Search

You may also like

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
International Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

Editorial: Keng Panik!
International Neiegkeeten

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

Wou ass d‘Maria Kolesnikowa?
International Neiegkeeten

Wou ass d‘Maria Kolesnikowa?

Laut enger Informatioun vum Team vun der Oppositiounsleaderin, soll d‘Maria

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen

Hollännesch Regierung entschëllegt sech fir Zwangssterilisatiounen

Déi hollännesch Regierung huet sech e Méindeg, den 20. November fir déi jorelaang Zwangssterilisatioune vun transsexuelle Mënschen entschëllegt. Grond fir dës gezwongen Agrëffer war dat 1985 agefouert Gesetz fir Transsexueller, dat dës Mënschen nëmmen unerkannt huet, wa si sech enger Operatioun ënnerzunn hunn. Eréischt 2014 gouf dës Reegelung ofgeschaaft.

D’ Ingrid van Engelshoven, lénksliberal Wëssenschaftsministesch, huet an dësem Kader erkläert, datt déi Betraffe staark ënnert dem Gesetz gelidden hunn. „Dofir wëll d’Regierung dëst Leed unerkennen, sech entschëllegen an eng finanziell Kompensatioun op de Wee bréngen.”

Aktuell schafft d’Regierung un engem Gesetzesentworf, fir all den transsexuelle Persounen, déi sech tëscht 1985 an 2014 enger Zwangs-Operatioun ënnerzunn hunn, Entschiedegungsgeld an der Héicht vu 5.000 Euro ze bezuelen. Den Entworf soll bis de Summer 2021 verëffentlecht ginn.

Als weltwäit éischt Land hat Schweden 2018 d’Kompensatioun vun Affere vun Zwangs-Operatioune beschloss. Betraffe Persounen erhalen do eng Entschiedegung vun 225.000 Krounen. Ëmgerechent sinn dat ronn 22.000 Euro.

ZwangssterilisatiounTessa Ganserer / Twitter

Däitschland huet d’Zwangssterilisatioun 2011 ofgeschaaft

Vill Länner hunn d’ Agrëffer zur gezwongenger Sterilisatioun ofgeschaaft. An Europa gëllen se, no enger Entscheedung vum europäesche Geriichtshaff, mëttlerweil offiziell als Verstouss géint d’Mënscherechter. An Däitschland ass d’Praxis 2011 als verfassungswiddreg erkläert ginn. Ob eng Entschiedegung waarden d’Affer allerdéngs nach haut.

Déi bayresch Deputéiert Tessa Ganserer, iwwregens och déi éischt transsexuell Deputéiert vun engem Landesparlament, fuerdert wéinst den Nouvellen aus Den Haag eng entspriechend Reegelung an Däitschland.

Kommentar: Datt déi däitsch Regierung sech wéinstens entschëllegt ass hoffentlech ze erwaarden. Et geet drëm Onrecht unerkennen a Betraffener ze entschiedegen.

Related topics Entschëllegung, finanziell Entschiedegung, Hollänesch Regierung, Operatioun, Tessa Ganserer, Transsexualitéit, Unerkennung, Zwangssterilisatioun
Next post Previous post