a Frënn notze sollt. Kee Wonner also, datt de Paul an d’Julie sech schonn 2018, virum #Zukunftsbësch, ee fantastescht Present mat immenser nationaler an internationaler Undeelnam afale gelooss hunn. Als fréiere Schoulmeeschter huet de Bopa anere Leit villsäitegt Wësse mat op de Wee ginn an hinnen esou eng richteg Freed gemaach. Virun engem Joer sollt et schliisslech un eis sinn, fir dës Freed zeréck ze ginn.

Zukunftsbesch

© Paul Galles

Mat esou ville Reaktiounen hätt d’Koppel allerdéngs net gerechent: Iwwert Facebook hu si ee Message gestart, sou datt 100 Kaarten aus allen Ecker vun der Welt fir dëse stolze Gebuertsdag zesumme komme sollten. Am Endeffekt sinn 2.500 Kaarte bei der Famill ukomm, déi fir de festlechen Dag un de Maueren am Altersheem opgehaange gi sinn. Zënter engem Joer kritt de Bopa Stéck fir Stéck déi léif Texter op de Postkaarte virgelies, wat sech ëmmer op een Neits als emotionale Moment erweist.

Wëll de Grousspapp esou interesséiert u Geografie ass, sollt all Schreiwer den nooste Floss aus der Géigend, wou een d’Kaart fortschéckt, mat dobäi schreiwen. Mëttlerweil wäert och hien sou munch Gewässer a Persoune mat dësem einfache Geste kennegeléiert oder sech nees u si erënnert hunn.

#Zukunftsbësch

A bemol gëtt et gréng!

Säin 101. Gebuertsdag feieren ze dierfe kéint een och als klengt Wonner bezeechnen – ee Wonner, wat een ëmsou méi schätzen an all Moment dovunner genéisse sollt. „Elo ass all zousätzlecht Joer ee Wonner an ee grousse Cadeau. Mee mir wollten eppes maachen, wat de Bopa net stresst, well et mierkt een den Alter“.

An sou koum et, datt 2019 ee ganze Bësch geplanzt gëtt, an Erënnerung un all eis Grousselteren. „D’Lescht Joer war et eng Aktioun FIR de Bopa. Dëst Joer soll et eng Aktioun sinn am Numm VUM Bopa“, erkläert de Paul Galles. Bei der Aktioun 2018 hunn esou vill Persoune vun hire Grousselteren erzielt, datt ee Groussprojet vun a fir eis all entstoe sollt.

Wou elo och nach de Klimawandel méi aktuell ass, wéi ni virdrun, louch et op der Hand ee ganze Bësch ze planzen, vun deem och déi zukünfteg Generatioune profitéiere kënnen. Um haitege Mëttwoch kritt d’Gebuertsdagskand den éischte Cadeau gesat: een Äppelbeemchen. D’Aktioun ass domat awer nach net eriwwer, mee fänkt eréischt richteg un!

#Zukunftsbësch

Matmaache beim Zukunftsbësch

Den Dag vun der Aweiung ass héchstwarscheinlech Samschdes, de 5. Oktober. D’Suen fir déi 101 geplangte Beem si mëttlerweil schonn zesumme komm, allerdéngs kann och elo nach jiddwereen een Don maachen, a spéider de gewënschten Numm bei den Uebstbam dobäi setzen. Fir d’Bongert-Aktioun kann een u Sue ginn, wat ee wëll. Dobäi ass et wichteg ze wëssen, datt hei kee Bam engem eleng gehéiert, mee dat Ganzt ee sozial inklusive Projet fir d’Gemeinschaft ass.

Fir de richtege Wee ze goen, hunn de Paul an d’Julie ee Fierschter mat an d’Boot – oder éischter an de Bongert – geholl. Senge Recommandatiounen no ginn Uebstbeem geplanzt, déi scho beim Setzen eng Héicht vun 1,5 bis 2 Meter hunn. Hei kann nämlech spéider all Bam stoe bleiwen, an d’Symbolkraaft vum Uebstbam kënnt ervir: D’Uebst ass nämlech d’Fruucht vun deem, wat eis Grousseltere fir eis gemaach hunn. Déi kommend Generatioune wäerten dovu profitéieren an Apel, Bier a Co genéisse kënnen.

Zukunftsbesch

© Paul Galles

Berechent een elo d’Käschte vum Bam, läit ee bei ronn 110 € pro Bam. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus dem Bam, deen ongeféier 80 € kascht, wéi och dem Weidenschutz. Mat de Subside vun 30 € pro Bam kënnt ee schliisslech op 50 € pro Bam an 60 € fir de Weidenschutz. Natierlech kann een hei d’Aarbecht vum Setzen net dobäi rechnen, et ass schliisslech een Häerzensprojet un deem ee gären och fräiwëlleg matschafft. Dobäi kommen nach d’Gedenktafele fir d’Nimm vun all de Grousselteren drop ze schreiwen, fir déi ee Bam geplanzt gëtt.

Wie sech elo freet, wou de Bongert eigentlech hikennt, dee sollt nom Oktober emol iwwert d’Vëlospist tëscht Fouhren a Bettel beim sougenannten Arboteum laanscht fueren. D’Gemeng Tandel hat den Organisateure schnell Gréng Luucht fir de Projet ginn, woubäi och de Bopa selwer eng emotional Bindung zu dëser Géigend huet. Hie war nämlech net wäit vun do als Schoulmeeschter aktiv!

Wann och Dir matmaache wëllt, da fannt Dir all Informatiounen HEI.

Aus der Léift eraus entstinn originell an emotional Aktiounen, wéi den Zukunftsbësch. Beim Paul ginn d’Iddien, fir esou speziell Cadeauen, op déi intensiv Frëndschaft zum Grousspapp zeréck. Dëst Gefill vun der Verbonnenheet deele mir wuel all mat engem Mënsch a genau duerch esou Projeten gëtt eis nees bewosst, wéi wäertvoll all Liewen, all Sekonn mat enger Persoun an all Moment, deen een zesummen erlieft ass.

Mir wënschen dem Bopa vun Häerzen alles erdenklech Guddes, vill Gléck an nach weider glécklech Joren an Zukunft!

Related topics #Zukunftsbësch, Boma, Bongert, Bopa, Gebuertsdag, Grousselteren, Paul Galles, Postkaarten, Uebstbeem
Next post Previous post