Search

You may also like

Smartwiele fir d‘Europawahlen
Kultur Neiegkeeten

Smartwiele fir d‘Europawahlen

Nom Erfolleg vum Internetsite „Smartwielen“ bei de Chamberwahlen 2018, wou

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten
Kultur Neiegkeeten

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten

Nodeems d‘Police zu no der riseger Explosioun am Hafe vu

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille
Kultur Neiegkeeten

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille

Um Sonndeg huet d‘Amber Rudd, déi britesch Inneministesch, hir Demissioun

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?

No deem risegen Erfolleg 2018, organiséiert de Studentencercel vun Zürech och dëst Joer säin traditionelle Bal an der Luxexpo – The Box. Et ass datt dann och schonn déi 59. Editioun vun dësem wuel eelste Studentebal zu Lëtzebuerg.

Mat iwwer 4.000 Gäscht d‘lescht Joer, war den Zürecher Bal alt nees ee vun de Momenter déi een net sollt verpasst hunn. An et ass jo och net nëmmen e Bal am klassesche Sënn. Hei geet et och ëm de sougenannten Networking. Et gesäit a begéint ee sech hei och zum Austausch an natierlech fir ausgibeg ze feieren. Fir dat alles ënnert een Hutt ze kréien, hu sech d‘Organisateuren zolidd beméit.

Esou gëtt et amenagéiert „Baren“ a kleng Nische fir e Maufel zou sech ze huelen, déi et de Gäscht sollen erlaben och e Wuert matenaner ze schwätzen. Op der Danzpist kann een dat vergiessen, do suergen d‘Noisemakers, den DJ pero Diamond a Flex Diamond fir Lautstäerkt.

De Bal fënnt statt de 25. Dezember um 21 Auer, den Entrée kascht fir Studenten 20 Euro, fir all déi aner heescht et 25 Euro an d‘Kees leeën. An uecht gedoen, Tutebattien oder soss streidereg Geselle sinn net invitéiert. Zudeem muss een dem Evenement ugepasst „Chic“ ugedoe sinn, firwat sech d‘Organisatioun virbehält all déi zréckzeweisen, déi d‘Kleederuerdnung net respektéieren.

Et ass een dann och häerzlech ermontert den ëffentlechen Transport ze notzen. Et wäert nees ee „fiichten“ Owend ginn an d‘Organisateure wëllen natierlech datt jiddereen nees gesond doheem ukënnt. Dofir gëtt et och dëst Joer nees „Navetten“ déi d‘Gäscht nom Bal heem bréngen.

Foto: Pixabay

Related topics LSZ, Luxexpo The Box, Studenten, Zürecher Bal
Next post Previous post