Search

You may also like

money
CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt
Neiegkeeten

CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt

Um Méindeg huet den CNFP (Nationalrot fir ëffentlech Finanzen) de

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot
Neiegkeeten

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss

money
De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren
Neiegkeeten

De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren

Bei der Presentatioun vum „konjunkturelle“ Bilan vun der Handelskummer, war

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima

De gréisste Feind vum Mënsch ass de Mënsch selwer a vun Zäit zu Zäit muss een drun erënnert ginn

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima

Peppeng um 6. August… wärend d‘Duerf an de fréie Mueresstonne lues a lues ufänkt aktiv ze ginn, sinn eng Rei Leit am Klouschtergaart grad mat de Virbereedungen zu enger Gedenkfeier fäerdeg ginn. Op dësem denkwierdegen Dag viru 75 Joer, ass um 8.15 Auer iwwer Hiroshima déi éischt vu Mënschenhand geschafen Atombomm iwwert enger japanescher Stad ofgeworf ginn.

Et ass da wuel och berechtegt, sech d‘Fro ze stellen, firwat Lëtzebuerg a ganz besonnesch déi Réiser Gemeng, den honnertdausenden Affer vun engem eendeitege Verbrieche géint d‘Mënschheet gedenkt. Wat geet et eis un? An haten d‘Amerikaner net Recht sech dësem Mëttel ze bedéngen, fir den 2. Weltkrich kuerz a knapp ze beendegen? Froen déi éischter rhetorescher Natur sinn.

Gedenke

De Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser, Tom Jungen, ass zanter Éiwegkeete fir de Fridden an den Atomwaffeverbuet ënnerwee. Et wier Flott, wann hien och déi lescht Stied a Gemengen am Land géif iwwerzeegt kréien, sech de „Mayors for Peace“ unzeschléissen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Beim Gedenken un d‘Affer vun den amerikaneschen Atombomme „Little Boy“ & „Fat Man“ déi der Welt virun Ae gefouert hunn, wéi destruktiv de Mënsch ka sinn, geet et emol prinzipiell drëms drop hinzeweisen, datt esou Waffen net dierft ginn. Grad wéi biologesch a chemesch Waffen ze verächte sinn, wier et sënnvoll sech den Atomwaffenarsenaler op der Welt ze entleedegen.

Dat géif d‘Welt selwer net zu engem besseren Uert maachen, also dofir nach emol: „Firwat esou eng Gedenkfeier an der Réiser Gemeng?“ Zum Engen ass d‘Gemeng Réiser ee vun de Membere vum Verbond „Mayors for Peace“ an en Ënnerstëtzer vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, déi gëschter vum Raymond Becker op der de Plaz vertruede ginn ass.

Vereent no vir kucken

Fir de Buergermeeschter vu Réiser, Tom Jungen (LSAP) – dee siichtlech erfreet war, datt sech den Ambassadeur vu Japan, Jiro Okuyama mat senger Fra un dëser Zeremonie bedeelegt hunn – war et wichteg drop hinzeweisen, datt een sech dem neie Rëschtungswettlaf entgéintstelle kann a muss. En Traité zur Prohibitioun vun Atomwaffen (ICAN) waart säit September 2017 op Ënnerschrëften.

82 Länner hunn den Text vun de Vereenten Natiounen (UN) gezeechent, mee eréischt 40 dovunner hunn den Traité och ratifizéiert. Et brauch awer mindestens 50 Natiounen déi den ICAN ratifizéiere fir datt dësen och verflichtend gëtt. Einfach ass et net an dee Wee bleift laang a beschwéierlech. An och bei eis am Land gëtt et zuweilen nach ganz vill Loft „no uewen“, wat dëse Sujet ubelaangt.

Gedenke

De Raymond Becker vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) huet a senger Interventioun drop higewisen, datt virun ee puer Deeg, d‘Amerikaner eng Rakéit vum Typ „Minute-Man“ zu „Testzwecker“ duerch Welt gejot haten. Et géif awer keen Zesummenhang mam 75. Gebuertsdag vum éischten Atomschlag géint d‘Zivilbevëlkerung. © Martine de Lagardère/moien.lu

1982 gouf de Verbond „Buergermeeschter fir de Fridden“ an d‘Liewe geruff. Stied a Gemengen aus 164 Länner hunn sech ugeschloss. Zu Lëtzebuerg sinn et aktuell 56 Gemengen déi sech ugeschloss hunn, also ronn d‘Hallschent vu de Gemengen a Stied am Land. Den Tom Jungen huet nach eppes Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, bei de Kolleege Buergermeeschter mee och an der Chamber.

Dofir huet hien dat beschten Argument, och wann et éischter en Zitat vum Willy Brandt ass: „De Fridden ass net Alles – mee Alles ass ouni Fridden Näischt!“. Streng geholl, sollt et kee Problem dierfe sinn, esouwuel d‘Buergermeeschter, wéi d‘Kolleegen an der Chamber ze iwwerzeegen, datt et duerchaus Sënnvoll ass, den ICAN-Traité méiglechst zäitno unzehuelen an ze ratifizéieren.

D‘Zukunft gestalten

Fir de Raymond Becker vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) steet fest, datt mir eis Zukunft mussen a Fro stellen. Ugesiichts den Erausfuerderungen déi eis mam Populismus, dem Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit operluecht ginn, sollt ee mengen, datt ee wéinstens op Massevernichtungswaffen, wéi eben Atombommen, sollt verzichten dierfen.

De Fridden ass – an de Bléck uechtert d‘Welt beweist eis dat all Dag – net selbstverständlech. Sech vun Zäit zu Zäit un d‘Katastroph déi d‘USA mam Asaz vun der Atombomm iwwer Japan ausgeléist hunn erënneren, ass wichteg mee et geet net duer. De Raymond Becker gëtt ze bedenken, datt bis 1950 iwwer 340.000 Mënschen un de Folge vu „Little Boy“ a „Fat Man“ elendeg gestuerwe sinn.

Gedenke

Den Ambassadeur vu Japan zu Lëtzebuerg, Jiro Okuyama, war frou sech un esou enger, fir déi zukünfteg Generatioune wichteg, Gedenkfeiere bedeelegen ze kënnen. Eng Zukunft mat Fridden ass nëmme méiglech, wann ee seng Zäitgeschicht kennt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Och den Ambassadeur Jiro Okuyama huet un dës mënschlech Tragedie erënnert, a war houfreg zur Gedenkfeier ageluede ginn ze sinn. Säi Land wier dat éischt gewiescht, datt vun dëser Waff getraff gouf, an et waren d‘Zivilisten déi hei déi ganz Laascht vum Leed ze droen haten. Nach haut géifen d‘Mënschen un de Folge Leiden, an et wier wichteg, sech allen Atomwaffen ze entleedegen.

Eng Welt ouni Atomwaffe misst vun alle Mënschen an hire politesche Vertrieder ugestrieft ginn. Ass et méiglech, kéint sech de Sproch „Déi Lieweg wäerten déi Doudeg beneiden“ zu gudder Lescht awer nach als wouer erginn, an dat ka jo net eng Zukunftsaussiicht sinn, déi mir de kommende Generatiounen zoumudde wëllen. Dofir muss een deene Jonken d‘Geschicht och erzielen…

Foto: (v.l.n.r.) Jiro Okuyama, Ambassadeur vu Japan; Raymond Becker, Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg; Tom Jungen, Deputé-Maire vu Réiser. Si hunn eng Gedenkplack, also villméi e Verspriechen enthüllt, déi hir Plaz um Fouss vun engem Ginko-Baam am Klouschtergaart erhalen huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Gemeng Réiser, Hiroshima, Jiro OKUYAMA, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Nagasaki, Raymond Becker, Tom Jungen
Next post Previous post