Search

You may also like

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert
Neiegkeeten WTF

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

D’Waasseranalysen vun de 6 offizielle Plage vum Stauséi an de

Lëtzebuerg an de Coronavirus: Besonne bleiwen!
Neiegkeeten WTF

Lëtzebuerg an de Coronavirus: Besonne bleiwen!

Et fänkt un Ustrengend ze ginn an den Onverstand vu

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken
Neiegkeeten WTF

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

De Finanzministère vu Frankräich huet elo just d’Ënnerschreiwe vun engem Ofkomme

surprise

Zur Covid19-Lag an eise Spideeler

No de Spideeler zu Wolz an Ettelbréck, mellt och de CHL an der Stad net méi nozekommen

Zur Covid19-Lag an eise Spideeler

Virun enger klenger Woch hu mir scho missen annoncéieren, datt den CHdN zu Ettelbréck an d‘Spidol zu Wolz un d‘Grenze vun hire Kapassitéite stoussen, an d‘Personal mëttlerweil esouwuel physesch wéi psychesch d‘Limitten iwwerschreit. Elo ass et dann um CHL op der Arelerstrooss, wou d‘Iwwerbelaaschtung riskéiert geféierlech Folgen ze hunn. Laang geet et esou net méi…

Laut der Direktioun, ginn zur Stonn (Stand vu gëschter Owend) 83 Covid19-Patienten am CHL behandelt. Dovunner sinn der 11 op der Intensivstatioun a musse kënschtlech beotemt ginn. Dir d‘Direktesch den Dr. Martine Goergen eng bedréckend Situatioun. Si gëtt ze bedenken, datt et ausser Covid19, och aner Pathologien huet, firwat nach emol 11 Patienten intensiv gefleegt ginn.

Hei dierf drop higewise ginn, datt den CHL „offiziell“ iwwer 18 Intensivbetter verfüügt, also elo scho largement iwwer Mooss belaascht ass. Datt d‘Zuele vun den Neiinfektioune „stabil“ bleiwen, wéi et säitens dem Gesondheetsministère heescht, also net signifikant erof ginn, léisst d‘Fro opkommen, wéi vill Handlungsspillraum den CHL nach huet. Laang kann dat net méi gutt goen.

A wéi scho gesot, et gëtt do och déi aner Pathologien. Villes kann, bezunn op d‘Operatioune vu Patienten, verluecht ginn. D‘CHL-Direktesch weist allerdéngs drop hin, datt scho bei der éischter Well vill „net dréngend“ Operatioune verluecht goufen. Vläicht sollt een net waarde bis dës ganz iwwerflësseg gi sinn, well d‘Mënschen an der tëscht verstuerwe sinn. Mee et gëtt Prioritéiten…

Och brauch der och déi d‘Aarbecht erleedegen

Wann et elo vill ze vill Covid19-Patienten huet, a streng geholl och all déi aner „Boboen“ musse behandelt ginn, freet sech natierlech, wien dat soll bewältegen. Ma dat sinn emol fir unzefänken d‘Fleegepersonal (Infirmieren an Dokteren) an déi ënnerstëtzend Ekippen (Aide-soignante mee och Schüler an d‘Stagiairen). Déi awer gëtt et, och datt ass gewosst, leider net wéi Sand um Mier.

Neier fannen, ouni dës enger anerer Struktur ze entzéien ass schwiereg bis onméiglech an esou gouf emol alles wat a Preretraite war nees agegliddert, wien Hallefdaags geschaaft huet, muss elo och déi 12 Stonne leeschten, esou wéi dat am Gesetz festgeluecht ginn ass. Wierklech gefrot gouf hei keen, d‘Nout huet hir eegen Imperativen. An awer geet et sech mam Personal erwisenermoossen net op.

An dësem Kontext muss op déi vun der CSV-Fraktiounspresidentin un d‘Gesondheetsministesch adresséiert „urgent“ parlamentaresch Fro (3273) higewise ginn. D‘Martine Hansen wollt do wëssen, wéi et allgemeng géif ausgesinn, nodeems Ettelbréck a Wolz all d‘Operatiounen ofgesot hunn. Et ass do awer de Passage:

„Wéi vill Personal aus de Spideeler ass am Moment selwer krank a wéi vill Ausfäll gëtt et dowéinst? Ass gewosst wou si sech infizéiert hunn, am Privaten oder op der Aarbecht?

deen eis Opmierksamkeet ugezunn huet. An hirer Äntwert vun haut 15. Dezember, huet d‘Paulette Lenert zimmlech ëmfangräich op déi säitens der CSV gestallte Froe reagéiert. Si confirméiert am Bild ze sinn, datt am Norden nëmmen nach Operatioune gemaach ginn, déi sech net verréckele loossen. Dat anscheinend primär, fir Personal fräizestellen, datt sech ëm Covid19-Patiente këmmert.

D‘Moossnam wier tëscht der Direktioun an dem medezinesche Rot vum CHdN ofgeschwat ginn. D‘Ministesch weist nach drop hin, datt sech d‘Spideeler an der Phas IV befannen, déi vun sech aus automatesch eng Deprogrammatioun vun den „Aktivitéite“ mat sech bréngt. Wat d‘Absence vu Personal betrëfft, esou waren op den 8. Dezember 586 Salariéen an Independanten aus dem Fleegesecteur net op der Schaff. Déi 586 feelen allerdéngs net alleguerte wéinst dem Covid19.

Am Spidolswiese gëtt aus diverse Grënn gefeelt: Krankheet, Quarantaine, Isolement, Dispense de travail op Grond vun enger Schwangerschaft, Congé pour raisons familiales, Dispenses de travail pour personnes vulnérables, esou d‘Erklärung vun der Gesondheetsministesch. E gudde Grond fir ee komplette Confinement wéi mir en am Fréijoer haten, ass dat den Ament awer nach net.

Illustratioun: „Méi wéi maache geet einfach net“ © Jodie Covington / unsplash

Related topics CHdN, CHL, Covid19, Gesondheetssystem, Intensivbetter, Intensivstatioun, Kapassitéiten, Klinik, Personal, Quarantaine, Spidol
Next post Previous post