Zum 35. Gebuertsdag alles Gutts!

E Freideg huet d‘Exekutive vum Syndikat vu de Stied a Gemengen (SYVICOL) säi 35 järegt Bestoen zelebréiert, dat mat enger breet ugeluechter Pressekonferenz, enger akademescher Sëtzung an enger den Ëmstänn ugepasster Receptioun.

Streng geholl ass et en duebelen Anniversaire, well datt sech d‘Stied a Gemengen eng Vertriedung gegënnt hunn, féiert zréck an d‘Joer 1951. Deemools war dem „Conseil des Communes d‘Europe“ bäigetruede ginn. Aus der Lëtzebuerger Sektioun ass dunn 1986 de SYVICOL entwuess. Dëse Verband soll awer net nëmmen d‘Interesse vun de Stied a Gemenge vertrieden, och seng allgemeng Missioune sinn iwwert d‘Jore gewuess an un Erausfuerderunge feelt et aus bekannte Grënn net.

Et versteet sech also, datt d‘Exekutive als Prolog zur Akademescher Sëtzung, nach emol op den Aktiounsplang vum Syvicol agaangen ass. Et hat ee grousse Sondage, eng helle Wull un Atelieren an och soss gouf näischt ënnerlooss all déi Informatiounen ze bündelen, déi et dem Syvicol sollen erméiglechen, seng Aarbecht un d‘Besoine vun de Gemengen an de Gemengepolitiker unzepassen.

Keen ënnerwee vergiessen

Wichteg schéngt et elo sech selwer méi bei de gewielte Gemengepolitiker, mee och den „Aktiven“ déi hir Parteien an de Kommissioune representéieren (also net am Gemengerot sëtzen) a enger ganzer Rei vu Mataarbechter, wéi beispillsweis de Gemengesekretär, als Partner ze presentéieren. Dat heescht et soll un der Kommunikatioun geschafft ginn, an do ass jo scho villes erreecht ginn. Et geet awer net duer, datt sech d‘Buergermeeschter informéiert fillen, dat soll jiddereen esou gesinn.

Syvicol
© Martine de Lagardère / moien.lu

Dat bedeit, datt nach weider Efforten opgewannt ginn, fir d‘Kommunikatioun ze verbesseren. Hei gëtt beispillsweis dru geduecht, och Syntheese vu de Sëtzungen, Avisen an anerem méi ze verfaassen. Déi sollen an enger verständlecher Sprooch, an esou och a méi Sproochen, ugebuede ginn. Da brauch et méi a virun allem kontinuéierlech Formatioune fir d‘Gemengepolitiker.

Formatioune sinn dat eent, a sollen derzou bäidroen, datt d‘Gemengepolitiker sech och mat de reegelméissege Modifikatioune kënne familiariséieren, an esou besser gerëscht sinn politesch Decisiounen an hir Stied oder Gemengen „ en connaissance de cause“ treffen ze kënnen. Eng Aart „online Bibliothéik“ mat Léierprogrammer (Tutorials) an ee Formatioune-Katalog gehéieren zu de Prioritéiten. Parallel sollen Instrumenter fir ee besseren Echange tëscht den Acteure geschafe ginn.

Et wëll ee bei Decisioune bedeelegt sinn

D‘Stied a Gemenge wëllen sech zesummen den Erausfuerderunge vun der Zukunft stellen an erwaarde vum Verband, engersäits ënnerstëtzt, an anersäits begleet ze ginn. Déi bestoend Krisen: Logement, Mobilitéit, Klima, mee och d‘déi administrativ Simplificatioun a villes méi, bereede ville Gemengepolitiker Kappzerbrieches. Dat ëm esou méi, wou se net genuch Matsproocherecht hunn, wann d‘Ministère u Gesetzprojete schaffen. Do huet scho Verbesserungen, mee net genuch.

An esou fuerdert d‘Exekutive nach emol, datt de SYVICOL, esou wéi dat vun de Beruffskummeren an aneren Acteure vun der Zivilgesellschaft längst gemaach gëtt, och dierf Avisen zu de Gesetzer areechen. Besser wier et awer am Virfeld zum legislative Prozess, mat agebonnen ze ginn. Et géif awer net duer goe gehéiert ze ginn, et bréicht schonn eppes méi Versteesdemech fir d‘Besoinen…

Syvicol
© Martine de Lagardère / moien.lu

Wéi ee gesäit, un Aarbecht feelt et dem SYVICOL net, firwat sech de Verband och wäert musse personell verstäerken. Am Aktiounsplang ass villes enthalen, firwat et net de richtegen Ament ass dës Dynamik ze bremsen, an aus Käschtegrënn déi sougenannt human Ressourcen ze begrenzen. Der Regierung schéngt awer dru geleeën, dëse Fuerderungen ze entspriechen. U sech logesch, et huet bekanntlech vill Gemengepolitiker um Krautmaart, déi d‘Fuerderunge stäipe kéinten.

Akademesch Sëtzung

Am Uschloss un d‘Pressekonferenz vun der SYVICOL-Exekutive huet am groussen Auditorium déi akademesch Sëtzung zum Jubiläum stattfonnt. Dat an der Presenz vum Groussherzog Henri a villen Honoratioren aus Politik an Zivilgesellschaft. De SYVICOL-President Emile Eicher an de Chamberpresident Fernand Etgen, hunn an hiren Interventiounen op d‘Geschicht an de Wäert vun dësem elo 70 järege Verband higewisen. D‘Gemenge si jo och dem Bierger säin 1. Uspriechpartner.

De Premier hat Terminer an huet seng Gléckwënsch mëttels enger Videomessage iwwerdroen. Dat bescht dierft awer d‘Ronndëschgespréich gewiescht sinn. Hei hu „pensionéiert“ Buergermeeschter, an där Aktiver, iwwert d‘Vergaangenheet an déi vill erreechten Ziler geschwat. Et gouf vun den neien Erausfuerderunge geschwat, an och de Statut vum Gemengepolitiker, war nees „Thema“.

Si hu villes verbal an de Raum gestallt, wouriwwer Regierung a Chamber eeschthaft nodenke solle wann et nach bei de Bierger, déi un eng politesch Participatioun gleewen, soll Motivatioun hunn, sech politesch a senger Stad/Gemeng anzebréngen. Dat heescht dann awer och, datt een zäitno dat mam politesche Congé muss op de Leescht huelen. Et ass jo wuel verständlech datt ee keng gutt Aarbecht leeschte kann, wann engem Zäit fir d‘Dossieren ze studéieren net zur Verfügung steet.

Dernières nouvelles