Search

You may also like

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

Oklahoma kritt Geld vu Johnson & Johnson
Neiegkeeten

Oklahoma kritt Geld vu Johnson & Johnson

E Méindeg huet e Geriicht zu Cleveland (Bundesstaat Oklahoma) geuerteelt,

Beaufort Knights: Nei Vestiaire fir eis Äisritter
Neiegkeeten

Beaufort Knights: Nei Vestiaire fir eis Äisritter

No 2 Joer Aarbechten kënnen d’Beaufort Knights houfreg hir nei

Mir hunn en… den „Zukunftsdësch Commerce“

Mir hunn en… den „Zukunftsdësch Commerce“

Ënnert dem Slogan: „Eis Geschäfter, eis Aarbechtsplazen, eis Zukunft!“ hat den OGBL eng grouss Campagne lancéiert. Heibäi geet et drëms den Eenzelhandel ze stäerken an d‘Aarbechtsplaze vum Secteur ofzesécheren. Eng Entrevue mam Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) hat jo Ufank vum Mount ginn. Bei dëse Gespréicher sinn d‘Virschléi vun der Gewerkschaft erläutert ginn.

Wéi et dann elo vun Esch Uelzecht matgedeelt gëtt, hat de Syndikat „Handel“ vum OGBL den 11. Dezember eng Videokonferenz mam Mëttelstandsminister Lex Delles (DP), wou d‘Hannergrënn, mee virun allem d‘Propose, déi an der genannter Campagne enthale sinn, op de Leescht geholl goufen. Et huet awer och Fuerderungen, an dozou gehéiert de sektorielle Kollektivvertrag.

Eng weider Fuerderung ass den „Zukunftsdësch Commerce“ an déi ass vum Minister gutt opgeholl ginn. Esou gutt, datt hie sech proposéiert huet, sengem Ministère d‘Missioun ze erdeelen, dëst Evenement méiglechst kuerzfristeg ze organiséieren. Dat mécht Sënn, sollen dach méiglechst all d‘Acteure vum Secteur ronderëm een Dësch versammelt ginn, fir dës „Zukunft“ ze gestalten.

An et gëtt vill ganz wichteg Themen: ausser den Erausfuerderunge vun der sanitärer Kris, muss emol eng Analys vun der Situatioun gemaach ginn. Wéi steet ee sech mat der Digitaliséierung, wou ass ee mat de Loyeren drun et wéi kann een d‘Zukunft nom Covid19 gestalten? Wat déi bekannt Virschléi betrëfft, esou sollten d‘Vertrieder vum Patronat d‘Geleeënheet notzen an zougräifen.

Illustratioun: © Nathan Dumlao / unsplash

Related topics Aarbechtsminister, Dan Kersch, Lex Delles, Mëttelstandsminister, OGBL, Syndikat Handel, Zukunftsdësch
Next post Previous post