Search

You may also like

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner
International Neiegkeeten

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an

Dat afghanescht Karussell dréit sech séier
International Neiegkeeten

Dat afghanescht Karussell dréit sech séier

Am Kontext vum „zeréck zu de Wuerzelen“ hunn d‘Taliban sech

Zwee Krichsfalken an dat ronnt Lieder

De Sultan war gëschter zu Baku, wou déi tierkesch Nationalekipp géint Wales 0:2 verluer huet

Zwee Krichsfalken an dat ronnt Lieder

Op sech de Recep Tayyip Erdogan fir Fussball interesséiert? Eng streng Rhetoresch Fro, well datt sech den tierkesche President an déi aserbaidschanesch Haaptstad sollt wéinst der EM deplacéiert hunn, ass aus alle Perspektive beschtefalls ee Virwand. Nee de Sultan war bei sengem Copain, dem Ilham Alijew, fir sech Krichsdividenden ofzehuelen.

Den aserbaidschaneschen Diktator hat nom „gewonnene“ Krich géint Armenien (Bergkarabach) erkläert datt seng tierkesch Bridder (an NATO-Alliéiert) fir hiren Asaz a Méie géife belount ginn. Déi tierkesch Militärberoder, dubiéis Söldner an d‘Kampfdronen, waren och erwisenermoosse ganz effizient. Aserbaidschan, ee Land mat grousse fossille Brennstoffreserven, ka sech dat leeschten…

Zwee Bridder

Elo ass et un der Zäit de Partner fir säin Asaz ze belounen. An den eruewerte Gebidder gëtt jo och vun Allem gebraucht: Infrastrukturen, Stroumnetzer, mä och Schoulen a Spideeler… fir tierkesch Entrepreneuren ee Seegen, well dank den neie familiäre Verhältnisser ginn dës grousszügeg bei der Rekonstruktioun abezunn. Woubäi dës selwer op ee bridderlecht Verhältnis mam Sultan blécken.

Mir erënneren drun, datt de Recep Tayyip Erdogan net nëmme mat schéine Parollen zum Leader vum neien osmanesche Räich gewielt gouf. Villes war dem Bauboom geschëlt, dee mat bëllege Kreditter aus dem Ausland finanzéiert gouf. Geld un dat gewësse Leit mat Bezéiunge komm sinn, déi mat Staatsopträg zougeschass goufen. An déi woussten dëst Geld gutt ze investéieren.

Zwee Bridder© T.C. Cumhurbaşkanlığı

Dës Entrepreneuren hunn am Géigenzuch eppes Klenggeld an d‘Keese vum Erdogan senger AKP geluecht, hu Mediekonzerner iwwerholl an de Sultan an de schéinsten Téin gelueft. An déi sollen elo och Staatsopträg vum Ilham Alijew zougeschoustert kréien. An awer ass de Recep Tayyip Erdogan offiziell wéinst der Fussball-EM op Baku geflunn. Et muss jo d‘Form gewoort bleiwen.

Postmodernen Autoritarismus

Wann sech elo de Sultan an den Diktator schénge gutt ze verdroen, esou war deem net ëmmer esou. Dat postsowjetescht Land huet wäitaus méi weltlech Traditiounen, wärend d‘Tierkei sech um Wee vun der reliéiser Réckbesënnung befënnt. Anersäits stinn sech béid Vëlker kulturell immens no: Si hu bal déiselwecht Sprooch. An och d‘Krichsfalken, stinn „Autoritär“ um selwechte Sockel.

Natierlech geet et och ëm Geld an de Rapprochement hat laang virum Iwwerfall op Bergkarabach ugefaangen. Elo mat den zréckeruewerte Gebidder, kann och déi perséinlech Gier befriddegt ginn. Fir de Bau vun engem Fluchhafen huet et schonn en Ofkommes, an dat dierft net den eenzege Groussopdrag sinn deen an der Leitung hänkt. Nieft dem Geld huet et och nach strategesch Grënn.

Zwee Bridder„Mir sti voll a ganz hannert dem Aserbaidschan, dat sollt déi ganz Welt wëssen“, esou de Recep Tayyip Erdogan an deem wat een zu Baku versicht als Parlament ze verklären. © T.C. Cumhurbaşkanlığı

Dem Sultan säi fiichten Dram vum groussen osmanesche Räich 2.0, englobéiert jo net nëmmen de Mëttelmierraum (Libyen, Zypern) mee betrëfft all d‘Ethnien déi zu den Turkvëlker ze ziele sinn. An esou wëll och d‘Tierkei – wéi d‘EU mat senger Osterweiderung – säi Liewensraum erweideren. Vu Kasachstan bis Usbekistan huet et eng Rei Natiounen, déi sech d‘Tierkei gären averleiwe wéilt.

Bis et awer dozou kënnt, huet de Recep Tayyip Erdogan nach ee puer innepolitesch Problemer ze léisen. Déi vum Sultan erbäigefouert Wirtschaftskris dréckt an der Tierkei op d‘Gemidder, an déi fréier esou oft zitéiert Wäitsiicht, wéi dat laangfristegt plangen, sinn dem tierkesche President wuel verluer gaangen. Fir den Ament awer ass et Zäit sech iwwer nei kommerziell Erfolleger ze freeën.

mat indymedia/gva/bak

Foto: © T.C. Cumhurbaşkanlığı

Related topics Aserbaidschan, Bergkarabach, Fussball-EM, Ilham Alijew, Krichsdividenden, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post